Salut Alleguerten

We welcome all our new registered users, introduce yourself in here (public) / Nous souhaitons le bienvenue à tous nos utilisateurs enregistrés, présentez-vous ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
MischB-85
Club-Member
Posts: 29
Joined: 24/08/2012 20:37:04
Location: Stegen

Salut Alleguerten

Post by MischB-85 » 12/09/2012 19:53:39

Hallo,

ech sin den Misch, kommen aus der Geigend vun Biekrech an sin seit ca. 3 Meint stolzen Besetzer vun engem 2007er Hawk Eye Sti :D

Den Auto hun ech beim Andy zu Bitburg fonnt, en haad deenmoment 82000km erof. Natierlech dei Suabrutypesch Faarwen Blo mat den gellenen Felgen. War och nach een selvernen op treier kucken, mee deen bloen huet et mir einfach ugedoen gehaad.

Geännert as net vill drun: Sin am moment just aaner Fierderen drop mee vue que dass do keng Pabeieren dobai sin kuckt den Andy elo fier mier einfach Original Fierderen drop ze maan. An et as na een Enddeppen vun Inoxcar drop, wou ech elo perseinlech fannen dass een keen groussen Ennerscheed zum Original Auspuff heiert.

Projet'en fier dest Joer: Eng Auspuffanlaag drenner maan bei deier ech deen geilen Boxermotto klang heieren an dei ech fierunaalem duerch Sandweiler kreien.

Wou ech den Auto testen war, wor schon eng Auspuffanlaag ennert dem Auto, an den Sound war wierklech mega. Mee daat war iergendeppes italiennesches mat enger rieter Line vum Turbo bis hannen raus (sou huet den Herr Daewel mier daat erklärt :) ) an dei hätt een nie am Lierwen durch Sandweiler kritt, dofier hun se dun erem alles op Original em missen bauen.

Dat eenzegt waat ech sos na erzielen kann as dass een vun den Stoussdämpfer sech hannen verabschiedet huet, dofier hun ech elo de ganzen Zeiten een Klapperen vun hannen lenks. Hun am Ufank geduecht et d wier d Mall dei klapperen geng, nodeems daat awer auszeschleissen wor hun mier gemengt et geng vun den Domlager kommen ... hun awer elo festgestallt dass et awer den Stoussdämpfer as. Doweinst fueren ech elo och nächst Woch nachengkeier op Bitburg wou den Andy mier daat dann nach alles an d Reih mecht :)

Fotoen kommen no

bis dann, Misch

P.S. wann een eng Idii oder een fierschlag zur Auspuffanlaag huet: Hun mier hei am Forum schon d Thema'en ugekuckt waat den Auspuff ugeet. Sou wei ech daat verstaanen hun kritt een Aerys Anlaag duerch Sandweiler, wesweinst ech mech fier dei entscheed haad. Mee iergendswei schengen Aerys am moment um Politeschen Selbstfindungstrip ze sin, hun op allefall ausser hieren Communique vun der Piratenpartei net vill Infos op hierem Site fonnt :P

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 12/09/2012 23:15:37

Salut Misch

an wellkom am forum!

d firma aerys get et net mei!! leider :(!! wanns du sou eng auspuffanlag wels muss de kucken fir eng occassiouns ze fannen...

sin gespaant op fotoen!!

bis dann op der stross :D

User avatar
MischB-85
Club-Member
Posts: 29
Joined: 24/08/2012 20:37:04
Location: Stegen

Post by MischB-85 » 13/09/2012 0:21:31

Hey Ben,

oh daat erklärt villes :D dann kann ech op hierem Site sichen esouvill wei ech well. :P

Bon et muss elo net onbedengt Aerys sin, mussen eben just Pabeieren dobai sin sou dass ech se zu Sandweiler agedroen kreien :) An se soll eben bessen mei haart sin wei den Original Auspuff. Muss ech mol kucken op een esoueppes fennt :D

Geseit een sech secher iergendswann, schaffen zu bartreng an fueren emmer duerch Mamer fier dohin ;)

Wei as daat mat der Waschanlaag? Hun bis elo emmer emmer drun gezweifelt dass ech do duerchkann aus angscht dass ech den Spoiler erofgerappt kreien, huet een do erfahrungen?

Well wann ech e puer fotoen maan muss ech den Auto als eischt mol nachengkeier wäschen :)

bg, Misch

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 13/09/2012 1:08:32

kanns jo mol beim tom aus dem autodesign fuhren fir eng invidia-anlaag heen firt selwer och subi...

Waschanlaag war ech nach ni mam subi deen muss op der hand gewäsch gin... 8)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 13/09/2012 22:19:05

Salut Mich,

Wëllkomm bei eis op den Forum an och an d'Subaru-Famill :D

Auspuff ass e verdammt leidegt Thema, Sandweiler ass waat ët ass, an TüV ass fiir Subaru-Deeler leidder meeschtens a Friemwuert...

Hoffen du fënns dein Glëck beim Tom, do bass de mol gudd opgehuewen !

Bis demnächst, JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 13/09/2012 23:25:29

Salut Mich!

Och ech heeschen dech härzlech wëllkomm! Fläicht geseit een sech jo demnächst mol eng Keier op engem Treffen....?! :)

User avatar
MischB-85
Club-Member
Posts: 29
Joined: 24/08/2012 20:37:04
Location: Stegen

Post by MischB-85 » 13/09/2012 23:32:23

waat get een hei awer herzleg empfaangen :)

Autodesign? ma dann gin ech do mol engkeier bei geleegenheet kucken. Mech informeieren waat dei mier esou ubidden :D
Hun gescht mol meng Demande fier Member am Club ze gin erangescheckt, wann daat bis geklappt huet wert ech mat secherheet och mat op daat eent oder aanert Treffen kommen. Also geseit een sech secher mol ... :)

bis dann,

bg, Misch

User avatar
MischB-85
Club-Member
Posts: 29
Joined: 24/08/2012 20:37:04
Location: Stegen

Post by MischB-85 » 06/10/2012 16:59:27

haad elo mol bei Geleegenheet e Bild vun mengem Auto geschoss ;)

Image


Image

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 08/10/2012 20:11:08

top !! :D :D

User avatar
MischB-85
Club-Member
Posts: 29
Joined: 24/08/2012 20:37:04
Location: Stegen

Post by MischB-85 » 09/10/2012 16:37:56

hehe Merci Ben :)

Post Reply