Rebonjour

We welcome all our new registered users, introduce yourself in here (public) / Nous souhaitons le bienvenue à tous nos utilisateurs enregistrés, présentez-vous ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
MischB-85
Club-Member
Posts: 29
Joined: 24/08/2012 20:37:04
Location: Stegen

Rebonjour

Post by MischB-85 » 21/07/2022 2:38:02

Hey,

Kuerzen Reminder vun mir: Sin den Misch, kommen vun Stegen an sin 36 Joer jonk.

ech haad mech 2012 schon hei am Forum ungemellt, an haad un sech och deemols welles dem Club als Member baizetrieden. Leider haat ech net vill Spass mat deem Auto wou ech beim Allrad Deawel kaaft hun. Nierft zreckgedreihten Kilometer, futtis Amortisseuren, verstoppten Nachlackierungen an nach e puer (hefteg!) Saachen, haad ech den Auto dun no kuerzen 6 Meint mat vill entäuschung an verloscht verkaaft.

Mee d Fazinatioun Subaru huet mech nie richteg lass geloss, an haad emmer welles mir erem een ze kaafen wann et deen richtegen as.
D lescht Joer war et dun esouweit. Et as een weissen 2005er Blobeye mat knapps 100000 km gin. Et war Liebe auf den ersten Blick. Wou ech d Fotoen op Ebay gesin hun, war ech schon praktesch decideiert dass ech en kaafen geng.

Ursprünglech aus Eisteraich, vun blo op waiss emlackeiert, seriö Ännerungen um Moto (Turbo, LLK, Ueleg, Loftunsaugung, fir der e puer ze nennen) as en herno op +440 PS ofgestemmt gin. Ausserdem huet en een Turbotimer, zusätzlech Anzeigen fir Drock, Ueleg an Temperatur an war wuel nach een Ethanolsystem verbaut. Huelen un dass gudd mat deem Auto geraibert gin as. :D

Fir meng Bedürfnisser war den Auto awer "ze schaarf" angestallt. Ech cruisen leiwer an geneissen den Auto. Doweinst haad ech RDV beim Patrick Gengler. Hien huet mir den Auto nei ofgestemmt (ech soot den Moto soll nach weinstens 100'000km haalen) op 360 PS, 500 Nm. Hien huet och gemengt dass den Moto nach super leeft an 100'000 km ouni Probleemer packen sollt. (wann ech dei nach iwerhaapt fueren domadden).

Wei den Zoufall well war ech een Auto vum Tom Wagner kucken, an sou sin mir op d Gespreich vum Club komm.

Elo schecken ech meng Demande eran, an dann hoffen ech dass ech iech beim nächsten Treffen mol kennenleieren :)

cheers

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Re: Rebonjour

Post by YvesB-80 » 22/07/2022 21:22:15

Salut Michel!

Wosst ech dach dass den Numm mir iergendwei bekannt virkéim wei ech de Membersformulaire de Moien vum Jemp weidergeleed kruut! ;-) (Wars du demols bei enger Roadtour dobäi? Op allefall musse mir schon emol mateneen geschwaat oder geschriwwen hun, well un Stegen kann ech mech och nach erenneren) :mrgreen:

Schued, dass du demools souvill Misère mat dengem Subi haas! Mee em sou mei flott, dass du nach all där Zäit lo awer nach de Wee bei eis fonnt hues! Op allefall drecken ech / mir d'Daumen, dass deng nei Machine mei standfest as!

Mir fréen eis natierlech och fir dech an däi Subi demnächst emol bei engem vun eisen Treffen begréissen ze dierfen! :)

User avatar
MischB-85
Club-Member
Posts: 29
Joined: 24/08/2012 20:37:04
Location: Stegen

Re: Rebonjour

Post by MischB-85 » 23/07/2022 0:52:39

Heyho :D

Jo daat as gudd meiglech dass de mein Numm schon entzwouch gesin hues :)
Op enger Trip war ech awer net dobai, an hun deemols och nach net zu Stegen gewunnt, mee nach zu Naerden.
Mee grad gesin dass du am Duerf nierfendrun wunns :D

Ah ma daat freet mech dass meng Demande den Wee bei deen richtegen fonnt huet. Wei geet daat dann elo weider?
Kreien ech do na eng Mail? :mrgreen:

Op allefall merci fir deng frendlesch Begreissung

CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Re: Rebonjour

Post by CedricZ-89 » 29/07/2022 10:35:34

Wellkomm am Club.

Ech hoffen du hues mechs lo dann eng besser Erfahrung mam Auto an kanns d‘Faszinatioun Subaru lo richteg ausliewen. Den Auto klengt jo mol villverspriechend.

Mir gesinn eis bestemmt dann mol op enger Sortie ;)
Impreza WRX MY 03 (Project starting in 2022) & Impreza GT (maybe in 2022?) & Impreza GT „25 Stars“ MY 99 (sold)

Post Reply