Page 1 of 1

Originalen Gurt passt net

Posted: 28/09/2010 17:02:06
by LucR-92
Moien dir leif Leit,

Wei der jo schon wesst hun ech en GT Turbo vun 1999.
Den Probleem as, ech sin net grad deen schlanksten, an dofier passen dei original Gurter mer net. Hun am Moment zwar eng Leisung, daat ech mer mat engem Spanngurt, deen un d'Schnall vum Gurt gemach gett aushelefen kann, mais wann ech vun der Police ungehaalen gin, hun ech en groussen Probleem.
Dofier wollt ech froen op et net meiglech as, vun engem mei neien Impreza den Gurt anzebauen, oder eventuell den originalen Gurt verlängeren ze loosen.
Ech haat och schon on Sparco, respektiv Schroth Renngurter geduet, mais dei sin allebeid nach mei enk, sou dass daat och keng Alternative as.

Et as wierklech drengend ... am Moment geet et nach gudd, mais fir wei laang?
Merci am Viraus, ech wier iech wierklech dankbar.

Bis dann,
Luc

Posted: 28/09/2010 17:43:26
by Jean-PierreR-71
Salut Luc,

Hmm ... domat hun ech mech nach nët befaast, allerdings hun ech nët den Androck, daß d'Gurter bei deem mei neien Subby (New Age, also MY01-MY07) mei laang sollten sinn ?!

Ech kann mer awer viirstellen, daß ët do Meigelechkeeten muss gin, fiir mei en langen Gurt ze kreien, keint natierlech awer nët bëlleg gin...

Awer wou froen ??

JP.

Posted: 28/09/2010 17:51:15
by LucR-92
Also ech hun schon beim Allrad zu Capellen gefroot an och schon beim Kremer zu Miersch, an dei konnten mer allenbeid net weider helefen.
Den Gurt vum 2008 Impreza zum Beispill as vill mei laang an passt perfekt, ech schwammen zuguer drann.
Mais den Kremer vun Miersch soot daat en eeben net wees, op een dei nei Gurter och kann an den aalen Impreza anbauen.
Logesch wier et awer trotzdem.

Den Prais as mer amfong zimmlech egal, well ech einfach eng Leisung fannen muss.

Flait kanns du dech jo mol emfroen, du hues do mei Kontakter wei ech ;)

Bis dann,
Luc

Posted: 28/09/2010 18:27:16
by PatrickM-74
Luc1992 wrote:Also ech hun schon beim Allrad zu Capellen gefroot an och schon beim Kremer zu Miersch, an dei konnten mer allenbeid net weider helefen.
Den Gurt vum 2008 Impreza zum Beispill as vill mei laang an passt perfekt, ech schwammen zuguer drann.
Mais den Kremer vun Miersch soot daat en eeben net wees, op een dei nei Gurter och kann an den aalen Impreza anbauen.
Logesch wier et awer trotzdem.

Den Prais as mer amfong zimmlech egal, well ech einfach eng Leisung fannen muss.

Flait kanns du dech jo mol emfroen, du hues do mei Kontakter wei ech ;)

Bis dann,
Luc
Hallo Luc,

versuchs mal unter folgender Telefon-Nummer +49-651-993544111, das ist die Nummer von Reifen Kiefer unserer Vertragswerkstatt in Deutschland. Die Jungs sind immer Hilfsbereit und haben evtl. eine Möglichkeit den Gurt auszutauschen.

Grüße Patrick

Posted: 28/09/2010 18:57:42
by LucR-92
Hallo Patrick,

Erstmal vielen Dank für deine Hilfe :)
Ich werde dann sofort Morgen anrufen, und hoffen, dass man mir helfen kann ;)

Mit freundlichen Grüßen,
Luc

Posted: 29/09/2010 1:06:22
by YvesB-80
Luc,

Ech denken dass et misst passen insoufern dass d'Bloque vum Gurt dei selwecht as. Ech wees zum Beispill dass d'Bloque vum 96er an vum 99er liicht ennerschiddlech sin. D'Lach an der Mett as op deem engen ganz liicht aanescht wei op deem aaneren mee (mat e bessen Gefummels) geet et awer an d'Gurter haalen och. Op daat awer lo bei deenen neien Modellen emmer nach passt wees ech net. Falls jo misst du jo kennen een Gurt vun engem neien Modell als Ersatzdeel kennen bestellen....

Posted: 25/10/2010 19:50:23
by LucR-92
Salut dir leiw leit :)

Ech hun eppes interessantes fir mech fonnt :)
Kuckt emol an soot mir waat dir dovunner haalt ;)

http://www.stevens-wesel.de/shop/produc ... ucts_id=38

Merci, bis dann

Luc

Posted: 26/10/2010 11:40:45
by BenD-86
klengt dach mol gudd...

Posted: 26/10/2010 17:09:31
by LucR-92
Jo gell, main Papp soot ech soll een bestellen :)
Kennt warscheinlech dann an deenen nexten 8-14 Deeg per Nachnahme un.
Eigentlech misst et jo dann klappen, an dann kann ech mol endlech onbesuergt mamm Scooby laangscht d'Police fueren :)

Villmols merci awer fir är Heleff! :)

See you

Luc

Posted: 04/11/2010 23:39:42
by LucR-92
Nowend alleguerten :)

Also et gett neies zum Thema ...

Hun den Moien per Post dei Gurtverlängerung kritt. Huet mech elo am ganzen mat Versand 41€ kascht.
An den Nowend haat ech dunn emol Zait fir dono ze kucken an et anzebauen.

Fazit:
- Huet 10 Minuten gedauert, dunn war alles un an aus!
- Ech kann mech elo supper unstrecken an en plus hun ech elo nach mei Plaatz am Gurt wei firdrunn!
- Fir d'Secherheet an eeben daat "legal't" Fueren sin mer 41€ secher net zevill!

Also wann een eng keier den selweschten Probleem huet wei ech, kann en sech roueg bei mer mellen fir nozefroen oder eeben op den Site goen, deen ech schon gepost hun ;)

Bis dann

Luc

Posted: 05/11/2010 11:51:55
by Jean-PierreR-71
Top, freet mech, dass deen Problem geleist ass ;-)

Posted: 06/11/2010 23:02:14
by LucR-92
Merci, mech freet et och, gleew mer :) Endlech kann ech onbesuergt laangscht eis Koleegen mat den waissen Autoen fueren, dei sou gail Roud-Waiss-Blo Rallystraifen drop hun :P

Mir gesinn eis dann :)

Luc

Posted: 08/11/2010 21:07:10
by YvesB-80
Oofgesin vun der Police giff ech mol soen dass 41 EUR fir d'eegen Secherheet definitiv net zevill sin! :D

Posted: 09/11/2010 12:16:13
by LucR-92
An daat zuguer nach dobei :)

Luc