Felgen fir op maïn STi !

Discussions about brakes, rims and tyres (public)
Discussions à propos des freins, des jantes et des pneus (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Felgen fir op maïn STi !

Post by ChristianS-80 » 07/08/2009 7:46:54

Hallo Jungs,

Waat haalt dir fun deser Felge ?


Déi géing ech scho gaer op maïn STi dropmaan, mee se sin net grad belleg ! :-(


http://cgi.ebay.de/ws/eBayISAPI.dll?Vie ... K:MEWAX:IT


Waat fir e Lachkreess huet maïn STi eigentlech ? Eppes em di 110, nee ? Daat hei ass 130. Geet daat dann awer oder muss ech mir Felgen sichen mat genau deem selwechten Lachkreess ?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 07/08/2009 8:45:46

du hues 5x100 an jo du muss felgen mat deem laachkrees hun soss passen se net!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 07/08/2009 8:56:31

Krut emer gesoot, léiwer bessi mi grouss wi ze kleng ! :D

Daat geet hei also net ? Kann een do net eppes dotescht maan fir ze kalléieren ? ;-p

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 07/08/2009 9:16:45

dach kanns de maan et gn adapterscheiwen fir drop mee op dat dat gielt vum ee ass wees ech net...

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 07/08/2009 10:06:56

ben wrote:dach kanns de maan et gn adapterscheiwen fir drop mee op dat dat gielt vum ee ass wees ech net...

War jo en Joke ! Géing ech net welen !

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 07/08/2009 12:51:59

Daat kann dach net sin, daat sin di eenzeg Felgen di op mäin géingen passen bei OZ !

http://www.oz-racing.de/wheels/choose-a ... 005/-19/de


Di Ultraleggera souguer nemen am Chrystal Titanium, obwuel ech se léiwer am Matt Black wéilt mee déi kriss de net am 19" :-(



Ech mengen wann et färdeg ass dann haalen ech méng 18" an dann gin déi schwaarz lackéiert !


Wi ass et scho méi ? Aner Felgen, di net ugewisen gin fir mäin Subi kenen awer passen mee dann muss ech eng Eenzelofnahm maachen loossen well keen TüV dobäi ass, ne ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 07/08/2009 15:02:33

Also Felgen per Einzelabnahme, daat ass eng Lotterie :!:

Ech haat dëck Chance mat mengen Speedline, do waren dei neideg Infos bannen an den Speechelen ze fannen, an den TüV Mennchen huet an sengem Computer den Recht font. Wanns de op den richtegen Steiss, an d'Felge keng Camelott ass, misst ët klappen, ass awer nët garanteiert !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

steinke

Post by steinke » 07/08/2009 15:08:06

also jayjay,

dei OZ felgen , ultraleggera, am 19 zoll , deier leien och nach beim autodesign a vendre, zwar am groen , mais dofier just 1600 euro an och nei! lachkrees kann ech da net genau soen , gin den metten zwar dohin dann kann ech da soen weieen lachkrees et ass. an mengen wanns de se leiwer am schwarzen wells, kann de se io nach emmer fort gin fier emlackeiren ze loosen ;) just mol fier info sou, well hun fonnt dat dei ob ebay zwar en zimlech stolzen preis haaten

Ech prerseinlech hun Tenzo-R drop, sin preiswert, sin zefridden domat bis lo, allerdings ouni TUV

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 07/08/2009 19:28:22

Souvill ech wees kritt een dei och bei Aerys (souguer mat TÜV!). Wees awer do keen Preis.

Ben, kanns du daat mol checken?

Wier jo dann eventuell eppes fir mat an d'Gruppenbestellung. Fro och mol wei eng Farwen dass sie am 19" hun bzw. kënnen kreien. Keint mech eventuell och interesséieren. (Ech wollt mir zwar eigentlech aaner Felgen kaafen, mee am 5x114,3 as daat quasi aussiichtsloos!) :-(

@ Steinke: Wei eng Gréisst, Breed an wei een ET hun deng Felgen dann? Haat am Ufank och welles Tenzo-R ze kaafen. Haat dei ennert aanerem beim Autodesign gesin. Mee bon, keen TüV... hmmm! Fläischt kritt een se jo mat enger Eenzeoofnahm angedroen. Hun se een Festegkeetsgutachten bzw. een Stempel (bannen oder baussen op der Felge) wou drop steht wei een Gewiicht se maximal droen können? (Fir den Stempel ze gesin muss een d'Felge eventuell roofhuelen)


Thanks,
Bisi

steinke

Post by steinke » 07/08/2009 19:50:32

@ Bisi_555

also wat greisst ungeet, mengen ET greisst ass 45 , sin ma awa net secher , well laut katalog sin et dei , mais se kommen objiddefall mei weit raus wei dei original... pneuengreisst ( 225/40/18 )

wat eenzelofnahm ungeet, haat ech och schon mat deem gedanken gespillt eng keier probeiren ze goen , allerding wuar ech nach nie do an hun keen richtegen plang wou daat genau sou soll, an weivill deen spass zb kascht... haat awa lescht keier d'felg rof, an hannendran wuar angestempelt wat d'felg vun geiwcht aushällt asw, wuaren puer saachen angestempelt drop, allerdings wees ech do och net genau wat sie dohannen alles verlangen...

Mais wier objiddefall eng keeir eng interessant fier felgen androen ze loosen :)

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 11/08/2009 21:21:26

Wanns du e festegketsgutachten hues ass et guer keen problem dei anzedroen um tüv.

steinke

Post by steinke » 15/08/2009 13:02:53

vun pabeiren wuar naischt bei den felgen dobei, just eben vereenzelt donneen dei hannendrun ob der felg angestempelt sin

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 15/08/2009 13:29:37

ouni papeieren ass relativ schwiereg!!!vlait fenns du am internet irgendeppes?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/08/2009 12:54:13

Wann den TüV Männchen nët grad faul ass, an opgrond vun deem, waat an den Felgen steet, an sengem Computer sicht an fënnt, klappt daat och esou (war esou bei mengen Speedline Felgen viirun 2 Joër, ausser den Felgen haat ech guer neischt).

Mä bon, TüV 2007 an 2009 ass jo nët mei d'selvescht, wei mer daat des Woch hun missten feststellen :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 16/08/2009 13:00:11

Wann dir vun TUV Mänchen schwätzt...meng dir dann TUV Daitschland oder dei vu Sandweiler ?
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 16/08/2009 13:01:47

TüV Däitschland, fir d'Eenzelofnahm iers de se hei zu Sandweiler andréis !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/08/2009 13:13:21

Genau esou wei den Jayjay geschriwen huet ! 8)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

steinke

Post by steinke » 16/08/2009 14:37:55

wei dann jp ? wat haat da dann probeiert androen ze loosen?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/08/2009 18:09:13

Mengs de elo 2009 ? Den Meinden war ech mam STi fiir mein Blitz ESD anzedroen, an daat war en "no go", ca. 88dB waren zevill, elo ass 77dB max :evil: An um GT hun ech en mat 92dB legal drop (2007 goung daat nach) :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

steinke

Post by steinke » 16/08/2009 18:26:16

ohje... io ass bessen eng sauerei.. majo du soos ma eng keier beim autodesign dats de probeiren geifs goen fier en anzedroen... wat mes de dann lo? hells de en rof fier ob d'control statioun, oda mes de en db-killer dran an probeierts dann nach eng keier? gett et hei am land iwwerhapt eng adress wou een daat kann testen loosen , also den db-waert ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/08/2009 21:07:28

Lo ass mol mein Inox-Car drop (E-Zechen), huet awer null Sound.

dB-Killer, also Silencer haat ech derbei, huet 2 dB bruecht, also keng Leisung...

Mol kucken, gleewen nët drun, dass ech deen nach agedroen kreien :-(

Awer egal, um GT därf ech 92dB Kameidi maachen, an daat hëllt keen mer mei eweg :twisted:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 16/08/2009 21:32:52

meng aerys huet 98 db verreckt am fong mat tuv.... allerdengs ouni silencer mat mecht se nach 94db...

verstinn dat net wei aerys do tuv drop kruet???

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 17/08/2009 17:29:47

Ben,

Du hues rem dei GANZ rau Deeler op dengem Auto! D'Haaptsaach MEGA Radau schloen an trotzdeem angedroen. Wei geht daat?? :-D

Verstin lo echt guer näischt mei.... ;-)


PS: Den 01. September gin ech mam GT op den TüV fir meng Prodrive Felgen an mein Blitz Enddëppen anzedroen. Mol kucken waat se mir dann zielen. Ech wert dann rem iergenwelch nei Erklärungen kreien wisou et net (mei) geht fir dei Saachen angedroen ze kreien. Sin mol gespaant..... :?

Wënscht mir Gléck!

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 17/08/2009 22:09:05

majo wat mengs du dann ech well just SSSSSSSOOOOOUUUUUUUUNNNNNNNNNDDDDDDDDD!!!
verstees de???


drecken dir daumen... 8)

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 09/09/2009 0:10:19

Di heiten get et, wees awer nach net wéini ! :oops:

http://www.oz-racing.de/wheels/racing/s ... smo-gt/de#


Awer am Matt Black+Red Lettering !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/09/2009 13:48:00

Ah dei klasseg Subby-Felge, awer nët an der klasseger Faarv ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 09/09/2009 21:53:09

Di klassesch Faarw passt dach net op mäin. Ech fannen dass op e wäissen Scooby just eng schéin göllen oder schwaarz Felge passt ! Oder ? Waat denken di aner ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/09/2009 23:53:38

Klasseg um Subby ass jo Gold :lol:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 10/09/2009 0:20:51

Jo ok, mee firdrun haas du mat klassesch jo awer eng fun deenen 2 OZ(an zwar di selwer) gemengt, oder net ?


Ween huet schon di klassesch Gold drop ? :lol:

White_STI_06

Felgen

Post by White_STI_06 » 10/09/2009 1:49:36


User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Re: Felgen

Post by ChristianS-80 » 10/09/2009 4:49:15



Merci Mike. :P


Oh neeeee, lo gesin ech réicht dass et 4-Lach ass ! Daat geet jo net, oder ? :cry:

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Re: Felgen

Post by MichelW-68 » 10/09/2009 10:29:06


uhhh.....lecker
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 10/09/2009 10:32:57

@Jayjay : Dei wieren effektiv echt mega Geil op dengem !!! Dei kriss de bestëmmt och am 5x100 !

Image

Um STi ass gold am Fong nach ëmmer standard gewiecht, etweder OZ Superleggera oder d'Speedline deis de och vun Subaru (Deitschland zumindest) kriss.

An ech hun dei klasseg (an original) gold drop (um STi) ;-) Bleiwen och dobei, well ech onbedingt den Bridgestone Potenza RE070 fueren wëll, an deen gët ët souweisou nët am 18" oder 19" :roll: :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 10/09/2009 14:24:54

Nach eng blöd Frô : Bei desen Superturismo steet als Präis 539€, ass daat pro Felge oder de ganze Saatz ?
Last edited by ChristianS-80 on 10/09/2009 19:57:06, edited 1 time in total.

White_STI_06

Jayjay

Post by White_STI_06 » 10/09/2009 19:32:30

Chrescht, wend dech un den Autodesign, ech kann mech erenneren daat hien mir soot daat et se am 5*100 gett, awer net am 5*114,3

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 10/09/2009 20:34:22

dei 4???????????????????????????????????????????????????????????????????????????

oh jayjay du stells froen..... 1 kascht 539!!!!!!!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 10/09/2009 20:37:36

Hätt jo kéinte sin ?!?! :twisted:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 10/09/2009 21:47:56

dann häss du mir keinten 2 sätz matbestellen...

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 12/09/2009 12:46:00

Mir awer och!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 26/09/2009 23:18:25

Hun mech haut mol bessi beim AutoDesign emgekuckt.

Entweder des hei :
http://www.dotz-wheels.co.uk/DOTZ_sh_w.htm

Di kaschten 297 €/Felge ttva.



oder, des hei :
http://www.oz-racing.de/wheels/racing/s ... ismo-gt/de

Awer am schwaarzen. Di kaschten 328 €/Felge htva.


Next Saison ! :twisted:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 08/10/2009 11:05:16

Net an schwarzen oder anthrazit ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 08/10/2009 17:21:52

Yank555 wrote:Net an schwarzen oder anthrazit ?

Wi mengs de daat ? Di Dotz ?


Hun mech scho baal fir di dotz décidéiert ! Hun firun e puer Deeg um Internet (bei mobile oder autoscout) een wäissen Subi gesin, wi mäin, mat wäisse Felgen. Ech mengen ech probéieren daat ! :P

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 13/10/2009 10:01:27

Daat get awer Bling Bling um Subi! Dotz ass schein fir ob sou typesch Tunings Keschten, Subaru ass racing an mengen Aan! Deen moven Evo aus der Fuussekaul huet dei do drop, neenee, paast net wirklech, fannen ech mol!

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 14/10/2009 0:07:01

jiddferengem saint...ech geng schwarz mat weiss gail fannen...mee et kann een sech jo mol iwwerraschen loossen :wink:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 14/10/2009 12:03:38

Yep, ech geif och dei schwaarz OZen mat Carbon-Asaatz drop machen.

Awer ech loossen mech gären ëmiwerzeegen :lol: :lol: :lol:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 15/10/2009 10:25:22

Männer, dir maacht mir et net liicht !

Ech hun lo gehofft den een oder aner wier och fir di wäiss ! Mmmhhhh ! Lo get d`Entscheedung schon mi schwéier !

Mol kucken wi ech daat maache kann. Den Autodesign huet fläicht eng kéier di Felgen do trellen, sou dass ech op all Säit 2 Felgen fun der selwechter Sorte dropmaache kéint fir ze testen !

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 15/10/2009 18:20:13

@jayjay

et ass dain auto du solls dech net vun eis beanflossen loossen...ech sot jo firwat net weis?vlait gesait et mega gail aus...zb dem mike seng um bloen sti dat gesait wirklech mega aus!!!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 15/10/2009 23:19:15

ben wrote:@jayjay
et ass dain auto du solls dech net vun eis beanflossen loossen...ech sot jo firwat net weis?

Nee, sooss du mir net ! Firwat dann ?????? :-)



ben wrote:vlait gesait et mega gail aus...zb dem mike seng um bloen sti dat gesait wirklech mega aus!!!!

Jo mee de Mike huet wäiss Felgen op engem bloen Auto, ech hätt wäisser op engem wäissen ! Ech wees net. Muss testen iert ech eppes kaafen. Ech sin nämlech och der Meenung dass di blo OZ och gäil um Mike séngem wieren. Ech hun et och just sou schwéier wéinst ménger Fra, well wann et mir nogeet dann fléien méng Carbonsautocollanten erof an ersetzen se duerch di selwecht, just am rouden (hun e Saatz doheem leien). An et kommen roud OZ'en drop ! Mee bon, sou muss ech mech lo tescht schwaarz an wäiss entscheeden !

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 15/10/2009 23:27:17

wat huet dart mat denger fra ze din??????

dann ma dei roud drop dat gesait vlait och gudd aus!!!keen huet dat!!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 16/10/2009 2:10:04

Ma hatt kann sech net firstellen dass daat flott wier, dofir dierf ech daat net maan ! :-(

Wier bestemt gäil. :twisted:

Post Reply