Abauanleitung Blitz FATT Turbo Timer

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Abauanleitung Blitz FATT Turbo Timer

Post by Jean-PierreR-71 » 22/03/2008 20:05:35

Salut,

Ech hun des Woch dem Carlos sein Blitz FATT Turbo Timer agebaut, an den Yves huet sech als Photograph freiwëlleg gemellt fiir daat ganzt festzehaalen.

Sou, hei wier dann d'Abauanleitung :

Also als allereischt muss den ënneschten Deel vun der Console lassgemach gin, dofiir mussen 1 Clips an 2 Schrauwen lassgemach ginn an dann kann d'Console einfach lassgezunn ginn :

Image Image Image

D'Console ass uewen mat 3 Clipsen festgemach (2 um lënken Deel, 1 um klengen rechten Deel). Hei gëllt ët also fest zeihen ouni ze murksen. Ideal ass mat enger Hand zweschend d'Lenkseil an d'Console ze greifen fiir en gudden Halt ze kreien :

Image Image

Dann gëllt ët den Turbo Timer Harness (Adapterkabel an "T"-Form, sollt op allefall matbestallt gin !!) unzeschleissen. Dofiir muss mol den Stecker, deen vum Zündschlass kënnt lassgemach gin :

Image

Dann kann den TT-Harness ganz einfach dezweschengehaangen gin :

Image

An schon ass en ugeschloss :

Image

Als nächst muss den Display festgemach ginn. Daat ass natierlech eng Geschmacks-Saach wou deen sollt fixeiert gin, resp. hängt dovun off waat nët schon alles am Auto verbaut ass an eben nach Plaatz ass ;-)

Beim Carlos hun mer en niewt den Becherhalter ënnert d'Lüftungen un der Mëttelconsole festgemach (wou mein Daum op der nächster Photo ze gesinn ass).

Als eischt muss also daat Stëck erausgebaut ginn, dofiir muss d'Blend vum Autoradio eroofgeholl ginn. Leider hun mer heivun keng Photo gemach, mä dei ass am WRX/STi vun 2002 bis 2004 just geclipst, also wei schon fiirdrun gesoot, einfach fest an mat Gefill zeien. Beim WRX/STi vun 2005 bis 2007 ass dei Blend uween mat 2 Clipsen festgemach, an ënnen mat 2 Schrauwen. Un dei kënnt een wann een d'Schaltkulisse einfach erauszitt, dei ass just geclipst (wei gewinnt, fest awer mat Gefill zeien).

Image

Um Ëck vun deem Stèeck muss e bessen gefeilt gin, sou dass den Kabel vum Display och schein proper do kann erauskommen :

Image

An dann muss d'Mëttelconsole nees schein zesummengebaut gin :

Image Image Image

Hei am Bild uewendrun geseit een schon den Duebelkleber fiir den Display festzehaalen, elo gëllt ët den Display proper an riicht unzepeschen, an voilà 8)

Image

Natierlech muss den Kabel vum Display laanscht den Radio bis iwert d'Pedalen verluet gin.

Wann daat geschitt ass, gët ët Zeit d'Steiergerät vum Turbo Timer unzeschleissen. Den mooven Kabel deen derbei ass, ass geduecht fiir un den Kontakt vun der Handbrems ugeschloss ze ginn. Ech machen daat allerdings nët, well soss den Turbo Timer just mat gezunnener Handbrems funktioneiert... Eigentlech sollt en fiir mech ëmmer funktioneieren ;-)

Dei 2 matgeliwert Kabelen mussen elo un d'Steiergerät ugeschloss gin :

Image

Dei 2 Massenkabel an deen fiir op d'Handbrems gëllt ët elo proper op eng Längt oofzepëtsen an un eng "O"-Cosse festzemachen :

Image Image

Eng Masse dei ganz an der Geigend einfach unzezaapen ass, leit ganz lënks bei der Scharneier vun der Dier :

Image

Wann d'Kabelen bis un der Schrauw festgemach sinn, gëlt ët och dei proper ze verleen :

Image

Um Steiergerät gët ët nach 1 Schalter, domat kann een d'Ëmpfindlechkeet astellen, mat deem d'Steiergerät d'Dreizuel aus der Bordspannung miest. Beim Subby, vum GT bis dem leschten STi ass d'Standardpositioun A richteg.

Image

:idea: Allerdings befestegt d'Steiergerät awer esou, dass am Noufall deen Schalter kann ëmgestallt gin :!:

Sou, vu dass mer elo eigentlech alles uschleissen keinten, wier ët un der Zeit d'Steiergerät ze befestegen. Den matgeliwerten Doubleface vun 3M ass super gudd, ët wier awer nët schlecht nach zousätzlechen Doubleface ze hun, sou dass d'Steiergerät och gudd fest sëtzt. Ech monteieren daat ëmmer bannen an den Deel vun der Console dei mer ganz am Ufank lassgemach hun, direkt niewt den OBD-II Stecker :

Image Image

An nët vergiessen den Kabel vum Display nach unzeschleissen :

Image

Ganz wichteg, beim Verleen vun den Kabelen sollt nët un Kabelbinder gespuert ginn. D'Kabelen sollen jo weder am Armaturenbried dono rabbelen, nach sollten se wärend der Fahrt iech op d'Feiss faalen :!: :lol:

Also och d'Iwerlängt vun den Kabelen brav opwëckelen, an mat engem Kabelbinder z.B. um OBD-II Kabel esou festmachen, dass se iech nët mei kënnen op d'Feiss faalen :

Image

Sou, elo nach d'Console, dei mer ganz am Ufank lassgemach haaten nees ubauen. Dofiir sollt een se d'eischt uewen an dei 3 Clipsen festmachen, dann den Clip op der lënker Seit nees andrëcken an uschleissend dann dei 2 Schrwauen nees festmachen :

Image

An domat wier der dann ferdeg :

Image

En klengen Tipp, zu Sandweiler, resp. wann der den Auto an d'Garage oofgidd, geif ech den Turbo Timer ausschalten, nët dass dei Hären ierch den Auto an eng Mauer parken oder vum Pont erooffleien ;-)

Hoffen dest kann hëllefen :!:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 21/05/2008 22:05:50

Salut,

Pour tout ceux qui ont un Blitz FATT avec uniquement la doc en japonais, voici la doc en version anglaise.

Merci à Mako ;-)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply