Page 1 of 1

iPhone BLuetooth Problem

Posted: 16/03/2014 15:37:45
by SteveG-83
Salut,
Ech hun e klengen Problem, villaicht wees jo een wat ech maachen muss.

Ech fueren en WRX STi vun 2012, an hat demols en iPhone 4. Den huet sech emmer wann ech den Auto gestart hun, automatesch iwwert Bluetooth connectéiert.

Elo mam iPhone 5 geet dat net mei. Ech hun am Radio Bluetooth Setup den aalen iPhone geläscht an den neien installeiert. Et geet och, bis ech den Auto ausmaachen. Dono connectéiert den iPhone sech net mei automatesch. Den iPhone hescht och anescht an trotzdem klappt et net. Ech muss all keier um Auto de ganzen Bluetooth Setup maachen fir den iPhone ze connectéieren.

Wees een wat ech maachen muss, domat den iPhone 5 sech an Zukunft automatesch iwwert Bluetooth connectéiert?

Posted: 16/03/2014 16:31:49
by BenD-86
salut

dat kann um bluetooth leien , iphone 4 hurt bt v2.1 an den iphone 5 bt v4.0
fro mol eventuel bei subaru selwer no op et een update get fir den radio resp. fir d schnetstell vum bt .