Quietschen vun der Steierung beim STi (MY2002)
Posted: 31/03/2009 14:01:56
Hun zënter kuerzem folgende Problem:
Kuerz nom Démaréieren (besonnesch mueres fréi wann den Auto äiskaal as) kënnt fir ca. 5 Sekonnen en gehierlost Quietschen aus dem Motorraum (nee, net dem Noper seng Kaz déi an den Ventilator geroden as ), wat sech awer no kuerzer Zäit nees leet. Dat selwescht Quietschen kennt awer erëm soubal ech probéieren d'Rieder anzeschloen, z.B. beim ausparken! Gläichzäiteg verhärt d'Steierung gehierlos an d'Rieder loosen sech just nach ruckarteg aschloen (awer just wann den Auto nach steht). Wann den Auto waarm ass, da quietscht näischt méi an d'Rieder loossen sech ganz normal aschloen! Den Uelegniveau vun der Servosteierung as normal...
Wien wees wat dat kéint sin?