pneuen

Discussions about brakes, rims and tyres (public)
Discussions à propos des freins, des jantes et des pneus (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

pneuen

Post by BenD-86 » 09/06/2008 18:35:50

@ alleguer

muss nei pneuen op mein auto drop geheien lo wollt ech mol froen welch erfahrung dir mat aeren pneuen gema huet?(wei eng mark ...)wees neemlech nat genau wei eng ech mir kaaffen soll?

ben

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/06/2008 21:55:54

Wanns de elo am 17" wiers geif ech fiir op der Stroos den Bridgestone RE070 empfehlen, deen ass einfach den Wahnsinn (nët fiir Circuit, do gët en ze warm an schmiert...),

Ech sinn och allgemeng vun Bridgestone begeeschtert well se wierklech haard Flanken hun, domat extrem präzis am Lenkverhaalen sinn, an och am Feedback. Um GT wärt ech op d'17* den RE050A drop machen, op d'16" den Toyo 888, fiir zu Bitbuerg an co ze semmelen ;-) (Nachmol merci fiir den neien Look vun den Originalfelgen 8)),

Vum Conti SportContact 2 oder 3 kann ech just oofrooden, hun deen Scheiss am moment um GT, NIE MEI ! An deier wei sau, fiir deen Preis kriss de souguer den Michelin, daat muss een bedenken. Den Serge ass souweit ech wees mam Michelin dëck zefridden, Ech sinn en um Subby nach nët gefuer, wees awer, dass ech um Astra GSI mam Michelin Pilote SX MXX3 (sou genau kennen ech nach d'Referenz, daat no gudd 13 Joer), keen besseren Pneu haat.

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 09/06/2008 23:08:00

haat welles den re 070 ze huelen vu que dat deen um sti vun wirk op drop ass just den probleem ass deen kriss de just bis 17" , ech hun am moment hankook drop rs-2 sin zefridden mee do ass den probleem keen vun den deenen fournisseuren mat deenen ech zesummen schaffen kann deen kreien,anner optioun waer den dunlop sport maxx deen hun ech um r32 allerdengs ass dat en annert gefirts...muss mol kucken wei et mam michelin ass?

@serge
kanns du mir den typ vun dengem pneu mol durchgin kucken dann mol wat dei mech gengen kommen :!:

den conti kennen ech vum eisem aalen a3 dat war wirklech nemmen fir richtaus zefuhren...

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 09/06/2008 23:35:49

Ech hun den Michelin Pilot Sport 2 op mengem. Daat as deen mat dem asymetreschen Profil.
As an mengen Aaen een vun den beschten Strossenpneuen. Sin am dreschenen wei am Naassen deck zefridden. De Teit as och kuerz mat mengen Felgen (+Pneuen :wink: ) gefuer an huet den Pneu och super fonnt.

Main Brudder huet den neien GoodYear F1 Asymetric drop. As och een ganz gudden Pneu, wees awer lo net wei deen sech um Subaru verhält.

Den Michelin an den GoodYear sin allen 2 leider net belleg :?

Serge
Form follows function

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 09/06/2008 23:43:24

effectiv sin se zwee net belleg... muss mol kcuken wat dei mech gengen kommen...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 10/06/2008 11:10:45

Mam RE070, daat ass leider sou eng Saach. Haat mam Akeefer vun BridgeStone Europa driwer geschwaat, deen Pneu gët an Japan hiergestallt, an och just an Japan verdriwen. Iwert Bridgestone Europa ass deen also hei guer nët ze kreien :?

An ët gët en just an bestëmmten Moossen, also nët just bis 17", nee, just 17" an am Ufank och just am 225/45-17 fiir den STi ;-) Ët soll en awer och nach an aaneren Moossen gin fiir op den Honda NSX, haat ech mol gelies...

Ech haat meng RE070 bei www.reifendirekt.de font, mä dei hun der och nët ëmmer :cry:

Mä hun grad gesinn, den TOP-Pneu Potenza S02 scheint ët well an deier Moos och nees ze ginn :twisted: Daat ass och en MEGA gudden Pneu !!! Haat den S03 um GT, deen beschten deen ech do drop haat, an vill Leit behaapten, den S02 wier besser gewiecht... 8)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 10/06/2008 13:50:25

ok probleem ass just ech brauch en am 18 zoll an net am 17!!!
wann meiglech 225/40/18 an do sin dei net ze kreien!

kucken mol bei reifendireckt an reifenversand.de

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 10/06/2008 17:22:16

Den Potenza S-02 gët ët och am 225/40-18 ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 10/06/2008 18:44:42

relax... :D

mako

Post by mako » 10/06/2008 21:09:40

Hei spuers de nach pour euro:
http://www.giga-reifen.de/
http://ssl.delti.com/cgi-bin/rshop.pl?d ... =So&Achse=

Hat meng Wanterpneuen do bestallt an klappt alles super do.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 11/06/2008 18:04:36

@mako
merci fir deen site haat deen net kannt... kucken mol nach

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 23/06/2008 23:02:03

hun mir den hankook sport k104 geholl vue que dat ech zefridden mat deem hankook pneu war deen lo na um auto drop ass :!:

mako

Post by mako » 23/06/2008 23:11:32

an wou hues de en dann lo bestallt?

Post Reply