RE-Bonjour Dir Léif Subaru-frënn!!
Dass ech rem eemol an desem Forum aktiv géing gin... huch wien hätt daat geduecht!
Mee jo!
Kann (gott sei dank) rem een (alt erem! lol fir t'drëtt..) Impreza WRX Kombi main eegen nennen an rem op dei schéin Zait (noom motto: einmal subaru, immer subaru!) déi ech schon deemols (em 2013) hei mat Iech haat zréckgréifen. (an mein konto vun deemols och! cool

)
Leider haat ech och deemols kuerz Zait drop missen main Impreza zéien loossen. Deen haat et awer leider net alt ze laang iwerlieft mam neien proprietär... no 2 wochen war een komplettschrott... bref
Zum neien aalen:
Komplett Originalen "Impreza WRX kombi 2004 - Java Black Pearl" (mega faarw... haat dei net kannt)
Ufank des joers 2023 haat ech awer endlech rem d'méiglechkeet mir een ze kaafen an d'sich war net einfach (an d'fra iwerzeegen och net loool)... Een ze fannen wou nach net vill (oder am beschten naischt) drun gemaach war, war ganz schweier...
Hun dann (mat ganz vill chance) awer een fonnt an Holland bei Eindhoven bei engem Familljen Subaru's Garage deen vun engem äleren Här war an an reprise do oofgin haat weil den Här keen Schaltbetriewenen Auto mei konnt hun (weinst accident um aarm). Komplett original, emmer an där Garage revisiounen gemaach, emmer à jour... perfekt. Prais iwerraschenderweis och.
Interieur iwerraschend gut, leider karrosserie net esou. Mee daat léisst sech änneren an ass den moment och an da maach...
Sou daat war et lo fir den klengen re-intro. Ah an hun main kommentar vun deemols gelies... jo, dei 29 sin schon länger hier

mat 40 rem op Subaru ze klammen ass dach ideal
Bis geschwenn
Bescht Greiss
Nuno