Schéine gudde Moien !

We welcome all our new registered users, introduce yourself in here (public) / Nous souhaitons le bienvenue à tous nos utilisateurs enregistrés, présentez-vous ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Schéine gudde Moien !

Post by ChristianS-80 » 15/07/2009 1:02:46

Hallo alleguerten !

Ech sin de Chris (am Autoberäich och jayjay genannt well méng Autosplaque mat JJ ufänkt) fun Grosbous, hun 29 Joer, sin bestued an hun eng kleng Duechter fun mettlerweil baal 3 Joer !
Ech sin säit dem 4te Juli stolze Besetzer fun engem wäissen STI, Baujoer 12/02 ! Fotoen kommen no !

Ech hun de Wee heihinner fonnt duerch de Mike deen dir och all kennt (den S.T.I) ! Heen an de Sven hu mech eigentlech scho baal gezwongen e Subaru ze kaafen ! :-) Nee joke. Sin emer BMW gefuer an wollt mol e klengen Tapéitewiessel !

Jo, daat wär et mol gewiecht fun ménger Säit aus. Wann een Froen huet dann roueg stellen.

De Mike kann jo och fläicht e klenge Statement zu méngem Subi gin !

Maja, bis dann

Ciao

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 16/07/2009 9:28:40

Salut JayJay,

ech begréissen dech dann ganz häerzlech hei an eisem Forum, an hoffen datts du et net bereien wäerst en Subi kaaf ze hun (gin am Fong dovun aus.... 8) )

En Modell 12/2002...dat misst dach en Bug-Eye sin, oder??

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 16/07/2009 15:39:43

Salut,

Hun en jo nach net sou laang mee gleewen net dass ech daat eng kéier bereien wäert !

Nee, en huet schon di Peanut-Eye, dofir soen ech amfong, wann een mech freet, dass et en 2003er Modell ass !

E gesäit quasi sou aus wi op deser Foto, klick Link :

http://www.ayosdito.ph/images/84/8444363260.jpg

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/07/2009 21:49:06

Salut JayJay,

Och vun mir härzlech wëllkomm hei um Forum !

Hoffentlech geseit een sech och bei enger Geleegenheet (och wann ech desen WE nët kann mat op dern Ring, sinn krank...)

Bis dann, JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 16/07/2009 23:25:08

salut jayjay
wenschen der vill spass hei an virun allem vill spass mat dengem auto!!!!! deen waerts du och hun 8) ....

bis dann

ben

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Re: Schéine gudde Moien !

Post by BenD-86 » 16/07/2009 23:30:28

jayjay wrote:

Ech hun de Wee heihinner fonnt duerch de Mike deen dir och all kennt (den S.T.I) ! Heen an de Sven hu mech eigentlech scho baal gezwongen e Subaru ze kaafen ! :-) Nee joke. Sin emer BMW gefuer an wollt mol e klengen Tapéitewiessel !

mol engkeier wou dei zwee eppes richteg gema hun.... :D :D :D :D :D :D

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 17/07/2009 14:08:50

Salut JayJaz!

Härzlech wellkomm bei eis am Forum. Wanns du e Sonndeg gär mat op den Ring fiers dann bas du selbstverständlech och do härzlech wellkomm :-D

Du kanns dech jo dann einfach un den Mike an un den Sven haalen. Sie gin jo och mat (wann se net verpennen!) ;-)

Ech sin iwwregens vun Colmar-Bierg. Daat as jo och no bei. :-)


Ciao,
Bisi

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 17/07/2009 14:43:12

Merci fir di häerzlech Begréissung !

Daat mam Ring e Samsden daat get näicht, de Mike haat mech daat och schon gefroot, leider muss ech dese w-e schaffen.
Et leeft een sech schon enges Daachs iwert de Wee.

Cu

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 17/07/2009 14:45:19

Just zur Info: Mir fueren SONNDES, net SAMSTES !!! (Fir den Fall dass daat eppes ännert) 8)

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 17/07/2009 15:54:21

Leider ännert daat näicht, hun Samsdes an Sonndes (an souguer e Méindeg) Fréischicht ! :cry:

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 17/07/2009 16:56:12

Hey, maja dann hues du jo lo de Wee font bis hei hinner! :) An eisen Ben, ech sin sou frou dass heen emmer eppes iwert een ze zielen wees :D .
Majo dain Sti sin mer jo op Hannover sichen gewiescht an waren allen 2 mega erstaunt, dass deen Auto naicht negatives haat, mol keng Schreips oder sou, einfach nemmen TOP! Ma an dei orange Winkeren fir sin jo och schon ewech getunt gin! Daat hun ech mol nach net, grrrr........ An et ass wirklech an sech den 2003er Model, obschon en schon 12/02 ugemeld gin ass, an just 50.000 km erof huet, respekt :!:

Beim umelden hei am Land ass just eraus komm, dass daat Eibach Pro Street Fuerwierk waat drop war, elo net mei, daat falscht war, an zwar fir den Wrx, an net fir den Wrx STI. Ass jo schon komesch daas den Tüv an Daitschland daat net gemierkt soll hun, well do ass en jo puer Joer sou gefuer :shock:

Naja egal, dan Auto ass tiptop an daat zielt :!:

Bis dann

Mike

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 20/07/2009 19:43:44

Lo hun ech och nach Problemer Fotoen dranzesetzen. Hun se op web.de héichgelueden mee kréien se net hei drop. Huet een eng Léisung ? :-(

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 21/07/2009 9:40:00

Wei probeiers de se drop ze setzen ?

Also wann se z.B. d'Bild folgend Adress hätt : http://www.web.de/mengbiller/meinsubby/photo1.jpg

Dann muss du einfach an dengem Post :

Code: Select all

[IMG]http://www.web.de/mengbiller/meinsubby/photo1.jpg[/IMG]
uginn.

PS: Pass op, munch Serveren wou d'Biller drop leien, sin pingeleg mat Grouss-Kleng Schreiwung, wann also dein Bild ".JPG" heescht, dann fënnt en ët net wanns du ".jpg" ugëss.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 22/07/2009 13:23:59

Also wann ech op der Foto Rietsklick maan an de Link kopéiere wel dann steet do als Link :

https://fotoalbum.web.de/alben/jayjay_2 ... Type=thumb


Waat muss ech änneren oder bäisetzen dass et klappt ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/07/2009 15:42:43

Aaaahhhhhhhhhhhh ;-)

Hun mer daat Bild mol wollten ukucken, an hei d'Meldung dei ech kruut :
  • Album "Chris" von jayjay_250380@web.de

    Dieses Foto-Album ist kennwortgeschützt.
    Sollten Sie eine Einladung aber kein Kennwort bekommen haben, fragen Sie bitte beim Album-Besitzer nach.
Daat ass also normal, dass daat nët geet, dei Photo'en muss öffentlech zougänglech sinn...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 22/07/2009 19:55:26

Ok, unlocken daat dann lo mol.


https://fotoalbum.web.de/gast/jayjay_250380/Chris

PW: jayjay

Bei Froen zu de Fotoen einfach froen !

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 23/07/2009 23:29:45

Waat muss een eigentlech maan fir Member ze gin ? :P

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 24/07/2009 0:17:01

Salut Jayjay!

Einfach op www.impreza-club.lu goen, Membership unklicken, Formulaire rooflueden (steht bei "How to become a member"), ausfellen an dann zreckschecken oder eng Keier bei mir zu Colmar-Bierg een Pitstop anleehen! :-D

Dann nach d'Cotisatioun bezuelen (entweder iwwerweisen oder cash op der Platz) an dann rullt dei Saach! ;-)

PS: Hun dech firgeschter zu Koplescht gesin, mee ech war net mam Subi ennerwee.... grrr!!! :twisted:

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 24/07/2009 0:51:56

Merci bisi. Get et bei iech iwerhaapt och Conditiounen een NET opzehuelen ?

Firgeschter zu Koplescht ? En Densden ? Richteg. Do war ech mat der Fra an deem Klengt an de Kino mettes ! War dunn enerwee fir heem. De Mike (S.T.I) war iwregens och mat, mee heen huet et um Kierchbierg net fir néideg fonnt op mech ze waarden nodeems ech bei roude Luuchten stung. ;-p

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 24/07/2009 8:35:09

wirkleck en koleeg deen MIKE!!!!!!!!!!!!!!!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 24/07/2009 18:13:16

Hun dem Mike séng Carbons Lufthütz lo mol drop. Gesäit gudd aus !

Siehe mäi Fotoalbum ----> puer Bäitreeg mi héich fannt dir de Link mam PW !

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 24/07/2009 18:15:08

merci MIKE du bass wirklech een koleeg....

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 24/07/2009 18:21:12

Firwat, wolls du se ? :-(

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 24/07/2009 21:30:13

wollt se probeieren mee ass keen probleem! :D

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 24/07/2009 23:41:28

Männer, west dir waat hei am Forum fehlt?

En Chat ! Dann kéinten déi di online sin puer Wierder madeneen schreiwen !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 24/07/2009 23:46:55

Hmmm ... haaten mer souguer viirum Forum, war nie eng Sau drop :-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 24/07/2009 23:53:26

Ass jo net fir stonnelaang drop ze chatten, mee hätt een lo z.B. séier kene séng Meenungen austauschen wéinst e Sonnden. Wier séier geschitt ! War just eng Idee !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 25/07/2009 0:10:47

Irgendwou hun ech daat och nach, keint ech nees onlune setzen. Kucken mol, wann eng owend e bessen Zeit hun :-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 25/07/2009 0:13:58

wirklech keng schlecht idee!!!!!!!!!!!!!!!!!mee dann misst dat awer och benotzt gin!!!!!!!!!!!!!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 25/07/2009 0:15:59

OK, kennt op meng ToDo Lescht ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 25/07/2009 0:18:05

dat heescht weini get dat gema?

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 25/07/2009 0:20:40

Dir west jo wéi et ass ! Wann et drop ass get et net benotzt, mee wann et dann nimmi drop ass dann get et gebrauch ! :-)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 25/07/2009 19:37:41

Machen daat am Laaf vun der Woch, misst zimmlech schnell machbar sinn ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 13/08/2009 14:04:50

Sou, hun den Trick mat de Fotoen héichlueden lo raus !

Lo kann et lassgoen :twisted:



@JP
Wi gesäit et aus mam Chat ? :?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 13/08/2009 16:44:35

Oh merde :oops:

Total verdrängt am Sandweiler an Agréations - Chaos mam STi, Bremsen beim GT, an Pannen beim Opel :shock: :roll:

Daat keint awer dann nach bis nom Congé daueren, well elo mega Stress nach bis dohin an dann 1 Woch fort...

Den Meinden moien fueren ech mol op Sandweiler mam STi, kucken op daat klappt !? :?

---

zu den Photos, hues du dann elo en externen Avatar, oder konns du elo een eroplueden ??
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 13/08/2009 16:52:09

Yank555 wrote:Oh merde :oops:

Total verdrängt am Sandweiler an Agréations - Chaos mam STi, Bremsen beim GT, an Pannen beim Opel :shock: :roll:

Daat keint awer dann nach bis nom Congé daueren, well elo mega Stress nach bis dohin an dann 1 Woch fort...

Den Meinden moien fueren ech mol op Sandweiler mam STi, kucken op daat klappt !? :?

---

zu den Photos, hues du dann elo en externen Avatar, oder konns du elo een eroplueden ??

Kee Problem.

Daat heecht e Méinde moien wesse mir ener anerem och bescheed wéinst dem Inox Car ? :P

Majo hun daat sou gemeet wi den Jörg et am däitsche Forum geschriwen huet. Hu mech bei pixpack.net enregistréiert an do Fotoen héichgelueden.


P.S.: Wi hudd dir daat ierhaapt gemeet fir den letzebuerger Woopen dohin ze kréien ? Eisen steet jo guer net an der Lescht !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 13/08/2009 17:30:59

jayjay wrote:Majo hun daat sou gemeet wi den Jörg et am däitsche Forum geschriwen huet. Hu mech bei pixpack.net enregistréiert an do Fotoen héichgelueden.
Top ;-)
jayjay wrote:P.S.: Wi hudd dir daat ierhaapt gemeet fir den letzebuerger Woopen dohin ze kréien ? Eisen steet jo guer net an der Lescht !
Hmm ... ass schon dëck laang hier, keng Ahnung wei ech daat gemach haat... mengen du muss dech op der Landkaart positioneieren, dann kriss de deen Fändel. Wei daat awer genau geet ... ?? Alter ass neischt scheins :lol:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 22/08/2009 20:53:48

Eng kleng Historie iwert d'Viirgänger fun méngem Subi !

1. Besetzer : e 66-jähregen Mann deen em di 19000 km domat gefuer ass
2. Besetzer : en aktuell 28-jähregen Däitschen (am Subi-Evo-Treff och als Alberto bekannt) deen den Auto knapp 2 Joer haat, als 2ten Auto, an 12000 km domat gefuer ass
3. Besetzer : en aktuell 26-jähregen Däitschen aus Hannover deen em di 19000 km domat gefuer ass
4. Besetzer : ech :-)

Post Reply