Legalen Catback fir den GT

Discussions about exhaust systems (public)
Discussions à propos des systèmes d'échappements (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Legalen Catback fir den GT

Post by LucR-92 » 17/05/2011 23:05:52

Nowend dir leif Leit,

Wei di Meescht jo wessen, sin ech firun engem Mount ongefeier ugehaalen gin (normal Pabeier's Kontroll) an si hun leider dunn och bemierkt dass ech en Auspuff drop haat ouni Pabeieren.
Folgen waren Rapport op Sandweiler an eeben 74€ Protokoll.
Bon mais ech mengen d'Welt geet net ener ... oder?! ... am Moment wees ech wierklech net mei weider.
Eigentlech keint ech jo dei eng Sait frou sin dass ech nach mamm Auto dierf weider fueren, aanersaits as glaich Impreza Road Tour an ech stinn nach emmer mat engem komplett originalen Auspuff do, waat mech gehierlos nervt, vu que dass een den Boxer Klang einfach net mei heiert :(

Dofier wollt ech iech elo froen, watfireen Catback ech drop machen kann deen LEGAL as, an wou ech deen och keint kreien.
Ech hat schon beim AutoDesign nogefroot, do kascht een Invidia G200 zum Beispill 1000€ ongefeier.

Daat muss elo net onbedengt fir d'Roadtour sin, ech well dann leiwer eppes anstänneges um Auto waat mer och weiderhinn nie mei Probleemer mecht, wei wann ech elo een 100€ Auspuff dropklaaken an herno kann ech den Auto stoen loosen, well d'Koleegen mat den Kaapen rem eppes gemierkt hun waat se eigentlech net sollen ;)

Bon ech mengen mir verstinn eis ... fannen et schued, et dierf een jo wierklech guer naicht mei haut dess Daags op sain Auto bastelen.

Ech hoffen dir kennt mer weider helefen.
Bis dann,
Luc

PS: Daten vun mengem Auto ==> Impreza GT MY99 (EJ205 / 160KW) ;)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Re: Legalen Catback fir den GT

Post by BenD-86 » 18/05/2011 16:25:27

Luc1992 wrote:
wei wann ech elo een 100€ Auspuff dropklaaken an herno kann ech den Auto stoen loosen, well d'Koleegen mat den Kaapen rem eppes gemierkt hun waat se eigentlech net sollen ;)
Luc sorry mee dat ass dat wats du gema hues an ech haat der et gesoot!!!!!!!!!erenner dech mol....

also fir eppes ze fannen wat legal ass an vill kameidi mecht ass schweier!

wei gesot wanns du gaer eppes anstennges haes muss du eben mei deif an täsch greifen!

kuck emol hei dat ass deen den den nico och op sengem huet an den mike op sengem aalen...ass just enddeppen klengt gudd!an ass net ze deier awer ouni tüv!

http://www.scoobyworld.co.uk/catalog/pr ... ts_id=1275

soss vlait suppersprint oder sebring dei sin vlait eng gretz mei belleg...

oder den blitz nur-spec s an dann silencer kaafen an eenzelofnahm op den tüv

oder eben den invidia an dann eenzelofnahm um tüv

Jemp1964

Post by Jemp1964 » 19/05/2011 2:58:05

luc mengen et hun daer leit gesoot waat du kannst drop maachen,an waat gudd klengt,
mee bon et muss een sech desideieren kennen!
an waat och net se vill kaast! an waat och legal as! maat papeieren!

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 20/05/2011 22:45:52

Jo gudd mais beim Sebring muss de och op d'eenzeloofnahm Jemp ... steet jo net GT drop, as eeben fir WRX/WRX STI ... souwait's du mir daat mol erklärt hues ;)

@ Ben: Jo ech wees, sin mer jo och bewosst dass ech en Fehler gemach hun. Mais sou oder sou haetten se mech domadder kritt.
End Invidia as wierklech supper an daat klengt och richteg gudd. Mais verstinn lo net sou richteg wisou een do op d'Eenzeloofnahm muss goen. Do as dach een E-Zeechen drop oder? ...
Ech beschweieren mech jo net, wei seet een: mia culpa, mia maxima culpa ;) (meine Schuld, meine eigene Schuld)

PS: Hun nach een Supersprint Enddeppen heiheem leien waat mat TüV as. Mais klengt daat eenzel gudd drop ouni eppes aaneschtes ze aenneren?

Bis dann,
Luc

Jemp1964

Post by Jemp1964 » 21/05/2011 2:09:57

Nee Luc du muss keng extra papeieren fir den GT unfroen. den marc an ech hun deen selwechten Auspuff drop an maer hun allen zwee genau dei selwecht papeieren.....et steet weder um auspuff nach op den papeieren weieen model vun auto et ass.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 21/05/2011 20:34:39

mach einfach mol deen drop deen du hues!!!!!!!!!!! dat ass nach emmer besser wei original! an an der zeit kanns du spueren an iwwerleen wats de wels maan!

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 26/05/2011 14:09:56

Jo bah ech hun schon epuer Suen zesummen, dofier warden ech dann leiwer bis ech en komplett wiesselen kann an faerdesch ;) Gedolt muss een am Liewen hun :)

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 30/05/2011 21:12:46

Salut nach eng Keier,

Ech hun eppes op Ebay fonnt, waat zimmlech interessant klengt an hieren Standort as nemmen 124km oder sou ewech vun Rouspert.
Daat ganz as eng 3" Edelstahl Abgasanlage mat Uppipe an Downpipe, an wann een nodreiglech nach den Sportskat anbauen leisst dann kritt een et zuguer iwwert den TüV direckt bei hinnen!

Dat ganzt kennt der hei nach eng keier noliesen: http://cgi.ebay.de/Edelstahl-Auspuff-VA ... 334c5f548b

Ech kaafen et natierlech net elo einfach op ebay, wann dann fueren ech einfach mol dohinner an iwwerzeegen mech selwer.

Bis dann,
Luc

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 31/05/2011 9:57:24

wanns du dat verbaus muss du och Ecutek maan loosen.... also rechen mol wann dei anlag 650 € plus ECU 1250 € derbei...
klengt op alle fall net schlecht mee fro mol no wei dat mat deem kat ass deens du do muss nobauen oder kaafen!an wat dann tüven nach eemol kascht...

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 31/05/2011 13:24:50

Jo wollt ech souwisou nofroen.
Mais waat ech net verstinn as daat ech jo och dei aaner Auspuffanlage ab Turbo drop haat an ech gleewen kaum daat main weinstens ugepasst as op eng aaner Auspuffanlage.
Mais ech kucken emol fir deenen eng E-Mail ze schecken waat alles komplett geing kaschten an dann mellen ech mech nach eng Keier hei am Forum, flait as et jo och fir een aaneren hei interessant ;)

Bis dann,
Luc

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 12/06/2012 16:43:42

Salut nach eng Keier!

Also ech haett mol rem eng kleng Fro waat Auspuffanlage um GT betrefft.

An zwar hun ech d'Invidia G200 Catback rem gesinn mat E-Zeeschen mais eeben fir WRX/ Sti ab 2000.

Elo meng Fro! Wei sin d'Halterungen? Muss vill geaennert gin?
Eigentlech misst ech daat jo duerch d'Eenzeloofnahm kreien.

Hei mol den Link: http://www.4-tuner.de/Subaru-Tuning-WRX ... 141a6e3f7e

Merci bis dann! :)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 12/06/2012 17:35:37

den flansch wou d mettelsdeppen un downpipe ugeschrauwt get huet een anner flansch...

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 12/06/2012 18:11:55

Asou schaiss ... Merci awer Ben! ;) wees dei Saachen nach net sou, dofier froen ech mol no :)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 12/06/2012 22:16:55

Du kanns de flansch awer emschweessen...

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 22/06/2012 14:16:24

Daat klengt jo awer dann besser wei ech geduet hun ;)

Post Reply