Mintex Bremsbeläg

Discussions about brakes, rims and tyres (public)
Discussions à propos des freins, des jantes et des pneus (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Mintex Bremsbeläg

Post by SteveP-78 » 16/02/2009 9:35:31

Brauch demnächst nei Bremsen, an dun wollt ech mol froen ob nach keen Erfahrung mat Bremsbeläg vun MINTEX (Modell 1144 oder 1155) huet. Hat am englechen Forum gekuckt, an do waren déi allermeescht zimmlech zefridden domat (souwuel op der Strooss wéi och um Circuit)...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/02/2009 11:48:26

Ech selver nach nët. Sengerzeit um GT mat den Mintex vun deemols haat ech mol d'Noodeeler heieren, Quitschen an vill Bremsstëpps, mä bon, daat sinn awer elo ich 6-7 Joër hier...

Mengen den Jean-Claude ass schon Mintex gefuer.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 16/02/2009 18:16:30

Hun och mettlerweil gekuckt fir nei Bremsbeläg, well d'Ferodo's sin naischt.

Hun verschidener gekuckt:

Mintex hun keen sou een schlechten Ruff an sin och net ze deier.

Endless sin deier (iwer 250€ fir dei dei mch interesseieren), sollen awer Top sin.

Pagid sin gudd , mee och bessi mei deier.

Carbone Lorraine sollen ganz gudd sin an preislech sin se och ok. Em di 170€ fir den RC6 an 200 fir den RC8.--> huelen ech wahrscheinlech.

Bei EBC sollen d'Yellow-Stuff gudd sin, mee bei EBC zecken ech awer e bessi.

HAWK sin anscheinend och gudd an gensteg. Stop-Tech gin dei deelweis bei hieren Bremsen dobai.

.
.
.
Form follows function

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 17/02/2009 9:09:21

@Kane

Also ech hat sengerzäits op mengem WRX d'EBC Redstuff Bremsbeläg mat BlackDiamond Scheiwen drop an war iwwerhaapt net zefridden.
D'Kaalbremsverhaalen vun den Redstuff as katastrophal (du verschenkst bei Tempo 50 bestemmt 2-3 meter fir stoën ze bleiwen), dofir sin se waarm ok (awer och net méi).
Dovun ofgesin hun se just ca. 5000 km gehaal iert ech se hu missten ersetzen.
Wann een elo bedenkt datt d'Yellowstuff jo nach méi haart sin, da géif ech mier déi echt nët wëllen op den Auto maachen fir op der normaler Strooss ze fueren...

D'Disquen vun BlackDiamond kann ech dofir awer duerchaus empfehlen, well déi hun nawell (a Kombinatioun mat Ferrodo DS2500 Beläg) gutt bäigehaal, a sin, op mannst fir den WRX, och nët ze deier.

PS: wou kritt een dann déi Carbone Lorraine ze kaafen?

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 17/02/2009 11:30:25

Wosst lo net mei ops du mat den Scheiwen oder mat den Plaquetten net zefridden wars :wink:

Black Diamond sin effektiv net deier, och fir den STi hält den Prais sech an Grenzen.

Carbone Lorraine kriss de bei Sandtler fir 166€ an 108€ (VA&HA) fir den RC6. Deen geet duer, den RC8 as en richtegen Streckenbelag. Den GP huet se och freet awer 179€ an 115€.
Nordpneu-Racing kann alles vun Sandtler bestellen an do kritt een dei meescht Saachen fir den Sandtler-Prais oder mei belleg :wink:

Wollt souwiesou nom Examen mat NP-Racing Kontakt ophuelen, fir iwer dei Saachen ze schwätzen.

Den RC6 kann awer anscheinend och en bessi quitschen an as een bessi mei aggressiven Belag. Den GP fiert dei och op sengem Rally-Auto.
Form follows function

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 19/02/2009 8:44:55

Black Diamond machen mettlerweil jo och hir eegen Bremsbeläg,

PredatorFR (fast road) an Predator FT (fast track)
Image

FT kritt een momentan just fir VA (=Vorderachse) an kaschten enner 90 Pond.
Fir un d'HA (=Hinterachse)geet den FR un sech jo och duer an dei kaschten em 50 Pond.

Sin also net deier an wann en bessi kuckt schengen se och net esou schlecht ze sin.

Hier scheiwen kaschten em 300 Pond fir VA am just geschlitzten.

Fir HA sin se 275 Pond.
Image

Praiser sin vun Scooby-Parts, as also nach vlaicht eng kleng Remise dran. Lait een also wait enner 1000€ fir die komplett Bremsen vum STi fresch ze machen. As un sech en gudden Prais wann een bedenkt:

1. dass die original Scheiwen 360€/Steck kaschten (leschten Prais beim Werner Esch)
2. Ferodo 2500 teschent 230 an 250€ kaschten, fir VA (beim GP)
3. weder die Original Scheiwen an nach d'Ferodo'en geegent sin fir ze briederen.
Form follows function

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 19/02/2009 9:13:25

Ech selwer gef gären eng keier Performance Friction testen:


Image

Dei kreien Top-Kritiken vun Leit dei se mat der originaler Bremboalag am Time-Attack fueren.

Sin just leider bei em 600€ fir Scheiwen an Beläg fir VA.
Form follows function

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 19/02/2009 10:14:11

Déi Performance Friction sin effektif top (wann een d'Kritiken liest), mais ech gesin do leider e Problem mat Sandweiler (well déi Scheiwen jo net grad original ausgesin), an virun all CT d'Scheiwen wiesselen an en 2. Saatz "Normal"-Scheiwen dohemm am Schaaf leien hun as och e bessi faul... (Schäiss SNCT - déi em Endeffekt awer trotzdem keng op der Këcht hun :evil: )

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 02/03/2009 19:31:44

Also ech hun haut Carbone Lorraine RC6 (VA&HA) monteiert. Hannen hun ech och lo nei ORECA Gr.N Scheiwen.

Sin lo max. 10 km gefuer an dei beissen lo schon besser wei DS2500. Ferodo'en waren voller Ress an sin deelweis zerbröselt. Dei kommen mär net mei drop.

Foto'en an weideren Feed-BAck kennt no.
Form follows function

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 03/03/2009 7:42:11

dat klengt jo guud wou kaaf an weivil bezuehlt???

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 03/03/2009 13:21:48

Mengt der dann nët, dei Performance Friction keint een eventuell beim TüV oofhuelen an dann hei androen loossen ?

DS2500 wärt ech och nët mei drop machen. Gesinn d'Mintex "normal" aus ? Also sinn se nët extra faarveg wei z.B. d'Pagid ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 03/03/2009 14:17:45

Hun se beim GP geholl, well ech do nach Suen ze kreien haat vun enger aanerer Saach.

Praislech +/- 160€ VA an 105€ hannen (inkl. Remise) Se sin bei him bessi mei deier wei bei Sandtler, well hien se iwert ORECA kritt, an dei sin puer € mei deier.

Wärt awer demnächst nach op Huldang fueren, bei NP-Racing (haat nach keng Zait, hun um Auto gebastelt :wink: )an dann kucken ech waat hien kreien kann an waat en freet.

Gesait aus wei wann MINTEX schwarz wären, also keen Problem.

Carbone Loraine sin koffer-faarweg (cuivre) faalen awer net sou op.

Pagid'en kanns de jo och mat e bessi Auspuffspray "tunen" :wink:

Serge
Form follows function

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 03/03/2009 15:07:35

Ech hun dei geschlitzten Scheiwen vun Brembo VA drop, zu Sandweiler wollten se dunn Pabeieren an alles hun, hun hinnen awer gesoot dei wären sou vun Brembo komm, waat jo an mengem Fall jo net gelunn war, do waren se awer seier roueg an zefridden :!: Et steht jo och net drop wei eng Mark et ass oder :?: :D

Kann et sin dass een durch sou Scheiwen eischter kleng Vibratiounen huet am Auto beim bremsen wei bei den einfachen glaaten Scheiwen :?: Well ech hun trotz neien Scheiwen , just VA, emmer sou een klengt muelen do dran, oder kann et sin dass dei hennescht Scheiwen no 88.000 Km keinten kromm sin, dass et vun hannen kent :?: :?: Wees een daat :?:

Merci

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 10/03/2009 10:46:57

huet een vun irch vlait d reference oder den num vun den bremsbelaeg vun mintex hun nemmlech een vun eisen fourniseuren deen mir se besuergen kann????

Post Reply