Anzeigen fir den Impreza GT Turbo

Discusions about inside parts of the car (public)
Discussions à propos des pièces d'intérieur de la voiture (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Anzeigen fir den Impreza GT Turbo

Post by LucR-92 » 27/09/2010 20:49:40

Scheinen gudden Nowend dir leiw Leit vum Impreza-Club,

Also ech hun bis elo guer naicht un mengem Impreza geännert well ech momentan alles hun waat ech brauch.
Et gett awer eppes waat ech onbedengt an den Auto bauen well, an zwar Anzeigen (Turbo,Ladedruck,Uelegtemperatur, asw...).
Universal kritt een jo zum Beispill beim AutoDesign sou Anzeigehalter ze kaafen, mais ech well awer eischter eppes waat direkt drann passt, an wou ech net nach vill am Auto bastelen muss. Den Yves haat mer schons gesoot daat mer daat keinten hei am Forum beschwätzen.
Also ech braicht dann amfong just den Anzeigehalter, deen an d'Plaatz vun der Ooflaag uewen, iwwert der Mettelconsole kennt.
Wann daat elo sollen extra Moosen sin, fir d'Anzeigen drann ze maachen, braicht ech natierlech och 3 Anzeigen.
Keint een mir daat organiseiren? Oder mer weinstens Internetsaiten gin, wou ech mer eng Halterung kann aussichen, an deen Moment kann et iwwert den Club bestallt gin oder sou?

Ech wier iech alleguerten wierklech dankbar an hoffen daat et klappt :)

Bis dann,
Luc

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 27/09/2010 21:25:36

also folgendes:
ech hun des leisung hei an mengem auto
http://www.blitz-uk.co.uk/ProductItem-2860.aspx
kascht vlait bessen mei ass awer mei diskret an et weist dir alles un... ansonten eben des meiglechkeet
http://aerys.de/aerys-produkte.php?id=i ... ieur&uid=1

et gin do awer nach anner saachen...eben och eng affaire de gouts...

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 27/09/2010 22:35:44

Jo bon also mir gefällt eeben deng 2 Meiglechkeet vill vill besser.
Den Probleem as daat Aerys keng Halterung fir main Modell huet, dofier hun ech mol iwwerall nogekuckt an hun eng bei Scoobyparts.com fonnt dei mech schon geiw interesseieren, mais do kritt een 2 Versiounen:
- 52mm Anzeigen
- 60mm Anzeigen

Waat ech eeben flott fannen, sin dei Anzeigen dei een an verschiddenen Faarwen kritt, hun daat emol beim AutoDesign gesinn, mais wees net watfireng Greissten daat sin.

Ech posten ganz einfach mol den Link vun der Halterung, dann kennt dir mer jo eventuell Tipps an Internetsaiten gin, wou ech mer Anzeigen kann eraus wielen.
Hei den Link: http://www.scoobyparts.com/acatalog/BLA ... _52mm.html

Merci awer schon fir d'Helef :)

Bis dann,
Luc

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 30/11/2010 18:36:51

Moien alleguerten,

Vu que daat ech jo sou Anzeigen an main Scooby well, haat ech amfong eng zimmlech gudd Idee, waat zuguer eenzegarteg wier ;)
Ech hun jo dei Ooflaag an der Mett uewen vum Tableau de Bord. An ech wollt eventuell dann just den Deckel eraus huelen, an d'Ooflaag een Teppech oder sou eppes ähnleches machen an dann 3 eenzel Instrumenter mat allkeiers 3 halteren dei just ennen fest geschrauwt gin befestegen.

Waat haalt dir dovunner?

Bis dann,
Luc

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 30/11/2010 22:13:21

bessi schweier ze verstoen keng foto?????

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 01/12/2010 18:59:00

Oh merde, vu que daat's de mech lo gefroot hues fir eng Foto hun ech och nach op youtube een Scooby gesinn wou genau daat huet wou ech amfong wollt machen, mais egal, kuckt iech et eng keier un ;)

http://img715.imageshack.us/img715/9640/dsc00510c.jpg

Fannen et lo net souuuu schlecht, mais ech geiw et bessen mei schein machen wei daat dooten ;) Oder eventuell awer irgendwei eng richteg Halterung ... well daat wou deen do op sengem GT huet, as net schein an net propper gemach menger meenung no ...

Bis dann,
Luc

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 01/12/2010 23:21:54

hm affaire de gout...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/12/2010 11:08:47

Mir gefällt ët perseinlech nët sou super, well ech fannen, daß ët irgendewei "nët ferdeg" ausgeseit, wei wann nach eppes geif fehlen... z.B. en Rand wou den Deckel war.

Awer wei den Ben schon richteg seet, ass alles eng Geschmackssaach, an do gët ët just eng Regel, ët soll dier gefaalen, nët deenen aaneren ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 02/12/2010 19:34:42

Bon also ech hun elo mol gekuckt, fir den Deckel eroof ze huelen an jo daat as schon rem sou eng Saach wou een färten muss, daat den Plastik dono brecht, mais hun mer et bessen fiergestallt an jo naja ... as awer net sou daat wou ech geduet hun, mais war keng schlecht Idee :P

Hun par contre awer op ebay.uk Motors en Instrumentenhalter gesinn deen ech mat Versand keint fir 53€ kreien. As natierlech aus England an passt genau op dei Plaatz vun der Ooflaach an as mat 3 52mm Instrumenter geduet. D'Instrumenter sin natierlech net dobei, mais daat as jo keen Probleem fir dei ze kreien (wei z.B. AutoDesign oder sou). Mais wann ech eng Uelegdrockanzeig drann machen well, muss ech jo Vidange machen loosen nee? Haat daat beim AutoDesign schon nogefroot an den Tom soot mer daat emol ... gleewen himm daat och.

Waat geift dir mer iwwerhaapt fierschloen vun Instrumenter?

Haat un dei heiten 3 geduet:
- Boost (Turbo-Bar Anzeige)
- Uelegdrockanzeig
- Dei 3. sin ech mer nach net sou secher ... waat geift dir mer fierschloen? Volt-Meter? Exterior Temperatur? Uelegtemperatur?

Soen iech schon mol merci

Bis dann,
Luc

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 02/12/2010 22:15:33

du muss dei anzeigen dran maan deis du wels!

ech geng turbodrock,uelegtemp.,an uelegdrock....

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 04/12/2010 13:47:38

Ok perfekt merci :)

Bis dann,
Luc

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 22/12/2010 11:44:23

Salut,

Jo ech wees ech stressen sou lues mais hun rem eng Fro :P

Wei as et mat den Anzeigen dei een dann op d'A-Seil mecht?? Sin dei erlaabt? Wann een der hellt dei net zevill no bannen gin an d'Siicht net versperren misst daat jo keen Probleem sin oder?

Merci, bis dann

Luc

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 22/12/2010 20:44:14

net erlaabt...

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 22/12/2010 20:46:11

Hmm ... schaiss ...
Well gesinn nawell vill Autoen dei soueppes hun ^^
Nuje dann net :P

Merci Ben

Post Reply