EcuTek ann Lizenzen

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
ramon

EcuTek ann Lizenzen

Post by ramon » 22/05/2008 15:40:19

Moien Subaru Kollegen.

Hunnn en klengen Dilemma matt EcuTek ann der Lizenz.

Also, main Problem ass folgendes, main Evo 9 haat zenter dem GPTuning en Leerlauf problem, bei kaalem motor ass dreizahl zimlech heich eroppgaangen.
Zenter kuerzem hunn ech och d’Check Engine Luut die ugeet, hunn och schon kontrolleiert, den MALF code ass P0505=Idle Control.. Den code ass vunn engem aarbechtskolleg ausgelies & geloscht ginn, ass aawer geschter erem komm.

Elo huet den Garaag Georges zu Miersch gesoot daat ett en Update gett fier daat Probleem ze behiewen (endlech mool een de Bescheed wees, den Pirsch haat nach nii eppes dovunn heieren). Ech hunn aawer bei der leschter Revisioun gesoot si sollten ett emool loosen well ech nett wees opp main remap da verluer geet.
En Uruff beim GP an hien mengt ech sollt verd’eischt bei hien kommen fier d’original Map erem droppzespillen, dann bei Mitsubishi fier den Update ann dann erem bei hien fier den Remap. Mee an deem Prozess keint d’Lizenz verluer goen, eng nei kascht 395 euro (Haaaa??)!!!

Fier mech emool schlau ze maachen (noom Prinzip vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser) hunn ech selwer bei Ecutek ugeruff and deen mengt den GP soll d’ECU bei si schecken, si keinten och deen Mitsu-update droppspillen and si schecken ett dann erem bei GP zereck fier daat hien den Remap erem droppspillt, daat ganzt ouni zousaetzlech Kaeschten. Wou ech mech wonneren, virwaat kann den Patrick daat nett maachen?

Vun aaneren renommeierten Evo-Tunern (importracing deen zimlech beklannt ass) liesen ech folgendes:
http://www.evo-forum.de/thread.php?threadid=10357

Ech verstinn alt erem nett daat jidder’een erem reageiert wie wann daat Probleem nach ni dogewiecht waer!? Ech mengen ett as dach normaal daat d’garagen hieren OBD dings uschleissen ann irgendwelch updates droppspillen (oder et gett automatesch eppes droppgespillt ouni daa den Mecanicien en Schimmer huet) ouni dem klient bescheed ze soen!!
Do gett ett nemmen 2 Meiglechkeeten: entweder all Evo oder STI Fuerer (Pilot?) seet senger Garaag ausdrecklech daat NETT ze maachen oder all zweeten ass der Meenung en wier matt 350ps ennerwee obuwel en matt „nemmen“ 280ps ennerwee ass.

Wie maat dier Subai Lait daat dann wann emool en MALF Code opptrett? Natiirlech huet dier de Virdeel daat Daiwel eng mamm GP zesummenschaft. Well GP jo nett schlecht maachen, mee zenter der Offer vun haut de mueren 395 Euro (speziellen Prais) hunn ech esou meng Zweifel (virun allem nom gespreich mam Haer vun EcuTek)

Merci,
Ramon

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 22/05/2008 16:55:24

Salut ramon,

Mmhh...kenne mech zwar nët TOP domat aus, mais et kléngt e bessi komesch datt eng Lizenz kann "verluer" goën, wann een déi original Map erëm opspillt. Déi Lizenz ass jo un sëch just den "droit d'usage" deen een kaaft huet, wéi een dem Tuner -an dësem Fall dem GP-Tuning- säi Prais bezuelt huet..., an deen droit ka jo nët verfaalen wann een eng Kéier muss den Wierks-Mapping opgespillt kréien (kennen souguer een deen en neit Steiergerät huet missten kréien, nodeem hien duerch en Marderbëss en Kuerzen am aalen hat, an deen trotzdem keng nei Lizenz huet missten kaafen).

Kéint et nët vläicht sin datt de Patrick sech schlecht ausgedréckt huet, an datt déi 395€ nët fir eng nei Lizenz mais fir d'Astellen vum Auto um Préifstand sin (well deen Aarbechtsopwand muss jo och bezuelt gin)??

Haal eis 'mol um Laafenden wéi déi Saach ausgeeht wann s du wëlls...

ramon

Post by ramon » 22/05/2008 17:52:20

Salut Teit,

Ech mengen nett daat den auto opp den Prefistand misst, daat ass jo schon alles gemeet ginn...

Mool kucken, ech waarden emmer nach opp en Uruff vum Tessy, wann ech bis muer de metten naischt heiren, ruffen ech unn oder besser nach fueren laangscht, keng Loscht nach wochenlaang matt der Check Engine Luut ze fueren....

An deem Fall vun dengem Koleeg deen en neien ECU kritt huet, waar den och vum GP gemappt? Falls jo, wei ass daat dann gaangen? Huet den GP einfach seng getunten Map erem droppgeluedt ann ok oder wei?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/05/2008 22:41:55

Salut,

also waat ech keint verstoen, ass, dass wann en ECU-Update gemach gët, dann d'Serien-Nummer ännert, an dofiir den Problem mat der Lizenz geif entstoen.

Mä wann daat no engem ECU-Wiessel keen Thema ass, wou jo definitiv d'Serien-Nummer ännert, verstinn ech daat elo sou direkt och nët :roll:

Wier och frouh, wanns du eis keins um laafenden haalen !

Bis dann, JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 23/05/2008 22:32:41

Update: hunn elo main ECU (selwer) ausgebaut a schecken ett e Meinden de mueren per TNT zu EcuTek, dei maachen dann waat wees ech och emmer a schecken mer ett dann zereck.
Ma weinstens muss ech naischt bezuelen, souguer de Shipping iwwerhuelen sie.

Ann elo steet en do am garaag wei wann een em d'Haerz erausgerappt haet :(
Ech haett den Daiwel sollten froen opp se mer nett haetten en neien STI keinten leinen, do stungen der jo genuch viir un der Dier. Daa waer d'freed opp main Evo nach mei grouss gewiecht wann ech main ECU zereck kreien :twisted:

Spass baisait, ech kann mer schon vierstellen wei ett geet, den ECU kent zereck, schleissen daat ganzt unn ann...naischt geet mei (geif mech nett wonneren) da flaamt ett aawer, dann ass 'schluss mit lustig' :x da schecken ech dem GP denn Auto per ACL depanneuse a dann kann e kucken daat en eenz gett :)

mako

Post by mako » 05/06/2008 22:03:58

an wei gesait et aus?

ramon

Post by ramon » 06/06/2008 9:59:16

Majo, also hunn fier un enger woch den ECU matt Originaal S/W vun Ecutek UK zereck kritt, erem agebaut ann 2 Deeg waar alles ok, dono ass d’Check Engine erem ugaang (wameicglech erem den P0505 Leerlaaf Ventil dings).

Dem Patrick ugeruff, waat machen? Keng antwert, do hunn ech Ecutek UK ugeruff sie soen ech sollt elo ann d’garaag fueren ann den Probleem behiewen esoulaang die orignaal Mitsu SW nach dropp ass.

Den Garage Georges zu Miersch mengt ett misst en neien throttle (Papillon) drakommen deen aawer verd’eischt bestallt muss ginn. Eegal soubaal daat Probleem dann behuewen ass kann ech erem bei den Patrick goen an die „getunten“ Map erem droppspillen.

Die Saach matt der Lizenz hunn ech emmer nach nett verstaanen, waat Tessy mer elo erzielt huet (obwuel hatt sech och nett 100% secher ass) misst trotzdeem eng nei Lizenz droppkommen, daat ganzt kascht aawer naischt (komesch nemmen daat daat vir un engem Mount nach 400 euro kascht haett!! <- elo kann jidder’een sech selwer ausmoolen wie een esou en Akt geif bezeechnen)

Waat ech emmer nach Schued fannen ass deen superschlechten support apres vente vumm GP, en hellt sech Zait fier dain Auto ze prepareieren, mee elo gesait een gutt wann e Probleem kennt da kann een zu 99% selwer kucken daat een eens gett. Nach gutt daat ech enn hobby bastler sinn (a virun allem Gedold hunn wei e Bierg) a weinstens wees wei een en ECU ausbaut soss haett ech nach missten 2 Meint waarden bis heen emool engkeier Zait huet daat ze maachen. Vlaicht lait ett jo och drunn daat hien vun der Subaru Kommuniteit helleg gesprach ginn ass an vunn Evo’s ann aaneren „Exoten“ nett vill Ahnung huet!?

Sou fier ze resumeieren: virwaat hunn ech eigentlech main ECU missten ann England schecken? Die orignall SW haett de Georges och keinten droppspillen plus haetten se keinten main Check Engine probleem behiewen!! Kee wees ett….

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/06/2008 14:50:46

Dozou kann ech just soen : Hmm :? Gudd, dass du Gedold hues :!:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 06/06/2008 15:12:48

Mee elo wollt ech aawer emool wessen wei daat bei ierch esou ass? Dei meescht kaafen hieren WRX jo beim Daewel an ca 50% ginn glaiech bei den GP.
Wann do emol en Probleem matt enger check Engine ass ann en deel muss opp garantie ausgtosch ginn, huet Daewel en Accord mamm GP oder drecken se einfach en Aa zou, well se genau wessen waat EcuTek ass?

Den Mekano beim Georges huet probeiert mer ze erzielen daat chippen etc nett gutt wier, hunn him aawer gesoot daat den auto original ass (waat en am moment jo och ass). elo gett eng Garantieufroo (?) gemaat, dauert ca 2 Wochen an dann kennt en nei Drosselklapp dran. Keint en Probleem ginn well ech hinn bei der leschte Keier gesoot hunn si sollen hiert Diagnosegeraet nett uschleissen well den auto GP-getunt wier.... Ech loosen mech emool iwwerraschen!!

Ramon

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/06/2008 15:32:09

Also ech muss soen, ech haat selver mam ECUTeK nach keen Problem, an mein STi huet no eppes iwer 2 Joër zum Glëck keen Garantie-Usproch gebrauch.

Vun Subaru BeNeLux ass ët awer ganz kloer, geTEKt, keng laang Diskussiounen, do gët ët keng Garantie !

An se kënnen anscheinend och nokucken, ob en ëmprogrammeiert gouf an nees zerëck, d.h. nees "original" machen fällt anscheinend awer op, an och do soll ët dann keng Garantie mei ginn :?

Mei STi ass aus Deitschland, wei Subaru Deitschland daat handhabt, ass dann nees eng aaner Fro :roll:

NB: Den Daewel wees och genau waat ECUTeK ass, se loossen se selver och beim Patrick TeKen ;-) Mä bei Garantie-Problemer ass ët nët den Daewel, mä den NCM oder eben wous du soss den Entretien machen leiss, do ass den Daewel nët mei an Spill.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 06/06/2008 16:41:35

An NCM wäschen sech d´Hänn och waiss, nom Motto 'du hues en getekkt an dann kuck och lo dass de mat denger Garantie eenz gess'. Sie verweisen ganz glaat op den Hiersteller.
Daat heescht du kanns der deng Garantie sauer anmachen, wann den Auto bis getekkt as.

Schlussendlech huet Subaru resp. den Hiersteller selwer daat lescht Wuert an daat as meeschtens: NEE!

An mat der Grantie as Garantie fir den ganzen Auto, net nemmen den Motor, gemengt. Alles waat irgendwei mam Undriw (Motor, Boite, Diff, Cardan, ECU etc...) ze dinn huet as vun der Garantie ausgeschloss.

Daat sin mol meng Erfahrungen.

An NCM gin sech net mol d'Meih eppes ze probeiren, wann en getekkt as, get et keng Garantie. (Sou war et mol bei mär)

Mam GP sin ech perseinlech an Noutsituatiounen geweinlech gudd gefuer. Den Problem as bei him einfach, dass en nie Zait huet. :roll:

Serge
Form follows function

Post Reply