Bremsen quietschen !

Discussions about brakes, rims and tyres (public)
Discussions à propos des freins, des jantes et des pneus (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Bremsen quietschen !

Post by ChristianS-80 » 27/07/2009 17:26:15

Hallöle !

Jungs, hun e grousse Problem.

Méng Bremsen quietschen, ......... awer just wann ech bremsen ! :wink:

Ass mega peinlech, dann kens de op eng Kräizung bei eng roud Luucht, do setzen Leit op der Terrasse an dann fänks de un ze bremsen. Et quietscht, Leit dréinen sech em, wi peinlech ! :cry:

Waat kéint daat sin ? Bremsen sin, souwäit ech wees, awer super an der Rei !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 27/07/2009 17:42:12

Wees du weieng Bremsbeläg dass drop sinn ? Den Teit huet OMP drop, preiwert, bremsen wierklech gudd, awer quietschen effektiv zimmlech haart.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 27/07/2009 18:34:02

Muss kucken. Wi ass daat dann méiglech dass Bremsen quietschen wann se nei sin ?

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 5:19:58

Brembo.

Hu mir et geduecht mee war mir nimmi secher !


Normal ?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 28/07/2009 10:02:34

am fong net kann awer sin dat een steen derzwescht ass oder sou...kann awer och sin dat deng plaquette um bord wiedder d scheiw kennt an dann quietscht...kennen vill saachen sin misst een emol heieren...kann awer och dofun kommen wanns du anner bremsbeläge drop hues sou wei den jp schon gesot huet

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 10:19:48

Daat heecht z.B. wi wann d'Plaquetten fun Brembo wieren an d'Scheiwen fun enger universeller Marque ?

Dann misst ech daat jo kucke loossen, well daat nervt.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 10:58:35

Nee nee, d'Plaquetten vum OMP z.B. quitschen (also nët permanent, just wanns du brems), daat ass einfach sou.

Bei Renn-Plaquetten kënnt daat oft viir, daat ass den Preis fiir en Material daat zu wesentlech mei heigen Temperaturen bestänneg ass.

Woubei do z.B. Pagid Orange eng super Plaquette ass, beisst gudd kaal, hällt zimmlech vill Hëtzt aus, an quietscht nët, ass awer dofiir zimmlech deier :roll: OMP ass dofiir zimmlech preiswert... Neischt ass eben perfet ;-)

Dofiir haat ech gefroot, obs du weist, weieng Marque Plaquetten drop wieren, d'Brems-Etrier'en spillen do keng Roll, eventuell d'Scheif, awer dei hun no standard Brembo ausgesinn op dengem 8)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 11:23:28

Etrier ? Ass daat daat Stéck an deem d'Plaquetten dran sin ?

Waat hun di meecht fun iech dann fun Bremsen ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 12:18:45

Etrier ass d'Bremszaang, also daat Dengen waat gëlleg ass an wou brembo drop steet ;-)

Ech hun schon sou munches probeiert (um GT, den STi ass nach original), am moment hun ech Black Diamond Scheiwen an Black Diamond Predator Fast Track Beläg drop. Ass nët schlecht, awer d'Bremsen um GT sinn fiir den Circuit einfach nët gudd genuch, dofiir d'Bestellung bei K-Sport, do gët einfach alles gewiesselt, Etrier, Scheiwen, Beläg an Bremsleitungen.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/07/2009 12:47:07

Gesamtpräis ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/07/2009 15:24:15

Schweier soen, hängt vum Aarbeschts-Opwand oof... Androen ... Keng Ahnung, dei ganz Saachen um GT haat ech ~280€ bezuelt.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 29/07/2009 6:02:24

jayjay wrote:Gesamtpräis ?

Haat amfong bei K-Sport gemengt !

Mee hun d'Präisser jo an deem aneren Thread gesin ! :shock:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 29/07/2009 10:59:25

Daat ass dëck bëlleg, wëll an Deitschland ass fiir eng Achs (also z.B. just viir) am 330mm K-Sport fiir den GT 1'890€ onverbindlech Preisempfehlung, an an UK ass ët £999 an mier kreien fiir ~2'000€ viir an hannen ! ;-)

Awer gudd, do flitt alles eroof, Etrier, Scheif, Leitungen an Beläg also bei dengem STi wier daat "Brembo komplett adé" !

Um STi geif ech just Stohlflex drop maachen, aaner Scheiwen an aaner Beläg (wann se bis fälleg sinn), daat geet fiir den normalen Hausgebrauch duer.

Wanns de awer elo stänneg um Ring ënnerwee bass, keint daat awer nët duergoen, an dann gëllt ët no eppes besseres ze kucken.

AP Racing, StopTech, Mov'it asw. sinn dei top Marquen, awer do leis de sou bei ca. 2'500€ - 3'000€ pro Achs (wanns de gudd akeefs !). Dofiir ass K-Sport eng ganz interessant Alternativ...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 29/07/2009 11:43:46

Ech wel amfong eng `normal` Brems di net quietscht !

Get et sou eppes ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 29/07/2009 15:49:51

Jo, loss einfach dei original Anlag drop dei elo drop ass (also d'Brembo), dei ass wierklech OK, an mach just aaner Beläg drop (mein Rotschlag, Pagid Orange) an dann ass dein Problem geleist.

PS: An ech soen ët nët oft genuch, Stohlflex Bremsleitungen :twisted:

PPS: Den GT/WRX huet bei weitem keng esou gudd Anlag wei den STi, dofiir wiesselen mer dei 8)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 30/07/2009 17:32:32

Waat mengs du mat Beläg ? Scheiwen oder Plaquetten ?

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 30/07/2009 21:13:10

Wou kriss du dei Pagid Orange, well dei och!?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 31/07/2009 12:09:07

@Jayjay : Beläg = Plaquetten ;-)

@S.T.I : Hmm ... gudd Fro, do wou ech meng deemols hierhaat, deen gët ët nët mei, misst een mol kucken wou een se gënsteg kritt.

Huet een villeicht eng Idée ??
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 31/07/2009 18:24:59

froen mol no...keint sin dat ech dei kann kreien...

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 31/07/2009 21:48:22

ben wrote:froen mol no...keint sin dat ech dei kann kreien...

Waat géingen déi dann kaschten ?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 31/07/2009 22:35:05

majo muss mol nofroen op ech se kreien kann iwwert den garage...froen den meinden no....

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 01/08/2009 22:18:28

Den Nord-Pneu-Racing huet och Pagid.

Fir dem Problem mat den Bremsen op den Fong ze goen, misst een schon baal wessn, waat fir eng Bremsbeläg (Plaquetten) an Scheiwen dass du drop hues. Scheiwen sin beim Quietschen eigentlech zweetrangeg, hängt mei vun den Plaquetten oof.

Ech hun Carbone Lorraine RC6 drop, en Rally-Belag. Bremsen kaal wei warm extrem gudd, mee se quietschen, an zwar gehierlos. Kennt vum Sintermetall-Undeel an den Plaquetten.

Heiansdo helleft et och, d´Kanten vun den Plaquetten unzeschrägen, dann sollen se och manner quietschen.

Also:
Genau kucken waat fir Plaquetten drop sin an dann kann en eppes konkretes soen.

Serge
Form follows function

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 02/08/2009 1:07:33

@jayjay
nord penu racing ass ze huldang....kanns jo mol do froen

ech froen mol den meinden no an halenden dech um laafenden...

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 03/08/2009 21:31:21

Wees schon een eppes neies ? Wou een déi kritt ?

Soss kann een do jo eng Sammelbestellung maan an der Hoffnung dass et mi belleg get ! :-)
Si huelen méng aktuell Beläg jo fläicht an Reprise ! ;-p

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 04/08/2009 18:07:56

Kennt oder huet een fun iech di heiten ?

Sin déi eppes ? Quietschen déi ?


http://cgi.ebay.de/EBC-Redstuff-Sportbr ... 286.c0.m14

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/08/2009 21:12:15

wann ec h mech net irren huet den tom vum autodesign dei op sengem an enn schengt zefridden...mei kann ech net soen...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/08/2009 22:35:01

Keint sinn, awer ech sinn nët sëcher op hien den red stuff huet, mengen en huet green stuff drop... misst een hien mol froen.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/08/2009 22:42:56

ah jo dat kann sin...merde sorry hun mech girrt...war haut en langen daag...

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 05/08/2009 14:01:49

Also hei géinge mir se mol secher kréien ! :-) RS4-2 ? Den Ennerscheed tescht RS4-2 an RS4-2-1 ass just d'Faarw huelen ech un ! Oder ?

http://www.pagid-brake-pads.co.uk/produ ... php?md=198

Also hun lo fir mech gekuckt, fir den STi, do géing ech op 390£ (460€,ouni Versand) kommen. Ass schon bessi.

Kucken awer mol nach hei am Land. Ruffen mol bei deen Nord Pneu do un !



-------------------------------
Zitat Ben :

@jayjay
nord penu racing ass ze huldang....kanns jo mol do froen

ech froen mol den meinden no an halenden dech um laafenden...

-------------------------------

Hues du dech schlau gemaach ?

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 05/08/2009 14:06:19

Nord Pneu Huldang verkaafen där net. Si sooten daat wier ze komplizéiert, där wieren nie op Stock ! :-)

An heen soot hei zu Letzeb. géing keen där verkaafen souwäit heen wéisst !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/08/2009 15:16:18

jayjay wrote:RS4-2 ? Den Ennerscheed tescht RS4-2 an RS4-2-1 ass just d'Faarw huelen ech un ! Oder ?
Dach dach, deen schwarzen ass fiir Circuit ! Bei Pagid ass all Faarv fiir eng aaner Verwendung 8)

Den Daum (mat deem ech och weinst den K-Sport Bremsen verhandelen) scheint Pagid ze verkaafen. Waard nach e puer Deeg oof, dann wees ech mei ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 05/08/2009 16:56:34

Pagid Orange (ass iwregens mi belleg wi deen bloen oder schwaarzen) get et laut hierer Säit net fir den STi. Do steet just den bloen an de schwaarzen. Ass awer komesch, wann daat stemt dass d'Verwendung eng aner ass (wis du sees dee schwaarzen fir Circuit) dann missten déi jo och mi deier sin wi de bloen. Nee ? Waat ass iwerhaapt den Enerscheed tescht Carbon based an Ceramic based ?

Ok. Verfolgen di Saach do mam Daum ! :-)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/08/2009 10:25:40

Also den Preis ass nët zwangsleefeg mei deier, well ët fiir den Circuit ass, hängt einfach vum Material oof waat dran ass, an waat daat wert ass. Bei Pagid ass definitiv all Faarv fiir eng aaner Verwendung, daat kanns de bei hinnen op der Homepage noliesen ;-)

Ceramic ass mei hëtzebestänneg, wei deen awer kaal bremst, wees ech nët, an op deen quitscht wees ech och nët.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 06/08/2009 10:51:03

ben wrote:wann ec h mech net irren huet den tom vum autodesign dei op sengem an enn schengt zefridden...mei kann ech net soen...

Kanns du heen froen w.e.g. ?

Well wann heen zefridden ass dann huelen ech fläicht déi op ebay !


Iwerhaapt, wann ech en aneren Auspuff drop hätt, giff dee Klang net de Kaméidi fun de quietschende Bremsen iwertreffen ? Wann jo dann géing ech awer an en klengt Deppen investéieren anstatt an d'Beläg ! Well d'Bremsen sin jo amfong nach gudd. Ween géing mir déi ofkaafen ? Dann sin ech domat gehäit !

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 07/08/2009 21:11:57

jayjay wrote:Nord Pneu Huldang verkaafen där net. Si sooten daat wier ze komplizéiert, där wieren nie op Stock ! :-)

An heen soot hei zu Letzeb. géing keen där verkaafen souwäit heen wéisst !
Ah sou, gudd ze wessen.
Form follows function

Post Reply