Diffusor an EcuTek

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Diffusor an EcuTek

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 7:24:47

Hallo.

Dir wesst jo dass ech nei an deser Scene sin, an vu que dass ech liesefaul sin an souwisou keen chinesesch verstin, hun ech mir erhofft mir kéint een fun iech erklären an 3 Wierder, am beschten op letzebuergesch, erklären waat en Diffusor ass an deen EcuTek an woufir di Saachen gudd sin !

Merci fir är Beméiungen !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 9:40:29

Kënnen mer maachen ;-)

Diffusor : Ass en Stëck waat ënnert dem Auto hannen (also ënner der Mall) sëtzt an dofiir suergt, dass d'Loft besser hannert dem Auto erausstreimt, an domat manner Sog (also Widderstand) genereiert.

ECUTEK : Ass "Chiptuning", d.h. do gët d'Steiergerät vum Auto nei programmeiert fiir mei Leeschtung ze kreien (ass bei villen am Club gemach).
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 9:49:21

Diffusor : Manner Widderstand heecht méi Vitesse ?

EcuTek : Wéini gin di Ännerungen um Steiergerät dann firgeholl ? Waat muss firdrun gewiesselt gin sin ?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 28/07/2009 9:57:18

diffusor brengt am fong net vill ass mei fir d optik!!!


ecutek kanns du einfach sou maachen ouni vill um auto geaennert ze hun!!kanns et awer och sou machen wei ech zb hu een sti intercooler 3"auspuff anlag ab dem turbo anner loftfilter...dono gees du bei den gengler an leis der ecutek maan dann hellt hien der dei meescht leeschtung dei meiglech ass aus dem auto!!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 10:17:21

Diffusor ass fir d'Optik ? Hu gemengt et léing ennert dem Auto. Dann gesäit jo souwisou keen et !

Daat heecht 'EcuTek' bedeit amfong daat selwecht wi 'Ännerung fun den Astellungen um Steiergerät' ? EcuTek ass näicht waat um Auto fest gemeet get wi en Auspuff z.B ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 10:35:06

Diffusor : Deen geseis de schon wanns de hannert engem fiers (beim Ben sengem Auto kanns de der daat ukucken).

ECUTEK : Genau, ass neischt waats de upaacken kanns, ECUTEK ass just den Hiersteller vun der Software mat deier dei neiprogrammeieren (remapping) gemach gët, an deems de dann fiir dein Steiergerät eng Lizenz bezills (+ natierlech d'Arbescht vun deem deen den Mapping mecht), dohier den Numm (bei Honda gët ët z.B. HonData).

Wanns de wëlles huer mei um Auto ze änneren, ass ët am beschten, alles ze machen, an dann ze TEK'en (wei mier soen), well bei all Ännerung misst de eigentlech den ECUTEK upassen, deen ass wei en maasgeschneiderten Costume, genau op DEIN Auto oofgestëmmt, sou wei en eben zu deem Zeitpunkt war.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 10:54:28

Ah ok, lo liicht mir mol sou munches an !

Waat kascht daat TEK'en dann esou ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 10:59:53

Hehe, also en Auto "TEKen", heescht just en ECUTEK op engem Auto machen, d'Faarv weist der wou daat hierkënnt ;-)

Also wann ech soen, mein ass geTEKt, dann heescht daat, dass mein Steiergerät mat ECUTEK ëmprogrammeiert ass an dan Auto mei Leeschtung huet.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 11:20:04

Jo, ok, mee waat kascht daat dann ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 12:07:37

Also den leschten Preis deen mer bekannt ass, mol fiir just en ECUTEK, ass ca. 1500€ (als Member kriss du awer beim Patrick nach 10% Remise).

Wanns de elo um 2.0l eng open Downpipe an dann eng Cat-back Anlag drop hues (also keen Kat mai), kënns de op 330PS.

Ech moven den Topic mol an d'Members Section, do sinn mer "ënnert eis" ;-) D'ganz Welt muss jo nët liesen, dass een "ouni Kat" fiert... (och wann ech daat jo nët machen, an domat sou d'Ausnahm an den Exot sinn :shock: :lol:

Beim 2.5l STi kanns de 330PS raushuelen an d'Kat'en awer drop loossen.

Legal kanns de och beim 2.0l op 330PS kommen, mat eben der AERYS Turbo back Anlag, an dei huet souguer TüV !

Awer nach eppes, wanns de den Auto TEKs, an du leis daat ieren androen (ech war sou blöd), dann ginn deng Steieren erop, well se einfach den CO2 am Verhältnis eroprechnen :-(

Als Beispill, wanns du mat 265PS 260g/km hues, an du gees op 330PS erop, geifen daat :

260 : 265 * 330 = ~324g

An dann gët seng Steier nei gerechent, daat wier laut RTL.lu vun 343€ op 563€ pro Joër erop !!
Last edited by Jean-PierreR-71 on 28/07/2009 12:15:55, edited 2 times in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 12:10:45

Yank555 wrote:Also den leschten Preis deen mer bekannt ass, mol fiir just en ECUTEK, ass ca. 1500€ (als Member kriss du awer beim Patrick nach 10% Remise)

Wéi mol fir just en ECUTEK ? Waat get et dann nach ? Kann een méi EcuTek'en maan ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 12:15:28

Ähm, haat nach e bessen beim aalen Post derbeigeschriwen, also nachmol liesen ;-)

Nee nee, den ECUTEK ass den ECUTEK, awer wanns du elo den Kollektor wiessels, an d'Uppipe, an eng Turboback Anlag drop mechs, kascht daat jo schliesslech och nach alles ;-) Ech hun domat just gemengt, d'Programmeieren ass deen Preis.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 12:43:08

Zu Sandweiler mierken si awer net dass den Auto getekt ass, oder ?

Ech maache lo e Beispill : Wann ech lo z.B. hei an do puer kleng Dommheeten um Auto maan(z.B. Diffusor,Stohlflexbremsleitungen,Stabien ----> Wäert 700€) , dann eng Turboback Aerys Anlag dropmaan ---> Wäert 2000€, dann teken loossen (1500€) dann hun ech am ganzen fir 4200€ ?????? An färdeg ?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 28/07/2009 14:22:58

jop genau!!!!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 14:27:28

Jo, baal, nach den Abau (wanns de daat nët selver mechs) an verschiddenes muss de nach androen loossen, daat kascht och eppes klengs, awer jo, daat wier ët.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 28/07/2009 17:50:38

ecû huet bei mir 1250 euro kaascht... wei gesot fir den genauen prais tessy vun gptuning uruffen anfroen an soen dats du am club bass dann kriss de remis 10%...wei den jp schon am beschten awer warden bis du den auspuffanlage drop mess oder nach anner saachen deis du welles haas ze maan also alles wat mam motor selwer ze din huet!!ech hun eier ech den ecutek gemat hun nach benzinpompel , sti intercooler + y-schlauch vum intercooler op den turbo,3"downpipe,anner loftfilter(woubei deen net wirklech eppes zu der leeschtung brengt vlait 1ps) an dono ecutek...
et renteiert sech definitf et ze maan well dain auto optimeiert get...

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 29/07/2009 0:14:07

Salut Jayjay,

Nach eng kleng Info zu Thema EcuTek:

Wanns du souwisou nach aaner Saachen um Auto wells maachen (dei d'Leeschtung beanflossen), wei z.b. eng komplett Auspuff-Anlage, een aaneren Turbo oder ähnleches, dann giff ech dir roden dei Ännerungen zeitgläisch mam Ecutek maachen ze lossen. Un sech muss dein Steiergerät nämlech emmer rem nei programméiert gin soubaal's du grondléhend Ännerungen (dei d'Leeschtung vum Auto beanflossen) mess. Et as also besser d'Modifikatiounen ze maachen an dann d'Steiergerät tek'en ze lossen. Soss fänks du e puer mol un. (Et as awer och net gudd wanns du zevill Modifikatiounen um Auto mechs ouni d'Steiergerät unpassen ze lossen). Daat heescht, du hues am Beschten dir e bessen Gedanken ze maachen eiers du mat den Modifikatiounen unfänks

Den Firdeel vum Ecutek vis-a-vis vum sougenannten "Chip-Tuning" as iwwregens deen dass deng Kartographie speziefesch op dein Auto an dei Modifikatiounen dei's du gemaach hues ungepasst get. Beim sougenannten "Chip-Tuning" get einfach een zousätzlechen Chip un d'Stéiergerät ungeschloss. Deen Zousatz-Chip get dann nei Werter un dein Steiergerät wouduerch d'Leeschtung gesteigert get. Vun sou eppes as awer eischter oofzeroden, well dei Chip'en eben net speziefesch op dein Auto an d'Modifikatiounen ofgestemmt sin. Wanns du dann Pech hues flitt dir alles em d'Oueren! :-(

Verschidden Ecutek Stufen hun TÜV an kennen also och problemlos zu Sandweiler angedroen gin. Daat kascht zwar dan rem mei Oofgaas-Tax, mee weinstens as een legal ennerwee!

Mam Ecutek besteht och d'Meiglechkeet "Map-switching" ze maachen. Daat heescht du kanns während der Fahrt anstellen mat wei enger Leeschtungs-Stufe dass du ennerwee bas. Sou een Zousatzgerät (och Boostcontroller genannt) kann interessant sin, huet awer och Nodeeler. Wann daat dech interesséiert kennen mer gär eng Keier am Detail driwwer schwetzen. Ech denken awer dass et giff ze weit féieren fir daat lo hei alles ze erklären... (Ech kann dir et awer eng Keier an der Praxis weisen wanns du wells) :D

Ciao,
Yves

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 29/07/2009 5:57:45

Okay.

Merci dass dir iech souvill Zäit huelt mir daat ze erklären ! Kommen nächst Joer dann nach eng kéier drop ze schwätzen !

Mee du kanns mir daat awer firdrun nach eng kéier an der Praxis weisen ;-p

Post Reply