STI Revisioun 45TKM

General discusions about the Impreza WRX STi (public)
Discussions générales sur l'Impreza WRX STi (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

STI Revisioun 45TKM

Post by MichelW-68 » 19/02/2008 11:22:05

Salut

Kann een mir soen waat eing Revisioun 45TKM sou kascht? Huert een dei schons gemach?. Ech mengen meng Bremsbeleeg vir mussen och gewieselt gin. Soll ech dei bei NCM huelen oder gin et do Adressen wou een dei mei belleg kritt. Laut NCM kaschten dei 245€ (HTVA)

Merciii

Michel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/02/2008 23:37:38

Zum Preis vun der 45tkm Revisioun kann ech leider nach neischt soen, ech muss an ca. 1 gudden Mount an meng 1. 15tkm 8)

Zu den Plaquetten, daat wier eigentlech d'Geleegenheet, fiir eppes besseres drop ze maachen wei original.

Mat den Ferrodo DS2500 kanns de eigentlech neischt falsch machen. Mat Pagid Orange sinn ech um GT awer am beschten gefuer, mä bon, fiir Sandweiler ass daat en Problem, dei Beläg sinn nämlech liichtend ORANGE :roll:

Wann d'Scheiwen och fälleg sinn, dann kanns de och do zu besserem wei original greifen. Mä do kann ech bei der STi Bremsanlag leider keen sonderbaren Root ginn, do hun ech bis well nach alles original op mengem... Um GT hun ech Scheiwen vun Sandtler drop, Typ RS oder GT, wees nët mei genau, haat schon beides drop, ass dei selvescht Scheiw, just dei eng ass just geschlitzt, dei aaner ass geschlitzt an gelacht. Dei just geschlitzt fannen ech besser, well en Lach ass ëmmer den Ufank vun engem Rass, an am Alldag brengen Lächer nët sonderbar vill, well wann se bis mat Dreck zou sinn, geet och keng Loft mei doduerch, also killt ët och weider nët mei.

Allgemeng gët op Alternativen ëmsteigen oft nët mei deier, awer eben d'Resultat ass besser :idea:

Natierlech, wann een dei Dier bis opsteisst, kann een och direkt eng Bremsanlag vun AP-Racing o. äh. verbauen, mä do schwätzen mer awer dann vun engem aaneren Budget :twisted:

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 20/02/2008 10:28:49

Oh freck, kann och net mei soen waat meng 45er Revisioun kascht huet.

Bremsbeläg geif ech fir normalen Gebrauch FERODO DS2500 huelen. Kaschten 250€ beim GP an sin besser wei original an ouni Geraischer.

Ech perseinlech wärt bei mengen nächsten (wann ech keng aner Bremsanlag huelen) op PAGID zereckgraifen, aleng schon fir se ze probeiren. :)


Bremsscheiwen kann den GP der och ORECA-Gr.N beschaafen. Dei sin sou gudd wei di original mee hallef sou deier.

Brembo mecht och gelachten oder gschlitzten Scheiwen mat TÜV. Den Sam hat dei op sengem.

Wann ech dei nächsten keier Bremsen muss wiesselen, dann get et wei gesot evtl. eng aner Bremsanlag.

Wanns de kucks : ORECA-Scheiwen (350€) + Ferodo (250€) = 600€ an daat as dei bellegst Kombi.

SANDTLER-Scheiwen (2-deeleg, gelacht / geschlitzt inkl. TÜV) kaschten 420€ d´Steck --> 840€ 2 Scheiwen fir fier.

K-Sport 8-Kolben Bremsanlag (356x32mm, 2-deeleg, inkl Stoolflex an allen Deeler) kreien ech fir +/- 1500€. Huet och TÜV. (misst d´Praiser bei Bedarf awer na eng keier checken)

Serge
Form follows function

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 20/02/2008 14:14:56

Ech hun och Ferrodo DS2500 Bremsbeläg op mengen. Kann bis elo net meckeren.

Als Scheiwen haat ech dei gelachten Scheiwen vun Sandtler (mat Tüv). Wann ech se misst wiesselen keimen Scheiwen ouni Lächer bzw. Rillen drop. Dei gin souwisou andauern zou, duerch den Steps deen entsteht. Wann bei mir neier fälleg sin kommen entweder Gr.N Scheiwen drop oder eng Komplett-Anlage mat Tüv.

Bisi

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 20/02/2008 15:08:39

OT on :
Fir dei Leit deiun enger Anlaag mat TÜV interesseiert sin kann ech just soen, dass ech evtl nächts Joer bei K-Sport eppes bestellen.
Mat mengem Bruder. An wann mer do zu puer bestellen get et secher mei belleg. An dei heten um JAE mol TÜV dobei. Checken daat wei gesot mei genee wann et souwait as.
OT off.

Serge
Form follows function

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 20/02/2008 19:16:24

Merci vir all Aentwerten. :lol:

Kann een dei Beleg selwer wiesselen oder ass daat tricky?

Michel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 20/02/2008 22:03:42

mweis wrote:Kann een dei Beleg selwer wiesselen oder ass daat tricky?l
Beim GT mat Opbocken, Felge eroof, Belag eroof, Brems gebotzt, neien Belag drop, Felge drop Auto eroof, ënnert 1 Stonn an aller Rouh fiir viir. D'Anlag vum STi ass vum Opbau ähnlech, dierft also grad sou seier goen.

Hannen hun ech selver nach nët gemach, ass nët sou oft fälleg, dierft awer ähnlech einfach sinn.

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 20/02/2008 23:42:18

As wei den Jemp seet --> EASY

Mat en bessi Gedold geet daat ouni Problem.

Serge
Form follows function

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 21/02/2008 10:35:34

ok - merci - probeieren daat dann emol
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

Post Reply