Neien Nissan GTR am Land gesin

Post your funny stuff in here (public) / Postez vos trucs marrants ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
Steve79

Neien Nissan GTR am Land gesin

Post by Steve79 » 04/05/2008 0:04:21

War haut d'Frendin op den Findel sichen, an waat stung do um Parking?? Ech war baal blann gin, offiziell get et en jo am Moment jhust an Japan!!!
Gudd, dat ech den Fotoapparatwirklech duerch Zoufall am Auto haat!!

Image
Image
Image
Image
Image
Image
Image
Image

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 04/05/2008 11:03:39

Also fir deen Auto géif ech mäin Impreza scho bal stoën loossen :)
Nët nëmmen dat den neien GTR geet 'wéi Sau, mais en gesäit och nach wierklëch gudd aus :!:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/05/2008 9:35:28

Ahhhh, Litchfield Imports, jo dann :!: Japan läst grüssen ;-)

Ech haat deen viirun e puer Wochen zu Nidderkuer gesinn beim Trottoir stoen, mat den 4 Winckeren un, dann war en warscheinlech do engem den Auto weisen komm ;-)

Ech haat leider keng Zeit fiir stoen ze bleiwen, hun missten op d'Schaff :roll: Mä ech war awer irgendwei aus dem Konzept geheit, well ech haat just gesinn, dass en giel Nummerenschëlder haat, an duecht ët wieren Lëtzbuergescher gewiecht (war e bessen schnell gangen beim laanschtfueren), do hun ech d'Welt nët mei verestaan, frei nom Motoo "Wei ... schon ?!" :lol:

@Teit : Also fiir deen, keint den STi och mol Plaatz machen ... Mol kucken, wann en bis hei ass, an waat en kascht asw ;-) Oh nee, hun ech daat elo wierklech geschriwwen oder just geduecht !? :twisted:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/05/2008 10:06:09

einfach mega...mee mengen dat get eng fro vum geld well gefallen deet en mer op jiddenfall :D :D :!:

Steve79

Post by Steve79 » 05/05/2008 17:47:31

Ech mengen d'Praisser fänken esou bei 75000 Euro un, den Lentz zu Alzeng get den GTR-Händler fir Letzebuerg.

Einfach hei fir d'Newsletter anschreiwen, dat lount sech, ech haat souguer een Ticket fir den Genfer Salon gescheckt kritt vun Nissan, war zwar net dohinner!!

http://www.gtrnissan.com/index.html

Ajo, reserveieren kann een do och alt schon mol een, wann een interesseiert ass :D :D

Post Reply