Page 1 of 1

Posted: 09/05/2009 15:16:41
by MichelW-68
Un deem R VIT wir ech och interesseiert.Wei bauut een deen dann an? Oder wou kann een den abauen lossen?

Michel

Posted: 09/05/2009 16:08:38
by BenD-86
bei blitz bestellen an den abau ass einfach get just un den obd-stecker ennert dem steierrrad agebaut....an dann just nach eng platz fannen wou en hinpasst

zb hei

http://img17.imageshack.us/my.php?image=img2300v.jpg

Posted: 09/05/2009 20:47:20
by MichelW-68
obd stecker...sorry mai welchen ass daat.?

Ech gesinn^der mol 2.

Deen een ass direct ennert dem Steieraad an der Verkleedung an gesseit esou aus wei en SCAART Stecker bei der Tele.
Deen aaneren as nach mei ennen an ass net verkleed ....an wann ech Fotoen vun der Blitz Homepage gesinn misst et deen Stecker sin wou den R VIT drop passt.

Michel

Posted: 10/05/2009 0:38:44
by Jean-PierreR-71
Den OBD-II Stecker ass deen, wou als Service-Stecker dingt, also wou den Subaru Diagnostic Gerät ugeschloss gët.

Deen ass ganz ënnen liicht lënks vun Tableau de bord an der Verkleedung (misst deen sinn, deen wei en SCART ausgeseit).

Wanns de interesseiert bass, ech hun fiir en Kolleg eppes bei Blitz an der Bestellung, den Container kënnt Ugangs Juni un.

Op desem Bild geseis du den Stecker, en ass lenks vun der 3. iwer der Gas-Pedall (hun awer elo gudd gesicht fiir en Bild ze fannen ;-)) :

Image

Posted: 10/05/2009 8:32:05
by MichelW-68
Salut

Ok ech gesinn. Den Scart Stecker :D

An den R VIT geet dann einfach vir dran gestach? Hennert daat net beim fueren? An....geseit daat net onstylesch aus !?

Wei mengste...interesseiert? Ass do en R VIT dobei ? Jo wir schons interesseiert daat Dengen do am Asatz ze gesinn an och wei et verkaabelt get an monteiert as.

Merci

Michel

PS. Sin geschter beim Daewel zu Mamer laanscht gefuert an du wors grad um gaangen virun der Dir mam Vendeur ze schnessen.

Posted: 10/05/2009 8:33:28
by MichelW-68
ben wrote:bei blitz bestellen an den abau ass einfach get just un den obd-stecker ennert dem steierrrad agebaut....an dann just nach eng platz fannen wou en hinpasst

zb hei

http://img17.imageshack.us/my.php?image=img2300v.jpg
Cool ...ass daat vun dengem ? Ech hätt en leiwer an der Mett.

Posted: 10/05/2009 14:23:09
by BenD-86
jo du muss just den kabel verstoppen an u kanns et festmaan wou wels den jp an ech mir hun en do wels de am beschten drop gesais...mee am fong kanns du et jo maan wous du wels.....

Posted: 10/05/2009 15:49:27
by MichelW-68
Merci

Vir et vielleicht meiglech eng Foto ze machen vum Stecker (SCART) mam RVIT monteiert ?

Merci

Posted: 10/05/2009 16:43:21
by BenD-86
jo keen probleem....

Posted: 10/05/2009 17:06:55
by BenD-86
Image


obd-stecker
Image


Image

Posted: 10/05/2009 18:45:10
by MichelW-68
Merci

An wei ass den R VIT dann festgemacht...duebelen Tape ?

Ech mengen den Jean-Pierre misst elo mol en eenzelen Thread opmachen wir BLITZ R VIT :wink:


Jo do drun wir ech interesseiert.....wann dei neegst Commande u Blitz geet.

Michel

Posted: 11/05/2009 9:49:09
by Jean-PierreR-71
Salut,
mweis wrote:An wei ass den R VIT dann festgemacht...duebelen Tape ?
Yep, deen deen derbei ass hellt wierklech super, alternativ hun ech es vun Würth deen hällt mega gudd, mein ass (GT an STi) 1x festgemach ginn, an huet an iwert 1 Joër nach nie gewackelt ;-)
mweis wrote:Ech mengen den Jean-Pierre misst elo mol en eenzelen Thread opmachen wir BLITZ R VIT :wink:
Ass heimat gemach ;-)
mweis wrote:Jo do drun wir ech interesseiert.....wann dei neegst Commande u Blitz geet.
Majo daat haat ech gemengt, hun zwar hei nët en Group order opgemach, Kolleg wollt en Blow-off an Turbo-Timer fiir sein EVO, deen hun ech elo an Bestellung. Vu dass dei Saachen awer nach nët op Stock sinn an Ufangs Juni mam Schëff ereicht ukommen, keint ech der en R-VIT mat op d'Commande derbeisetzen loossen.

D'Fro dei sech nach stellt, wëlls de och Ueleg Drock an/oder Temperator ? Wann jo, brauchs de nach en Sandwich fiir zwescht den Block an den Uelegfilter an d'Geber.

Soo mer bescheed ;-)

Bis dann, JP.

Posted: 11/05/2009 16:38:18
by BenD-86
geng op alle fall mol uleg-temp(sou hun ech et op alle fall mol gema)!!

Posted: 11/05/2009 16:53:26
by MichelW-68
@JP

Hmmmm....dann häät ech erem de Problem mam Montage. Ech sin nämlech elo net den Super Kniwler waat dei Saachen ugeet.
Ech sin schons frou wann ech kann de Vidange machen ouni daat mit duereno eng Schrauw iwer bleiwt (...well do gett et jo just eng :wink: )


Ueleg Drock an Temp wir schons gut........

Michel

Posted: 14/05/2009 20:39:04
by MichelW-68
Hoy

Kann ech vir de Montage dann vielleicht bei den AutoDesign goen, wees een daat vielleichtg ?

Michel

Posted: 14/05/2009 21:41:06
by BenD-86
monatage vun wat ??? vun denen 2 geberen do geng ech bei den denis op aubange goen an den r-vit selwer keint den jp an ech eventuell maan wann hien looscht haaet????

Posted: 15/05/2009 9:42:01
by Jean-PierreR-71
Aber sicher doch ;-)

Posted: 15/05/2009 9:44:06
by BenD-86
majo dann leit et just nach un dir Michel????

Posted: 15/05/2009 9:56:37
by MichelW-68
ok - cool - Merci

Dann Jean-Pierre kannste mir daat bestellen. Am Groen wann et geet.

1 BLITZ R VIT
1 Ueleg Drock
1 Temperatur
1 mol Klammer vir un Lüftung ze machen
http://www.blitz-uk.co.uk/ProductItem-400.aspx

Subaru STI MY2005

Merci am Viraus

Michel

Posted: 15/05/2009 12:30:49
by Jean-PierreR-71
Hun grad en Mail rausgescheckt mat folgenden Items fiir op meng Commande derbeizesetzen :

1x 15147 - R-VIT i-Color - Black
1x 19233 - Oil Sensor Attachment Plate Subaru
1x 19210 - Temprature Sensor set
1x 19211 - Pressure Sensor set
1x 19162 - Multi Adjust Holder suitable for i-Color

Soen der bescheed wei wou an waat soubaal ech eng Äntwert hun ;-)

Posted: 15/05/2009 13:24:52
by MichelW-68
Yank555 wrote:Hun grad en Mail rausgescheckt mat folgenden Items fiir op meng Commande derbeizesetzen :

1x 15147 - R-VIT i-Color - Black
1x 19233 - Oil Sensor Attachment Plate Subaru
1x 19210 - Temprature Sensor set
1x 19211 - Pressure Sensor set
1x 19162 - Multi Adjust Holder suitable for i-Color

Soen der bescheed wei wou an waat soubaal ech eng Äntwert hun ;-)

Merci - mai geet och Gro/Alu vir den R-VIT i ? :oops:

Posted: 15/05/2009 14:48:04
by Jean-PierreR-71
Jo, misst ech nach änneren kënnen.

Awer ech hun am GT en selveren, an am STi en schwarzen, muss ganz eierlech soen, datt ech den schwaarzen wesentlech mei elegant an schein fannen. Den selveren geseit e bessen no bëllegem Plastik mat metall Look aus...

Posted: 15/05/2009 15:00:14
by MichelW-68
ok - dann vertrauen ech dengem Urteel....am schwarzen dann :lol: 8)

Posted: 16/05/2009 0:23:22
by BenD-86
yep schwarz :lol:

Posted: 07/06/2009 20:03:57
by MichelW-68
En decke Merci nachemol un de Jemp an de Ben vir den Abbau an deen coole Noometten.

Emmer erem gären.


Michel

Posted: 07/06/2009 22:58:45
by BenD-86
majo keen probleeem den metten war nach lang gin ... halwer 10.....

wann dus beim denis wars an d kabelen net solls fannen dann einfach mellen.....!!!!!! :wink:

Posted: 07/06/2009 23:37:03
by Jean-PierreR-71
Absolutt keen Thema an mat grousser Freed, war ganz relax 8) An war beim Ben nach e bessen mei laang gin ;-)

Wanns de beim Denis passeiert bass, mell dech, dann schleissen mer daat nach un, an machen eventuell och nach dei neideg Astellungen ;-)

Posted: 09/06/2009 8:53:50
by MichelW-68
Ahhh....de Pech hällt net :?

Posted: 09/06/2009 11:33:40
by Jean-PierreR-71
Hmm ... daat ass nawell schlecht :-(

Dann scheint den Cockpit-Spray harneckeg ze sinn :? Bei mier hällt ët bommenfest, mä ech hun effektiv och nach nie Cockpit-Spray am Auto verwendt.

Waat mer machen kënnen, wier wei bei mengem GT (do ass ët aanescht nët gangen) eng kleng Plaque Metall mat 2 klengen Schrauwen un d'Rumm befestegen, an den R-VIT dann do drun peschen.

Posted: 09/06/2009 12:24:14
by MichelW-68
ech misst irendwou nach SuperGlue hun...... :wink:

melle mech

Posted: 09/06/2009 17:56:29
by BenD-86
eiei :?

jhemp neien double face ass bestallt....!!!!!!!!!!

Posted: 10/06/2009 13:15:03
by MichelW-68
kennt Ihr mir nachemol Telefone Nummer gin vum Denis :?

Posted: 10/06/2009 14:19:31
by Jean-PierreR-71
Hei ass seng Adresse :
  • Garage Chrisophe DENIS
    6, rue d'Athus
    B-6790 Aubange

    Tél : +32 63 38 91 86
An ganz genau hei ass en ze fannen ;-)

Posted: 02/07/2009 19:57:23
by MichelW-68
Wor elo beim Denis an ech hun Kabelen selwer färdech monteier
Kann een mir soen wou ech elo beim Rvit den uelegdrock
An temp fannen??? Fannen dei net oder muss een do nach eppes
Astellen

Michel

Posted: 02/07/2009 23:16:32
by BenD-86
also temp ass EXT-T wann ech mech net irren wat den drock ass wees ech net hun deen net ugeschloos... jhemp??? :oops:

Posted: 03/07/2009 10:27:24
by Jean-PierreR-71
Also d'Temperatur ass effektiv den EXT-T, do gët ët neischt anzestellen.

Den Drock kanns de och Ëmbenennen (heescht bei mir elo OIL-P). Deen kanns de och astellen, misst awer defaultmeisseg korrekt fiir Uelegdrock agestallt sinn. Kuck mol obs du en EXT-P oder sou ähnlech fënns.

Wann den Auto kaal ass, klëmmt deen am Ralenti gären bis 6-7 bar, warm leit en dann am Ralenti bei 2-3 bar.

Ansonten muss ech den owend an der Garage nokucken ;-)

Posted: 15/08/2009 18:36:26
by MichelW-68
Hoi

Wollt just nach Bescheed soen...daat ech elo alles um laafen hun....

Merci JP Merci Ben

Michel

PS: Bei mir dauert daat emmer e beschen mei laang ......hun nie Zait :wink:

Posted: 15/08/2009 18:38:08
by BenD-86
majo tip top!!!awer emmer op d stross kucken...

keen probleem!!! :wink: :wink:

Posted: 16/08/2009 12:36:29
by Jean-PierreR-71
Excellent ! ;-)

Posted: 21/08/2009 13:46:12
by MichelW-68
Mir ass opgefall daat den RVIT sain Display, wann et am Auto warm get duerch d´Sonn, mei onscharf gett mei flu mei "milchig".
Hmmm.normal ?

Michel

Posted: 21/08/2009 13:57:01
by Jean-PierreR-71
Gudd Fro, ass mer esou nach nët opgefall... keint awer duerchaus sinn. LCD Display'en gin munchmol souguer einfach just pesch-schwarz, bis se dann nees oofgekillt sinn, dann funktioneieren se nees normal (awer daat sinn schwarz/weisser, an sou Saachen wei Thermometer, also eischter mei "bëllegt" Geschiir).

Ech keint awer och nët soen ob ech schon seit ech en dran hun mam R-VIT an esou engem Fall war, dass ët richteg dëck warm ass, an den Auto an der Sonn huet missten stoen.

Posted: 21/08/2009 22:37:31
by BenD-86
ass mir och na net opgefall.... kann awer sin wei den jp seet...