Gewichter un der Felge

General discusions about the Impreza WRX STi (public)
Discussions générales sur l'Impreza WRX STi (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
mako

Gewichter un der Felge

Post by mako » 28/03/2008 13:18:29

Ech hun d Summerfelgen mol nees dropgemach, an dobei bemierkt dass hannen guerkeng Gewiechter op den Felgen sin, an vir sin der awer drop.
Wei ass dat meiglech?
Well fannen och dass d Summerpneuen extrem kameidi man.
An bei 80-90 km/h ass et nawell en ordentlecht gereisch.
Net richteg ausgewuchtet?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/03/2008 15:09:49

Also daat wier zwar e bessen "bëlleg", wann just viir d'Rieder ausgewucht gin wieren ... Kloer ass, hannen ass manner wichteg, well een daat (praktesch) nët spiert, wougeint viir schleit ët am Lenkrad, an awer sollten dei 4 Rieder proper ausgewucht gin.

Kann natierlech och sinn, dass duerch Zoufall hannen just Bleier bannen gebraucht goufen ?!

Allerdings huet d'Auswuchten nët wierklech eppes mat Kameidi ze dinn, just eben Vibratiounen (an der Regel sou zweschen 110 an 130 kmh just).

Kloer, wann se uerdentlech schloen, kann daat och Kameidi machen, awer do geif ech mer dann awer schon Suergen machen, ob d'Felgen nët villeicht futti wieren (total kromm) ;-)

Ech tippen eischter drop, dass ët einfach d'Laafgereich vum Summerpneu ass, deen ass jo mei haard am Gummi, an mecht demno gären mei Kameidi beim laafen. An daat bass de elo nët mei gewiint, wells de de ganzen Wanter mat Wanterpneu'en gefuer bass...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

mako

Post by mako » 28/03/2008 16:06:17

Hmm jo kann sin, ma mir kucken dat eenmol wann mer eis treffen.
Mee wei ass et mat deenen aneren MY06´en, hun dei hannen och keng Gewiechter drop?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/03/2008 16:34:37

Muss eierlech zouginn, daat misst ech nokucken, weist ech esou nët, sinn jo schon e puer Meint nët domat gefuer :?

Geif mech awer wonneren...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 28/03/2008 20:32:37

normalerweis sin op all felg gewichter egal op hannen oder fir soos leeft se jo net richt!!wat och na kann sin wann se just hannen kameidi maan dats du se an der falscher laafrichtung monteiert hues!muss op deen klengen hinweis oppassen "rotation" oder na bei anner pneuen "outside" oder just en -> (riits) oder <- (Lenks)...
wann et den kameidi vum gummi waer missten dei fir jo och kameidi maan?

mako

Post by mako » 30/03/2008 0:26:58

Also wees net genau vun wou den kameidi kennt, mee et sin definitif d pneuen.
D pneuen sin richteg monteiert also d laafrichtung.
ech man muer eng foto dervun.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 30/03/2008 14:42:43

wei eng mark vun pneuen hues du?

mako

Post by mako » 30/03/2008 14:45:30

Ma et sin d originalfelgen an pneuen.
Ech hat se den eichten daag erowgeholl wei ech den Auto krut am Dezember fir
d wanterpneuen drop ze man, an lo d lescht woch hun ech d summerpneuen nees drop gemach.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 30/03/2008 15:11:39

jo ok mee wei eng mark pneu hues du drop?et haengt och vu der mark an wei een pneu se de hues of!et gin peneun dei maan mei kemeidi wann se laafen wei anneren!

mako

Post by mako » 30/03/2008 15:39:40

Ah ma den Bidgestone Potenza

Viichten Pneu:

Image

Hennechten Pneu:

Image

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 30/03/2008 17:21:14

Um STi MY06 an MY07 sinn original Bridgestone RE070 Semi-Slick drop.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 30/03/2008 17:41:57

brigsteone ass jo awa en gudden pneu heiansdo hues de pneuen wei fulda oder verschideen profiler vun michelin oder anner marken dei vill laafgereischer maan...mist een eng keier am auto setzen fir den kameidi ze lauschteren....

mako

Post by mako » 30/03/2008 18:01:44

et scheinen wirklech d pneuen ze sin dei mei kameidi man wei der gesot hut:
http://www.subaru-community.net/thread. ... er%E4usche

Eng aner fro, kann een dei blöd klemmen do net geingt gepeschten gewiechter dei bannen sin tauschen?
Oder kommen dei net lanscht d Brembos?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 30/03/2008 19:45:20

mako wrote:et scheinen wirklech d pneuen ze sin dei mei kameidi man wei der gesot hut
Haat mer schon geducht, dass ët daat wier ;-)
mako wrote:Eng aner fro, kann een dei blöd klemmen do net geingt gepeschten gewiechter dei bannen sin tauschen?
Oder kommen dei net lanscht d Brembos?
Natierlech kann een daat, sollt een souguer, dei aaner gesinn scheiss aus :-(

:idea: Sollt meng och mol tauschen, wann ech elo nei Pneuen dropmachen, gët daat direkt gemach ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 31/03/2008 0:31:45

fannen et awa komesch dat just dei hannen kameidi maan?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 31/03/2008 0:46:12

mako wrote:Also wees net genau vun wou den kameidi kennt, mee et sin definitif d pneuen.
Anscheinend wees den mako nët genau wou den Kameidi hierkënnt...

Dobei kënnt, hannen heiert een besser am Innenraum wei viir, well dei hënnescht Radkëschten am Innenraum vum Auto leien, an dei viicht am Motorraum, an deen ass gudd zum Innenraum getrennt.
Last edited by Jean-PierreR-71 on 31/03/2008 19:12:08, edited 1 time in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 31/03/2008 17:40:58

misst trotzdeem fir och heieren... wei gesot mist een eng keier mam auto fueren fir et genee kennen ze soen!!

Post Reply