Steierrad ouni Airbag

You have had good or bad experiences with Sandweiler, Esch-sur-Alzette or Wilwerwiltz ? Share them here ! Maybe together we can shed some light on this messy situation we have right now in Luxembourg ... (public)
Vous avez eu de bonnes ou mauvaises expériences avec Sandweiler, Esch-sur-Alzette ou Wilverwiltz ? Partagez-les ici ! Peut-être qu'ensemble nous réussiront à éclaircir cette situation chaotique que nous subissons actuellement au Luxembourg ... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
TomB-81
Club-Member
Posts: 52
Joined: 03/02/2008 13:54:04
Location: FINGIG(L)

Steierrad ouni Airbag

Post by TomB-81 » 28/03/2008 10:58:29

Wees een ob et erlaabt ass en Airbag-Steierrad duerch een Sportsteierrad ouni AB ze ersetzen?
Muss ech daat androen loossen? Get et do Problemer zu Sandweiler? Waat seet d'Assurance dozou?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/03/2008 12:04:56

Also waat ech mol ganz interessant font hun, war eng Aussoh fiirun 1-2 Meint um Radio (92.5), wou dei Well vun Airbag-Klau iwert eis d'Ländchen gezunn ass.

Den Speaker huet behaapt, wann een den Airbag geklaut kruut, misst een deen nët ersetzen (och wann ët rotsam wier).

Domat schlussvolgeren ech, dass ët zuland eigentlech keen Zwang ass, en Airbag ze hun, resp. ët dierft een en ewegrationaliseieren.

Allerdings wann een en aanert Lenkrad (an demno och eng anner Nuef) dropmecht, muss daat logescherweis agedroen gin.

Do fängt den Problem dann un, well do muss jo dann TüV drop sinn.

Daat gët ët awer anscheinend nët, well ët an Deitschland soll verbueden sinn, den Airbag ze supprimeieren :? (soot deemols den Carlo am Electro-Auto mer)

Dest ass awer alles just heieren-soen, an zu deem Zeitpunkt wou ech d'Lenkrad um GT wollt wiesselen (viirun ca. 3 Joër) war daat duergangen fiir mech dovun oofzehaalen ...

Haut wier daat villeicht aanescht, mat allem, waat ech mëttlerweilen agedroen hun, resp. wees :twisted:

Ët geet een nie owes mei domm schlofen wei een moies opgestaan ass, gell :idea: :lol:

Wees een aaneren mei konkretes heizou ?! Dei Saach mam Lenkrad um GT ass eigentlech nach ëmmer aktuell ;-)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 28/03/2008 14:36:05

Am Heielei haat ech dat och gesin mam Airbag-Klauen, an do soten se och, dat een jo och ouni dirft fueren. Well den Airbag get nemmen vun der Assurance bezuelt, wann den Auto och geint Vol assureiert ass.

Deemols hun se och den Prais fir een Airbag genannt, mengen sou 1500 Euro d'Steck, waeren jo dann 3000 fir Chauffeur- an Baifuererairbag!!!
Also dann geif ech en och net direkt ersetzen, wann ech et selwer misst bezuelen.

Mat der Assurance wees ech net. Ech denken, wann dain Baifuerer mei schweier verletzt get, well och op senger Sait keen Airbag mei dran war, waert daat vlait een Probleem gin.

Post Reply