Turbo Timer HKS type 1

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
Steve79

Turbo Timer HKS type 1

Post by Steve79 » 06/01/2008 23:14:12

Wollt mol froen, op hei een sou een HKS huet, resp op en eppes ass?

Hun lo mol gesin, dat deen jo puer Funktiounen huet, zb piepsen wann Touren ze heich gin, Timer asw.

Hun een Kolleeg an Frankraich, deen een neien zevill huet, faerdeg mat den Kabelen fir Subaru dobai, an daat geif mech schons interesseieren!

Merci am Viraus fir Äntwerten!!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/01/2008 23:19:19

Salut,

Ech hun zwar selver keen HKS, am GT hun ech en Apexi an am STi en Blitz.

Den HKS, ähnlech dem Apexi, ass mei ëmständlech anzebauen, fiir all dei Funktiounen ze hun, mussen Kabele un den ECU gehangen ginn, d.h. ët muss Kabelen und den Kabel-Strang deen op den ECU geet ugeleid ginn. Wann daat fiir den keen Thema ass, ass en sëcherlech interessant.

Mä ech denken ët gët muncher hei dei selver en HKS hun, dei kënnen mei doriwer zielen.

Bis dann, JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 07/01/2008 4:09:57

Zali,

den Teit an ech, mär hun allen beid een HKS Type 1. Haten deen deemols beim GP anbauen geloss. Main as effektiv, sou wei den Jemp seet, ouni Stecker angebaut gin, d.h. et huet missten geleit gin etc.

Et misst een awer kucken op HKS net och mettlerweil een Stecker huet, een sougenanntenen Turbo-Timer-Harness. Ech wees, dass HKS däer hierstellt, sou dass ech dovun ausgin, dass den TT vun HKS grad sou einfach wei deen vun Blitz anzebauen as. Misst een awer mol nokucken. Kann der deemnächst vlaicht eng Äntwert gin.

Waat di zousätzlech Funktiounen ungeet, sou sin daat flott Gimmicken, mee wirklech brauchen dees de daat net. HKS as net belleg, an den Blitz leescht daat selwecht. Qualiteit as iwert all Zweifel erhaben.

Serge
Form follows function

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 07/01/2008 10:39:45

Salut,
Kane STi wrote:Et misst een awer kucken op HKS net och mettlerweil een Stecker huet, een sougenanntenen Turbo-Timer-Harness. Ech wees, dass HKS däer hierstellt, sou dass ech dovun ausgin, dass den TT vun HKS grad sou einfach wei deen vun Blitz anzebauen as. Misst een awer mol nokucken. Kann der deemnächst vlaicht eng Äntwert gin.
Ech hun der HKS TT-Harness'en schon benotzt, sinn wei dei vun Blitz, Apexi oder och Greddi. Dei sinn just fiir d'Zündschlass ze iwerbrëcken, op der Seit vum ECU ass daat leider nët esou, do muss geleid ginn, as och bei mengem Apexi esou :-( Dofiir leeft mein och just manuell, well ech den O2 (nach) un den ECU ugeleid hun. Ech wees och nach nët sou richteg, ob ech daat iwerhaapt wärt machen, nach geet den Auto ;-)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 07/01/2008 16:00:48

Merci fir d'Äntwerten, also et ass sou een HKS Harness fir Subaru beim TT dobai, bon, hun en lo naach net hei, gesin daat jo dann. Jo, et brauch een et net, well et een Gimmick ass, mee grd doweinst :D

Jo, wann lossen ech en och beim NCM abauen, well selwer trauen ech mer daat net zou!!

Mee, mol naach eng Fro:
Wann ech den Auto mam TT dann dohinnerstellen, zeien ech einfach den Schlessel erof, zeien d'Handbremse an den Motor sprengt dann kurz dono aus??

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 07/01/2008 18:02:28

Steve79 wrote:Merci fir d'Äntwerten, also et ass sou een HKS Harness fir Subaru beim TT dobai, bon, hun en lo naach net hei, gesin daat jo dann.
Wei gesoot, ech kennen deen Kabel, daat ass just ënnen um Kabel vum Zündschlass (längs der Steierseil iwert den Pedallen), den Deel ECU muss um ECU-Stecker geleid ginn, deen leit ënner dem Beifahrer sengen Feiss.
Steve79 wrote:Jo, wann lossen ech en och beim NCM abauen, well selwer trauen ech mer daat net zou!!
Hmm ... Den Patrick verkeeft dei, op en also een abbaut, deen nët vun him kënnt ?
Steve79 wrote:Mee, mol naach eng Fro:
Wann ech den Auto mam TT dann dohinnerstellen, zeien ech einfach den Schlessel erof, zeien d'Handbremse an den Motor sprengt dann kurz dono aus??
Jo genau, du dreihs de Schlëssel zerëck, an den Motor leeft einfach weider, en TT mech sein Countdown, an dann geet den Auto aus. Irgendwei schon geil 8)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 07/01/2008 21:45:00

Steve79 wrote: Mee, mol naach eng Fro:
Wann ech den Auto mam TT dann dohinnerstellen, zeien ech einfach den Schlessel erof, zeien d'Handbremse an den Motor sprengt dann kurz dono aus??
Falsch Reihenfolg! Du stells den Auto dohinner, zits dono d´Handbrems an ereicht dann kanns de den Schlessel dreinen an erauszeihen. Beim HKS geet den Auto, (am Automatikmodus vum TT) no 1 - 3min aus :wink:

Wanns du den Schlessel dreins iert d´Handbrems gezun gin as, geet en einfach aus. Den TT get jo un d´Handbrems ungeschloss. Daat bewierkt jo och dass keen der den Auto klauen kann, well en ausgeet wanns de d'Handbrems lass mes.

Serge
Form follows function

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 08/01/2008 2:25:54

Kane STi wrote:Wanns du den Schlessel dreins iert d´Handbrems gezun gin as, geet en einfach aus.
Wanns de d'Dokumentatioun op Englech kucks, beim Apexi an Blitz op allefall, roden se der un, deen Kabel un d'Mass ze machen, oder eben un d'Handbrems, wanns de daat onbedingt wëlls. Ech hun ën un d'Mass gehangen, well ech wëll nët den Motor ongewollt ausmachen, just well ech vergiess haat d'Handbrems schon ze zeihen ;-) Do wou mer daat kein fiirkommen, ass wann ech irgendwou beifueren fiir op een ze waarden, an deen kënnt einfach nët erbei, dann bleiwen ech mam Fouss op der Brems, an machen dann awer beemol den Motor aus, an dann oops... Wier zwar am Fong geholl eigentlech nët esou schlëmm, en ass jo dann schon gelaaf :roll:

Keint natierlech sinn, dass se bei der originaler Japanescher Fassung daat nët esou gesinn, mä dei verstinn ech leider nët 8)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply