Page 1 of 1

Moien gesoot un Scoobyfans hei :-)

Posted: 27/03/2013 14:06:08
by DanielK-80
Hallo ,

Ech sin den Daniel hun 32 Joer, an fueren lo well seit August 2012 een Subaru WRX Turbo Wagon vun 2004 !
Et ass mein 2ten Auto an soll den Alldaags Auto sin :-)

Drun geaennert gouf : Auspuff as een Greddy ab Cat
HKS BLow off
Turbotimer Apexi
aner Seitenschweller an een 2ten Spoiler op der Mall
an sin H&R Fiederen drop
Drop kommen nach rout Rally Mud Flaps :-)

Eng Foto kennt no

Ciao an bis dann eng keier op engem Treffen !!

Posted: 27/03/2013 18:42:07
by BenD-86
Salut!

Flott dass du den Wee heihin fonnt hues!
Vill spass mam Auto!

Bis dann eemol op der Stross

Ben

Posted: 28/03/2013 9:14:42
by NunoS-83
ahh salut daniel :) main subi-klon-kompatriot! hehe :p

Posted: 28/03/2013 19:48:28
by DanielK-80

Posted: 28/03/2013 19:53:57
by DanielK-80
Wei kritt een eng foto gepost , andems een se droplueden kann ? ouni URL ??

Posted: 29/03/2013 16:36:55
by YvesB-80
Salut Daniel!

Schein ze gesin dass daat mat denger Unmeldung hei am Forum lo endlech geklappt huet! :D Ech wosst mol guer net dass du een Subi häss soss, soss hätt ech mech schon eng Keier bei dir gemeld fir dass du mol eng Keier mat eis op den Tour gees. Et as awer emmer rem schein ze gesin dass et nach Leit get dei sech fir fir een Subi als zweeten bzw. Alldaag's Auto entscheeden. Een gudden Choix hues du do gemaach! ;-)

Posted: 30/03/2013 12:53:06
by Jean-PierreR-71
Och vun mier wëllkomm hei um Forum an am Club (hun gescht owend dein Umeldungsformulaire kruut) ;)

Bis geschwënn, JP.

Posted: 14/04/2013 21:07:59
by MikeW-78
Dann mol wellkomm hei.
Alt nach een aus dem Ettelbrecker Eck, daat mecht Spaas ze gesin :D Schengt desen Summer jo flott ze gin op den Stroossen, kens net mei raus aus dem wenken, tiptop :twisted: