Page 1 of 1
Salutti vum Luc
Posted: 20/09/2010 18:19:20
by LucR-92
Salut dir leiw Leit vum Impreza Club Letzebuerg
Ech stellen mech mol einfach kuerz fier.
Numm: Luc
Alter: 18
Uertschaft: Rosport
Auto: Subaru Impreza GT Turbo vun 1999
Interessen: Auto-Motorsport, Tuning, natierlech Subaru
, asw ...
Sin lo sait den Samsten am Club angeschriwwen an fannen d'Leit einfach supper fein an waert och ganz gaeren am Club bleiwen
Bis dann, mir gesinn eis
Posted: 21/09/2010 8:24:15
by SteveP-78
Salut Luc,
Freet mech datt et der bei eis gefällt
Wënschen der nach vill Spass bei eis am Forum an am CLub, an natierlech och mat dengem Subaru!
Bis demnächst dann
Posted: 21/09/2010 12:39:18
by BenD-86
salut luc!
wellkommen hei...
et gesait een sech...
Posted: 21/09/2010 15:30:09
by Jean-PierreR-71
Ech schleissen mech un, wëllkomm hei am Forum an am Club !
Posted: 22/09/2010 5:53:11
by ChristianS-80
Häerzlech Welkomm.
Wanns du e Club voller Meller (wi de Ben) gesicht hues dann bass du hei genau richteg !
Mir gesin eis.
Ciao Ciao
Posted: 23/09/2010 18:05:49
by YvesB-80
Salut Luc!
Eng flott Machine hues du dir do zougeluecht! Ech wenschen dir ganz vill Spass domat!
Wann ech mir deng Interessen sou unkucken schengs du bei eis jo mol un der richteger Address ze sin!
Bis demnächst,
Yves
Posted: 23/09/2010 19:33:06
by PedroP-76
Salut Luc
Moi c'est Pp aussi fort intéressé par tout ce qui touche subaru , on s'est parlé sur le parking samedi soir , si tu te souviens . Et on te souhaite aussi la bienvenu dans le club.
Au plaisir de te revoir prochainement .
A+
Posted: 27/09/2010 20:42:08
by LucR-92
Salut Alleguerten,
Majo villmols merci fir dei Frendlech Kommentarer an daat dir mech sou supper ophuelt
Ech kucken elo mol fir hei am Forum een Thema opzemachen fir sou Anzeigen an main GT ze maan.
Den Yves haat mer do schons e bessen gewisen, wei et bei sengem GT as, an haat himm et och schons erklärt wei ech et ongefeier gären hätt.
Bis dann,
Luc