varex / ECUTEK

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

varex / ECUTEK

Post by BenD-86 » 31/12/2008 13:38:25

@alleguer

hun dat hei fonnt waer dach cool 8) 8)

http://de.youtube.com/watch?v=hraGOKzB-4w

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 01/01/2009 12:35:05


User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/01/2009 15:58:26

Geif dann awer eischter op d'Dëppen goen.

Froen mech, op daat nët daat Dëppen ass, waat den Rob Vonk op sengem schwarzen GT op der Deutschland Rallye drop haat.
Last edited by Jean-PierreR-71 on 01/01/2009 17:05:33, edited 1 time in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 01/01/2009 15:59:13

Salut ben, also daat vun apexi schengt wierklech interessant! Also wann daat mat menger blitz nur spec r compatibel ass, wier et duerchaus eng iwerleung wert, well ech kreien lo nach eng aaner downpipe, an d'nooperen sin lo schon freu mat mer... :)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/01/2009 17:10:08

Kloer, am Fall vun Nooperschaft-Frëndschafts-Erhaalungs-Moosnahm ass daat schon keng schlecht Leisung ;-)

Geif just nët "voll fueren" mat deem Dengen zou, den Rëckstau kann schon schlecht fiir den Motor / Turbo sinn. Daat gouf jo och am Video ugeschwaat, an am Fall vum Varex-Dëppen kënnt daat jo nët viir, well d'Abgasen do just ëmgeleed ginn, an nët oofgeblockt.

Just ech fannen, wanns de den Apexi als Flansch mat Steiergerät kucks, daat ass den Preis vun engem Endschalldämpfer (588€ + Porto), nët wierklech bëlleg :roll: :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 01/01/2009 23:06:08

dat ass jo den probleem wou ech hun mam kameidi hun och lo dp drop an ouni silencer leeft den auto 1tens net richteg an en mecht mega kameidi!
dofir hun ech no leisungen gekuckt probleem ass just wei dat mat sandweiler ass?
varex ass nach deier wanns een kuckt do ass apexi en schnäpchen dergeint!
dei 3 meiglechkeet ass dat ech mengen dat zum beispill aerys nach een silencer huet mat engem anner durchmisser mei grouss wei deen deen ech am moment hun well dan auto klentgt net schein mat deem wou lo dran ass :cry:
an ech mengen d silencer sin mei belleg wei varex an apexi dann muss ech eben an kaaf huelen dat noperen net frou mat mir sin :twisted: :twisted:
mol kucken :D

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 01/01/2009 23:10:13

@jp

falls du eemol d emiglechkeet hues kanns du den rob jo mol nachemol froen wei eng mark sein ass?
dat wat ech mech nach froen bei him an varex ass wei ass dat wann dei zu sandweiler hir dengen fir d ofgaassen ranstiechen?
wann et lo een systeem geng gin wou dei klapp firum enddeppen ass geng dat jo nach goen mee wei gin gaassen dann raus :?: :?:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/01/2009 0:33:03

Also 499 AUD als normal Preis fiir den Endschalldäpmfer ass nët deier, daat sinn knapp ~250€ ! An do ass den ganzen System jo awer dran, och wann direkt viirum Dëppen en Flansch ass, also fiir den Suvvy "Rouer" fehlt...

OK, muss een kucken waat do nach muss mat gewiesselt ginn, warscheinlech Cat-back, an eben kucken waat daat kascht, plus den Transport an Dedouannement.

Den greissten Problem deen ech just gesinn, ass Sandweiler :?

Nët bei der normaler Controll, well d'Klapp leit weit genuch eran fiir hieren "Wippchen" ranzekreien, awer zum Prinzipp wärten se schon eppes ze meckeren hun, an an eischter Linn, waat leeft an der Agreatioun ??

Froen den Rob nach op daat daat ass waat hen drop huet.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 02/01/2009 12:31:10

@Ben
Ass awer komesch dass den auto net normal leeft ouni db-killer...hues du dann no der montage vun denger dp en ecutek gemaach?
Well ech soll desen mount naemlech genau daat maachen,+eng aaner benzinspompel, an ech gif daat net seu cool fannen wann mein auto 2000€ mei speit net mei propper leeft...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/01/2009 13:19:28

Den Ben huet den ECUTEK nach nët gemach, dofiir ass sein ECU nët op seng Auspuffanlag oofgestëmmt.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 02/01/2009 14:18:50

Ok, daat berouegt mech! :D

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 02/01/2009 20:02:27

den auto leeft normal just wanns du vollgaas ges kann hien d ofgaassen net mei rivhteg moosen an dann sprengt en an den "mode de securite" an dono rem normal weider den silencer mecht den reckstau vun den ofgaasen an d lambda-sonde regelt wei normal...muss awa ecu machen loosen beim gengler....
@neckel
firwat eng aner benzinpompel??

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 03/01/2009 2:32:55

@JP: Also ech wees net op daat Deppen waat den Rob ob der Deutschland Rallye haat vun Varex war, mee den System war genau deen.

Den Problem mat dem Apexi System as nämlech genée deen wei se och am Video erklärt hun. Et get een Reckstau, waat fir den Motor net gudd as. Beim ganzen System gelangen d'Ofgasen jo iwwer Emmwéer trotzdeem nach zum Ausgang. Bei deem zweeten System gin se einfach geblockt.

@ Neckel: Ech hun mein GT (mat Nür Spec R) beim Patrick tek'en geloos an dun hun ech heen gefroot ob mir keinten testen weivill den Leeschtungsennerscheed mat an ouni Silencer wier. Erstaunlecht Resultat. D'Kurve an d'Leschtung waren GENAU dei selwecht. (Ech muss awer dozou soen dass meng Downpipe nach original as). Ech huelen un dass daat den Grond as wisou d'Leschtung gleich as. Obschon ech mir eng kleng Differenz erward hun. Op den Stöppchen sech ennerscheedlech auswierkt wann eng 3" Downpipe ouni Kat drop as wees ech leider net. :-(

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 03/01/2009 13:53:22

@Ben
Majo, hun mech daat am ufank och gefroot, an dunn huet den JP mer erklaert, dass den motor opgrond vun der meileeschtung och mei waarm gett, an doduerch perverserweis muss mat benzin vun bannen gekillt gin... :lol:

@Bisi
Daat wonnert mech zwar elo e bessen, well eigentlech misst et jo logescherweis en ennerscheed maachen... Mee villaeit kann ech den patrick jo froen daat selwecht bei mengem mat der DP drop ze prob.!?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 03/01/2009 14:40:40

den mako huet jo turbo-back an heen huet sein jo och getekkt an den gengler sot egal op mat oder ouni silencer selwecht leeschtung!!
waert dat jo gesin wann main getekkt get!!! :twisted:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 03/01/2009 14:41:28

@Ben :

Dei Saach mat der Benzinspomel ass fiir mei en heigen Beninfloss / -drock ze kreien, beim 2.5l STi geet bis 330PS ouni, driwer muss d'Pompel gewiesselt gin, an eventuell och d'Injectoren (sinn mer do awer nët sou sëcher). Wei daat mam WRX, resp. mam 2.0l STi an WRX ass, wees ech nët sou genau, mengen awer nët, dass dem Carmen op sengem 2.5l WRX eng aaner Pompel hätt...

@Nëckel :

Daat beim Bisi ass normal, leisst sech ganz einfach duerch 2 Taatsaachen erklären :

1) Hien huet nach d'Downpipe mam Kat drop, do entsteet esou en Staudrock, dass den Endschalldämpfer sou oder sou genuch Duerchfloss huet, fiir dass ët keen Ënnerscheed an der Leeschtung mecht.

2) Daat awer och, well Blitz Top-Geschier ass, an souguer mam Silencer nach ëmmer en top Duerchfloss huet.

Denken schon, dass ët mat opener Downpipe keint en Ënnerscheed machen, awer warscheinlech och nët esou een enormen, well eben wei gesoot Blitz an eischter Linn gudd entwëckelt ass, an reicht an 2. Linn just gudd ausgeseit an klengt :twisted: (Also ech sinn guer nët ageholl vun Blitz, nee nee, guer nët ;-))

Sinn mer lo nët mei sëcher, hues du schon mei en STi oder WRX ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 03/01/2009 14:49:46

@jp
hm ass dei vum sti dei net selwecht wei dei vum wrx?dat heescht ech misst dei mat wieselen?
den neckel huet och en wrx 06 mengen ech!

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 03/01/2009 15:37:27

Jo, hun och en wrx 06...

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 03/01/2009 15:45:55

Lo mol oofgesin dovun fierwaat d'benzinspompel gebraucht gett, fakt ass mol dass den patrick soot dass se gebraucht gett! Kann him do just vertrauen, well ech hun do net dei onmosseg ahnung dovun! :)

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 03/01/2009 17:21:01

Mein 2005er STI (d.h. 2.0l) huet och 330 PS an souvill ech wees as d'Benzin's Pompel net gewiesselt. Ech muss den Pier mol eng Keier froen ob se deemols matgewiesselt gouf. Daat giff erklären firwaat den STI souvill Benzin schluckt! :shock:

@ Neckel: Also dei Saach mam Silencer giff mech schon interesseieren!

Ech hun d'Downpipe net gewiesselt well ech wollt weinstens een Kat drop hun wann ech giff ungehaalen gin oder sou. Ausserdeem soot den Patrick deemols mat 260 PS wier den Maximum erreescht. Fir driwwer ze goen misst ech den Turbo, etc. wiesselen.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 03/01/2009 18:12:29

mol kucken wat den gengler seet wann heen en meinden do ass sprangen ech bis ran....

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/01/2009 2:01:53

@Ben :

D'Pompel um STi ass kaum dei selvescht wei um WRX, well d'Injectoren sinn mei dëck um STi. An daat geseis de, wanns de tanken gees ;-)

@Nëckel :

Jo, denken do schon, den Patrick wees waat en mëscht. D'Pompel ass warscheinlech fälleg, je nodeem, wei weits de wëlls mat der Leeschtung goen.

Well eent ass ganz kloer, wanns de bei Volllaascht beemol en Problem kriss mat der Spritzoufuer, well d'Pompel ët nët packt, geing den Motor genau do wou en extrem gefuerdert wier (heigen Dreihbereich), ze drëchen geif laafen, an daat wier op kuerz oder laang fatal !

Allerdings Pompel wiesselen ouni d'Injectoren ze wiesselen, op daat wierklech muss sinn ... ? D'Pompel misst den Injectoren jo eigentlech gewuess sinn, ausser do wier op der falscher Plaatz bei Subaru gespuert ginn.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/01/2009 12:16:24

@jp
jo ass wouer!
mee verstin net firwat pompel?ouni injectoren?hmm ausser den neckel mecht nach anner saachen(turbo...) dann geng ech dat verstoen!!!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/01/2009 12:24:22

Jo, wei gesoot, ausser beim WRX wieren Injectoren drop dei mei kënnen wei d'Pompel hiergët, dann mecht ët allerdings schon Sënn, ech wees awer nët op daat den Fall ass.

An dann muss een gesinn, ob den originalen Turbo och genuch Loft schaufelen kann, fiir esou vill Sprit ze brauchen, daat wees ech allerdings och nët :roll: :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/01/2009 12:26:40

jo wann dat sou wir dann geng ech dat pompel schon verstoen...klengt awer net logesch :?

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 04/01/2009 15:45:12

also ech maachen just den ecutec an d'downpipe... Turbo an alles rondrem huet den patrick mer oofgerooden weinst der boite( ze schwaach :( ) ! An hien soot vun sech aus et misst een d pompel mat wiesselen... Wees och net, hun nach 2 mol nogefroot - d benzinspompel, wiesselen? -, an 2 mol soot hien- ah jo, dei muss matgemaach gin!
Genau preziseiert wiseu huet en net, seu an den detail sin mer net gaang, aus zaeitlechen grenn... Wees just dass se 200 € kascht! :shock:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/01/2009 16:37:36

hm...
dat muss ech dei wahrscheinlech och mat wiesselen? kucken mol muer!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/01/2009 17:28:04

Also eent ass mol kloer, ët kann nët schueden :!: Natierlech fiir 200€ wier ech schon gudd, wann ët wierklech sënnvoll ass...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/01/2009 17:40:12

also hun haut bei gp ugeruff haat zwar nemmen tessy um telefon dat huet den patrick dun gefrot...pompel sollt matgewiesselt gin firwat erklärt hien mer wann ech bei him sin oder emol kurz rasprangen!hun rdv den 10.03 fir ecutek! :D

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/01/2009 17:47:44

Ei ei ei, wei beim Zenndokter, 3 Meint Waardezeit ;-)

PS: Machen desen Topik mol als Shadow och an den Beireich Engine, vu dass mer des Lescht mei vun ECUTEK wei vun Auspuff geschwaat hun ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/01/2009 21:33:34

nee waer och eischter gang!mee den port-monnaie sot nee well ech am feb. an ski-vakanz gin...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/01/2009 23:04:55

Aaaaah ;-) Jo daat ass jo och en mei agreablen Grond 8-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 05/01/2009 23:43:03

Hei hei.... emmer an der Vakanz deen do! ;-)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/01/2009 15:06:33

maja get mir jo gudd.... :D :D 8)

@bisi
dann wees du dat dei woch schlecht widder hei get...!

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 08/01/2009 13:54:46

Kruut mein auto geschter vum gengler zreck! An ech sin mega zefridden! En leeft mega propper, an den ennerscheed ass wierklech grouss. Einfach nemmen spaass! :twisted:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 08/01/2009 17:42:46

wevil leeschtung hues du dann?nm?ps?

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 08/01/2009 18:04:43

Majo, laut preifstand vun 247 op 274 ps, an vun 353 op 458 nm! :D

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 08/01/2009 19:58:30

dat klengt jo net schlecht...

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 08/01/2009 20:05:36

Jo, mee loss dech net vun deem eigentlech net groussen ps ennerscheed beandrocken! Wor do am ufank och relativ skeptesch, mee et ass en groussen ennerscheed!!

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 08/01/2009 20:09:03

normal et sin jo net d ps mei den dreihmoment wat et ausmecht!kloer dat ps zuehl och eng roll spillt....

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 08/01/2009 23:49:55

Daat ass jo Top :!: Domat hues de den selveschten Dreihmoment wei ech mam 2.5l STi.

An ech gleewen der daat ouni Problem, dass ët en riesen Ënnerscheed ass !

An Pompel mat gewiesselt ?
Last edited by Jean-PierreR-71 on 09/01/2009 12:37:49, edited 1 time in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 09/01/2009 10:06:29

Jo, d pompel gouf gewiesselt! Mengen daat miekt een och op der tankstell...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/01/2009 12:38:29

Wann den Spass-Faktor do ass, verkraft een och den extra Obulus op der Zaapseil :twisted:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 19/01/2009 20:08:49

also hun dat lo mol gecheckt...d injektoren bei sti an wrx my06/07 sin d selwecht dat wat aennert ass d pompel dat ass dann den grond woufier den gengler seet pompel mat wiesselen....menegn dat gellt awer just fir dei 2.5motoren... wees et awer net 100%...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/01/2009 20:48:41

OK, daat mescht Sënn !

Dann wärt den Block beim 2.5l vun WRX an STi genau deen selveschten sinn, deen kreien se dann esou ugeliwert, wärt mei bëlleg ginn, den selveschten ze machen, wei 2 Produktiounsketten ze hun...

D'Périférie ännert dann, wei Zylinderkäpp, Turbo, Intercooler asw.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 19/01/2009 20:52:53

yep...
haat gefrot fir en original pompel vum sti 360.- htva... :shock: dann huelen ech dach dei vum gengler... 8)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 20/01/2009 10:43:15

Hehe, voilà, sou mecht alles Sënn :lol:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 20/01/2009 11:41:00

Also beim mengem STI ('03, 2.0l) gouf bei der eischter Stuff (330PS) och d'Benzinspompel matgewiesselt.
Dei original Pompel as eben op den orinalen Motor ofgestemmt an dreit bestemmt och en Deel zum Spritverbrauch/-spueren bai.

Dei original Injektoren sin gudd bis ongefeier 360PS, dann wär et och gudd se ze wiesselen. Mat där orinaler Leschtung lafen d'injektoren eben nemmen op engem Deel vun hierer potentieller Leschtungsfähegkeet.

Ech wollt d'Pompel och hun, well net dass bei Leeschtungsspetzen op eemol net genuch Sprit kennt --> moert Gemesch --> Gefohr vun Detonation (Fehlzündungen) an domater potentiellen Motorschued. Besser en sefft e bessi mei, wei dass en där em d'Oueren flitt :wink:

Serge
Form follows function

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 20/01/2009 21:07:53

ech wost net dat een mat engem scooby kennt sprit spueren?????? 8)

jo ass effektiv besser se ze wieseln sin mol gespannt weivil power main dono huet?

@neckel
wei eng dp hues du drop?

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 20/01/2009 22:31:32

@ Ben: Et as eben alles relativ....!!

Post Reply