Recalcul : Keen Rappel fiir dei dei nët bezuelt hun ?!

General discusions about legal questions with the government administrations regarding your car (public) Discussions générales sur les questions légales avec les administrations de l'état concernant votre voiture (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Recalcul : Keen Rappel fiir dei dei nët bezuelt hun ?!

Post by Jean-PierreR-71 » 30/04/2008 11:24:08

Le 29/04/2008, par Steve GABRIEL: RECALCUL??? wrote:Majo ech hun mech haut nach een bessen schlau gemach. Ech wess elo neet waat definitiv leeft oder neet mais den ACL kinnt jo elo emol fier Kloerheet suergen, soss sinn ech do och dei längsten Zäit Member gewiescht, meng Kasko schleeft mech och gratis of esouguer am Ausland donc...

Also haut hun ech gezielt kritt, déi wou hieren Recalcul neet bezuelt hätten, daat wier eet eben dann...

?????????????????????????????

Daat wier zwar een decken Hond!

Dann wieren all dei wou bezuelt hunn, jo bei d'Lisette geloss ginn?

Mais do soll néischt méi kommen????

Bon eet soll een neet op daat goen waat den Volléksmond seet, mais den ACL kinnt jo awer elo do fier Kloerheet suergen an daat nofroen, well bei den Herren Douanieren do hiewt jo KEEN den Telefon op!

Daat missten anerer sech mol erlaaben....

Also léiwen ACL, wéi ass eet dann mam Recalcul, kréien mer een Rappel oder ass daat elo einfach "giess".

Steve GABRIEL, Létzebuerg
Daat wier jo awer en staarkt Stëck, ech Kallef hun bezuelt :evil:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 30/04/2008 12:20:43

Mmmh...ech hätt näischt dogéint, well ech hun vun ca. 250 Teuroen just 80 bis elo bezuelt (wollt nämlëch déi Hären op der Douane e bessi rosen maachen an schaffen doën :twisted: )

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 30/04/2008 15:51:05

Le 30/04/2008, par Germain TINTINGER: Äntwert fir den Recalcul wrote:Ech hun mol nogefrot, wat et domat ob sech huet, an hei eng offizielle äntwert:

Monsieur Tintinger,

La loi du 22 décembre 2006 promouvant le maintien dans l’emploi et définissant des mesures spéciales en matière de sécurité sociale et de politique de l’environnement prévoit dans son article 59 qu'un recalcul de la taxe se fera pendant l'année 2007. Il n'est dans aucun article prévu que ce recalcul ne doit pas être payé. Des rappels vont certainement suivre! Pour en savoir plus, veuillez consulter le Mémorial A 2006, N° 239 du 29.12.2006 page 4722 et ss ou notre site Internet sous www.do.etat.lu/vehaut/Taxes/index.htm et non le "guestbook de l'ACL ".

Bien à vous

P. Reding
Bon, mol kucken...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 30/04/2008 16:33:06

Also ech hun aus Trotz bis elo main Recalcul och naach net bezuelt.
Ech hun awer lo den Ziedel kritt, fir meng Vignette vun desem Joer ze bezuelen.
Bon, kucken ech mol wat dann naach kennt, p allefall kreien ech jo lo mol meng Vignette fir dest Joer!!!

Post Reply