Toyota Corolla E11

You have something to sell ? Post it here (public)
Vous avez quelque chose à vendre ? Publiez-le ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Toyota Corolla E11

Post by LucR-92 » 05/10/2010 17:56:03

Moien dir leif Leit,

Also ech wollt emol hei am Forum kucken, op ech main Corolla geiw lass gin fir den Prais wou ech mer amfong fierstellen.
Fir d'eischt emol Beschreiwung vum Auto:
Image

Uploaded with ImageShack.us

- Toyota Corolla E11
- 1,6 Liter 16V mat 110PS
- 5-Gang Getriebe
- +/- 127.000 KM eroof
- CT o.k. bis 2011 (haat 1 klengt Lächelchen kritt well en Gummi nemmen "porös" war - Sandweiler eeben ...)
- As an engem gudden allgemengen Zoustand (huet eng kleng Schreips/Teitsch an der Beifahrersait dei een awer fir 100-200€ raus maan kann

Waat ech drunn gehaangen hun:

- O.Z. Racing Felgen - Modell Ultraleggera am 17" mat Michelin Pilot Pneuen 205/40/R17 (Beim AutoDesign machen geloos, Felgen sin natierlech mat TüV) hun ongefeier 3000-4000 KM eroof
- H&R Fierderen -30mm an Bilstein Amortiseueren (och mat TüV) Fiederen ongefeier 3000-4000 KM eroof (sin mat den Felgen monteiert gin) an d'Amortiseuren hun ongefeier 2000KM eroof (beim Fischer zu Dippech monteiert gin)
- Nei Kupplung as drop, huet och ongefeier 2000KM eroof (och beim Fischer monteiert gin) mais dei misst nach eng keier nogekuckt gin, well se bessen Macken mecht ( hun d'Rechnung dobei, as nach Garantie drop )
- LED Tagfahrleuchten fier drop gebaut, dei um indirekten Stroum vum Radio mat ungeschloss sin, sou dass se och emmer liichten soubaal den Schlessel drop as
- Universalen Auspuff (och beim AutoDesign monteiert gin) - natierlech ouni TüV!!

Alles waat mat TüV as, muss awer nach angedroen gin, wann een awer bessen spueren well dobei, kann een Felgen jo emmer fir Sandweiler eroof huelen, mais meng Meenung as "eng Keier TüV, emmer TüV".

Natierlech gin ech nach dei original Felgen mat dobei (185/65/R14) mat nach einigermoßen gudden Summerpneuen, den originalen Auspuff as och nach dobei an dei original Fiederen natierlech och. Dei original Amortiseueren leider net, well dei wierklech komplett um Enn waren, dei konnt een ewesch geheien.

Hei mol eng Lescht vun den Praisser ongefeier:
- Den Auto huet mech 2500€ kascht
- Felgen + Pneuen + Fiederen hun mech 2000€ kascht
- Kupplung an Amortiseuren hun mech ongefeier 1400€ kascht
- Auspuff huet mech 130€ kascht (as jo keng Welt ;) )
- LED Tagfahrleuchten waren och nemmen 100€ ;)

Dann wieren mer ongefeier op engem Prais vun +/- 6000€, an den Auto leeft wierklech wei eng Auer.

Den Prais deen ech mer fiergestallt hun war eigentlech 5000€ à discuter - 4500€ as wierklech den MINIMUM!!
Dofier, wann der een kennt oder flait selwer interesseiert sidd, dann mellt iech w.e.g.

Bis dann, LucImage

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 10/01/2011 13:42:40

Salut dir leif Leit,

UPDATE:

Ech geiw emol soen daat mer op 4000€ mamm Prais gin, mais daat as net verhandelbar!
Och wann der selwer net drunn interesseiert sidd, geiw ech iech bieden ronderem ze kucken op net een en weilt.
As wierklech wichteg, en muss onbedengt fort, hun leider keng Plaatz fir en ze haalen, soss geiw en guer net verkaaf gin.

Geiwt der mer lo natierlech irgendwou eng Scheier oder eng grouss Garage, wou een un Autoen schaffen kann an sech eppes klenges opriichten kann opdreiwen, dann geiw en natierlech an mengem Besetz bleiwen an geiw opgeriicht gin, well as schließlech en richteg gudden Auto an et deet mer wierklech Leed en mussen ewech ze ginn nemmen weinst der Plaatz :(

Bon ech hoffen dir kennt mer irgendwei helefen, merci!!

Luc

Post Reply