Zentralverrigelung - Breischt mol drengend hellef

Discusions about inside parts of the car (public)
Discussions à propos des pièces d'intérieur de la voiture (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
Sub-way:)

Zentralverrigelung - Breischt mol drengend hellef

Post by Sub-way:) » 30/01/2010 22:34:26

salut,haat iech jo gezielt daat ech jo am gangen sin mat mengem subi,voila hun en haut op den rieder stoen alles super:) huet och den eischten schnei gesin :) (wollt jo fotoen hei ran man mee mengen sin ze blöd dofir:( wann een mir dat mol genee erklärn keint wir supiii.sou lo awer zu mengem problem,meng funk vun da telekommand geht irgentwei net,den ersatzschlessel och net do muckst guer naischt,gleewen awer net daat dei 2 battrien op eemol platt sin? mee hun jo den blitz turbotimer mat adapterkabel ugeschloss daat dierft jo awer och net de problem sin?(hun och keng loscht den adapterkabel rem ofzeschleisen an rem original ze man:)mee gleewen net dat et doweinster ass? secherungen sin och all ganz,ech wees daat subien vill misere domadder haaten,kreien main auto net einfach net zou ,manuell jo, dann awer jsut chauffers diir,den recht net, keint een mir do hellefen?haat schon een den problem???


(( Wees geheirt net heihin mee well gaer richteg member hei gin,un wee kann ech mech hei wenden,via bankiwwerwesung,an waat et kascht??

Villmols merci

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 31/01/2010 7:06:28

http://www.impreza-club.lu/A-Content/frames.htm

Lénks op Membership klicken an dann op "How to become a member" goen !


Looss dech net fum Datum ofschrecken :-) ?2008? ;-p


Mee soss fir mi détailléiert Renseignementer wend dech un den Yank oder de Bisi !

Cu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 31/01/2010 11:34:39

Also dei mei einfach Fro, mat den Photo'en ;-)

Do muss de en Site fannen, wous du deng Photo'en kanns eroplueden (z.B. ImageShack).

Dono kanns de dann dei Biller hei uginn :

Code: Select all

[img]http://imageshack.us/xyz[/img]
Woubei xyz den Verweis op dein Bild ass, esou wei dier imageshack daat ugëtt.

----

Dann elo zu dengem Problem, do sinn ech e bessen iwerfroot, hun nach nie eppes vun deem Problem heiren. Ob allefall hues de Recht bei denger Vermutung, dass ët neischt mam Turbo-Timer kann ze dinn hun, du kriss den Auto ouni Problemer mat der Verbedienung gespaart wärend en nach ausleeft. Kuck awer eventuell, obs du dein Turbo-Timer d'nämlecht agebaut hues wei an deser Abauanleitung fiir daat mol 100%eg auszeschleissen, villeicht geseis de jo eppes, waats du aanescht gemach hues, och wann do nët sou vill ass ;-)

Beim GT ass d'Ferbedienung allerdings Infra-Rout (wei dei vun engem Fernseher), domat muss de zimmlech genau an Richtung Innen-Spigel zielen, an daat direkt bei der Autos-Fënster, soss geet dei nët, daat ass awer normal.

Du schreiws awer vun 2 Schlësselen, also denken ech, geet ët hei ëm en New Age (WRX oder STi). Daat sinn Funk-Fernbedienungen, dei ginn sou oder sou an och vun 20-30m eweg. Domat haat ech nach nie en Problem, muss awer zougin, wei gesoot, dass ech och nie vun esou engem Problem heieren hun...

Dass mam Schlëssel just deng Dier op an zougeet dierft bei engem New Age eigentlech nët sinn, well d'Fahrerdier steisst normal d'Zentralverrigelung un, wann ech mech nët ieren (hun ech awer nach nët bewosst gemach an dobei dorop opgepasst).

Beim GT wees ech, dass wanns de d'Beifahrer Dier mam Schlëssel opgespaart hues, ass just dei opgangen, daat war awer "normal", dei huet d'Zentralverrigelung nët aktiveiert (do gouf gespuert, mam Gedanken warscheinlech, den Chauffeur mecht jo den Auto op, d'Schlass op der Beifahrerseit ass just fiir ze depanneieren do).

Op beim New Age op der Beigfahrerdier iwerhaapt en Schlass ass, do misst ech leien, hun bei mengem STi nach nie sou genau gekuckt :oops:

----

@Jayjay : Gudd gesinn ;-) Ech hun ët gemierkt, wann ech en Formulaire zerëckkruut, awer dann nët driekt geännert, an dono ëmmer nees vergiess :oops: Ass aktualiseiert :lol:

----

PS: Hun den Topic vun "Engine" op "Interior" gerëckelt, denken do fënnt een en besser rëm, wann speider een dono sicht ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 31/01/2010 13:58:42

sorry wosst net gennewouhin mam thread;( jo hun een my 2004er kucken mol mei genee no haat gescht keng loscht mei alles nozekucken,wann ech eppes wees soen ech bescheed :) probeieren daat lo mol mat den fotoen

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 01/02/2010 5:14:54

Yank555 wrote: @Jayjay : Gudd gesinn ;-) Ech hun ët gemierkt, wann ech en Formulaire zerëckkruut, awer dann nët driekt geännert, an dono ëmmer nees vergiess :oops: Ass aktualiseiert :lol:

Sorry Jemp, mee bei mir steet nach emer 2008 ! :?:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/02/2010 11:22:56

@Jayjay : dann muss de d'Seit mol aktualiseieren, resp. dein Cache am Browser löschen, ech hun 2010 ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply