Neutralschalter

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Neutralschalter

Post by CedricZ-89 » 04/03/2014 21:17:24

Salut,

Laut dem wat ech schon sou am Netz gelies hun, schengt et wéi wann mein Neutralschalter op der Boite am A... ass. Symptomer sin, Leeschtungsverloscht beim Gas gin, awer sou dass se quasi am Sekonnentakt manner gett an dann rem méi. Dat ganzt leeft och éischter fléissend of wéi ruckarteg. Soll anscheinend een bekannten Problem sin... Hun lo 200.000km rof an et schengt sou, wei wann do een Plastik-Steft dran ass, deen mat der Zeit ofnotzt. Also duerchaus plausibel. Lo hun ech awer och gelies, dass dat Steck net alt ze deier as, ca 30-40€ (zum Gleck) MEE et gett bei den Zeiten déi een fir Aus- an Anbau brauch awer eng grouss Differenz. Déi eng schreiwen, dass een seitlech drun kennt an dat Ganzt an 15 min. gemaach as, aanerer schreiwen, dass en uewen op der Boite setzt, an et deen Moment eng Aarbeschtzeit vun ca 4 Stonnen gett, an deenen een muss den LLK ausbauen, den Cardan muss lassmaachen an d'Boite muss roflossen.

Wen huet dat schon gemaach oder huet domat schon seng Erfahrungen gemaach? Wier jo relativ blöd fir een 30€ Sensor mussen den halwen Auto auserneen ze bauen, respektiv an der Garage dofir mussen 4 Stonnen deier Aarbescht ze bezuelen...

Merci

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/03/2014 21:31:33

Geif den Denis em rot froen deen kann der do vlait helefen...

CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Post by CedricZ-89 » 04/03/2014 21:40:19

Merci Ben, dann kucken ech muer mol weider.

CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Post by CedricZ-89 » 05/03/2014 20:38:15

War haut bis an der Garage, de Sensor kascht 20€ an setzt zum Gleck hannen lenks op der Boite. Normalerweis misst een dann op engem Pont vun ennen drukommen. Meindeg misst en do sin, sin dann mol gespannt wat dobei rauskennt

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/03/2014 17:29:57

Hoffen dat et dat ass....

CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Post by CedricZ-89 » 07/03/2014 0:28:40

Dat gesinn ech wann ech den neien Sensor dran hun. Hoffen och dass et dat as. Vun den Unzeechen hier kéim mer sou spontan nach d'Kupplung an den Kapp. Wéi wann déi géif duerchrutschen. Mee et passt awer net alles dorop. Bei den héigen Dréizuelen misst et dann och grausam no verbrannter Kupplung stenken. Mecht et awer net. An wann ech am 5. Gang mat der kupplung ufueren, geht en och schéin brav direkt aus. Bon, mol ofwaarden...

CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Post by CedricZ-89 » 14/03/2014 12:53:56

Bon, Neutralschalter as gewiesselt, huet awer naicht bruecht. Mir fällt op, dass en dei Macken just huet bei enger Außentemperatur vun <5 Grad. Daat nächst as dann den LMM deen gewiesselt gett. Wann et deen och net ass, hun ech keng Idee méi...

Post Reply