Felgen op ebay !

Discussions about brakes, rims and tyres (public)
Discussions à propos des freins, des jantes et des pneus (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Felgen op ebay !

Post by ChristianS-80 » 03/09/2009 6:51:18

Huet een fun iech Interesse ?

Präislech ok. Et muss een just froen op een der 4 kréie kint, well do steet wi wann der nemen 3 verfügbar wieren !


http://cgi.ebay.de/1-OZ-Superturismo-GT ... 286.c0.m14


oder fläicht di hei :

http://cgi.ebay.de/18-ZOLL-OZ-Botticell ... 286.c0.m14


Oder wel een fun iech soueppes ? Ech bestelle mir däer lo wahrscheinlech !


http://cgi.ebay.de/REIFENTASCHEN-Subaru ... 286.c0.m14

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 05/09/2009 23:07:45

Salut

Felgen gesinn ganz gutt aus. Mai ech wir bei Felge kaaf iwer Internet an ebay immens Virsichteg.
Wannste Felgen muss emtauschen dann ass et en immense gedeesems en plus as Felgekaaf eng Vertrauenssaach.
Du wees net op dei Felgen Micro Ress hun an op se dir net bei 200kmh op der Autobunn em D'Oueren fleien.

Ebay ok - vir verschidde Sachen - mai net vir Felgen

....mein Avis

Michel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/09/2009 10:57:33

Salut,

Gin dem Michel do nët ganz onrecht, ech wier och leiwer viirsechteg...

Dann nach eng aaner Saach :

OZ Superturismo GT 8x19, 5/100, ET 45 VW/Audi/Subaru : Ech geif eischter probeieren ET48 ze kreien, ET45 ass schon vill, original hues du mengen ech ET53 drop.

18 ZOLL OZ Botticelli 8 x 18 ET 48 VW,AUDI,SUBARU IMPR. : Schon besser am ET.

An allgemeng, wei ass ët mat TüV Papeieren vun deem Fournisseur fiir dei Felgen ?

Dei Reifentaschen sinn nawell deck praktesch, ass awer mëttlerweil en Artikel, deen ech nët wärt brauchen, hun just 1 Saatz Felgen pro Auto ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 06/09/2009 12:21:53

En plus steet bei Ebay nach daat heiten:


"Für die Felgen gibt es ein sog. Festigkeitsgutachten . Ideal als Unfallersatz oder als Ausstellungsfelge"

fannen ech schon suspekt.

Wann mir schon beim Thema sin....wei ass daat nach emol mat der ET ?

Waat ET mei kleng ass waat Felge mei no baussen versaat ass also mei e bredden Boor huer, oder wei ?
:?: :idea:
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

steinke

Post by steinke » 06/09/2009 13:54:34

io mengen ass iergendzei sou wei du sees michel, wat den ET mei kleng gett, wat deng anpressdeift mei grouss ass... iergendwei sou :) spillt awa mengen ech keng roll ob deng felg en bor huet oda net

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/09/2009 16:00:56

Also ET steet fiir EinpressTiefe, an daat an mm ausgedrëckt ;-)

En ET vun 0 heecht, dass den "Plateau" deen un den Auto kënnt (also un d'Radlager), genau an der Mëtt vun der Felgenbreed ass.

Ass den ET mei grouss, klëmmt d'Apressdeift, an d'Felge geet ëmmer mei an den Auto eran(gepresst).

Eng Felge mat ET 53 leit also mei weit eran wei eng mat ET48, an zwar ëm genau 5mm, genau wei wann een bei der ET53 eng 5mm dëck Distanzscheif opgeluecht hätt.

Hei kënnt der iech daat souguer graphesch duerstellen loossen :

Wheel Calulator (Flash Application)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 06/09/2009 18:41:36

Also vir Felgen am ebay do ze kaafen ass genau sou riskant wei se an engem Geschäft ze kaafen, sougenannten Mikroress oder waat och emmer kennen an all Felg sin. Ech hun meng Supperturismo genau bei deem do kaaf, hun se sait 3 joer drop an do ass guer naicht gerass oder soss eppes. Dei sin top, D festegkeetsgutachten ass dobai fir se beim TÜV agedro ze kreien, waat och normal ass. Den ET ass ganz genau deen Richtegen fir den STI, et schruppt net an schleift net, mat den Dichtungen an der Raadkescht ass och guer keen problem!

Wanns du eng ersatz bei deem brauchs, ass se genau an 5 deeg do!!!

Main AVIS :D

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 06/09/2009 18:54:50

S.T.I wrote:Also vir Felgen am ebay do ze kaafen ass genau sou riskant wei se an engem Geschäft ze kaafen, sougenannten Mikroress oder waat och emmer kennen an all Felg sin. Ech hun meng Supperturismo genau bei deem do kaaf, hun se sait 3 joer drop an do ass guer naicht gerass oder soss eppes. Dei sin top, D festegkeetsgutachten ass dobai fir se beim TÜV agedro ze kreien, waat och normal ass. Den ET ass ganz genau deen Richtegen fir den STI, et schruppt net an schleift net, mat den Dichtungen an der Raadkescht ass och guer keen problem!

Wanns du eng ersatz bei deem brauchs, ass se genau an 5 deeg do!!!

Main AVIS :D
Verstinn deng Argumenter deelen awer net deng Meenung.
Jiddferengem seint. Ok

...irgenwei liesen ech do en Ennertoun eraus.....
loos daat weg sinn...wann ech mech irren....
Vergiess et einfach


:wink:
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 07/09/2009 0:26:00

Sorry Sorry Sorry. Probeieren mech an Zukunft mei proffessionell auszedrecken :P :oops:

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 07/09/2009 10:26:33

Merci villmools :D

...an ech probeieren mei Vertrauen an "EBAY" ze hun :wink:
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

Post Reply