Aussoen um RTL vum Divisiounschef Accisen (Douane)

General discusions about legal questions with the government administrations regarding your car (public) Discussions générales sur les questions légales avec les administrations de l'état concernant votre voiture (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Aussoen um RTL vum Divisiounschef Accisen (Douane)

Post by Jean-PierreR-71 » 16/01/2008 21:54:01

Salut,

Ech wees nët ween den Journal um RTL geschter (15/01) gesinn huet, an och d'Aussoen vum Här Pierrot Reding zu der Tatsach, dass Leit nët averstaanen sinn mat der neier Steier.

Ganz besonneg den Tounfall mat deem den Divisiounschef Accisen dei gemach huet, fannen ech esou enger heiger Positioun nët würdeg !

Ween ët (nach)emol wëll gesinn an heieren, hei ass den Link op den Video-Archiv beim RTL :

http://streaming.newmedia.lu/768K/98/20 ... 5_768K.wmv

Ech gleewen och nët drun, dass se "just" 50 esou Reklamatiounen erankritt hun, an och nët, wei hien seet, mat 5 Minuten Erklärung d'Leit un Telefon geifen verestoen, an zefridden geifen bezuelen. Daat kann jo nët sinn, d'Douane geet dach seit Wochen nët mei op der Telefon ... ? Weisou dann nët mei ?

Hei wier ët interessant Insider Informatiounen ze kreien, wei weit dei Aussoen wierklech stëmmen, oder just eng dëck Ligen sinn ...

Ech denken den Drock vun den Reklamatiounen hëllt zou, an den Undeel onbezuelten Recalculen ass richteg heich, weisou soss kënnt ët, dass sech den Divisiounschef Accisen vun der Douane, deen wei ech hien ziteieren "zoustänneg ass fiir ze kasseieren", op der Tele ze gesinn ass ?

Fiir mech eng kloer Saach, se hätten gären eis (pardon hier) Suen.

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Bid-X

Post by Bid-X » 17/01/2008 11:22:25

Vun mär hun se och nach näicht kritt, daat kann och nach eng gudd Zäit daueren!
Hun am Moment einfach keng Loscht ze bezuelen :twisted:
Wéi laang dauert et bis den Diirwiechter kennt?

Bis dann
Ralph


hmm, muss den Krusty e bessen méi kleng maachen, mengen ech

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 17/01/2008 12:03:22

Salut,
Bid-X wrote:Wéi laang dauert et bis den Diirwiechter kennt?
Also laut deem, waat deen feinen Mann do gesoot huet, keim d'eischt den 1. Rappel, dann den 2. Rappel an dann, ech wees nët mei wei en daat genannt huet, mä an der Privatwirtschaft misst daat dann eng "mise en demeure" sinn. Dono reischt kënnt den Dierwiechter.

Den 1. Rappel geif Ënn März erausgoen soot och nach.

Allerdings soot en och nach, dass een, deen mei wei 60 Deeg an Verzug ass ze bezuelen, an deen an eng Police-Kontroll keim, geif d'Groo Kaart oofgeholl kreien. Dei keint en dann zu Sandweiler nees oofhuelen, soubaal bezuelt wier. Wann ët mei wei 1'000€ wieren, geif den Auto souguer op der Plaatz bleiwen !

Daat fannen ech allerrdings interessant, well wanns du eng offiziell Vignette hues, vun der Douane ausgestallt, dei zum Zeitpunkt vun der Konteoll gülteg ass, weist ech gären opgrond vun waat d'Police der d'Gro Kaart an eisem "Rechts-Staat" därf oofhuelen ? Wëll souguer an der Période, wou mer nach dei "falsch" Steier bezuelt hun, haaten mer och schon eng gülteg Vignette vun der Douane am Auto !

Ech mengen dei behuelen sech ëmmer mei wei an enger Bannenrepublik hei zuland :roll: Mier mussen eis un d'Gesetzer an d'Verfassung haalen, sie anscheinend awer nët :evil:

Bon ass mer eigentlech egal, meng 2 sinn oofgemellt, also fueren ech nët domat, also kann och keen mer eng Groo Kaart oofhuelen :twisted:

Allerdings bezuelen ech no, ier ech se nees umellen, soss kreien ech warscheinlech keng nei Vignette vun hinnen. Speitstens wann mer eng nei Vignette brauchen, hun se eis alleguer :?
Bid-X wrote:hmm, muss den Krusty e bessen méi kleng maachen, mengen ech
Wier effektiv nët schlecht :lol:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Bid-X

Post by Bid-X » 17/01/2008 12:49:33

Majo, dolaancht kommen mär jo souwisou net; allerdengs wuarden ech op den 2. Rappel an bezuelen dann "irtümlecherweis" net genuch. Mol kucken wéi laang et dann dauert bis nees eppes kennt. Wann et kritesch gett kann een jo nach séier bezuelen (fläicht dem Diirwiechter souguer boer op d'Krall).

Jo, jo, eist schéint Land! Hätt ech net eng gudd Schaff an een schéint Haus wär ech schon laang net méi hei.

Ralph

ramon

Post by ramon » 05/02/2008 19:10:00

Merci fier den Link, haat dess Emissioun nett gesinn. Majo, den Reding do ass jo eng letzebuerger Mettwurscht per excellence.
Lo wee ech weinstens maat waat ech ett ze dinn hunn. Interessant daat esou e Paté opp esou enger Positioun ass

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 05/02/2008 21:04:46

Mäi Gott, huet deen eng selbstgefällëg Art an Weis fir ze schwätzen... :x
Also wann ët just 50!! offiziel "lettres de recours" gin, da froën ech mech fierwaat dann d'Guestbook vum ACL, an och verschidden aaner Siten, déi sech mat deem Thema befaassen (virun allem Petitiounen) aus allen Néit platzen...(wann ech gehässëg wier, géif ech einfach 'mol behapten, dee gudde Mann kann just bis 50 zielen :twisted: ).

Doriwwer hinaus géif jo wuel keen 'sou een Tamtam gemach gin (offiziell Stellungnahm op der Télé, etc.), wann jidfereen géif, no 5 Minuten Erklärung (also si mier jo awer nët 'sou domm, mais allerhéchstens e bessi ënnerbeliicht) vun der Rechtméissegkeet vun dësem Gesetz iwwerzeecht sin...

Nee nee, ech denken éischter, datt ët esou vill Beschwerden reent, datt déi offiziell Säit probéiert, eis elo e bessi fäerten ze din andem si eis 'mol déi legal Sanktiounen opzielt, fir datt mier schéi brav eisen Recalcul bezuelen.

Och wann d'Regierung am Endeffekt um längeren Hiewel sëtzt -well spéitsdens wann déi Leit déi den Recalcul nach nët bezuelt hun eng nei Vignette brauchen an eenn Virement/Versement fir déi NEI Vignette maachen, da gin dës Suën fir d'alleréischt 'mol geholl fir d'Steierschold ze begläichen, an dann eréischt, nom Bezuelen vun engem neien Recalcul, gët eng nei Vignette ausgestallt...-, sou musse mier jo awer nach laang nët alles brav schlécken! (an d'Regierung daërf och nët erwaarden datt et eis -no engem gezwongenen Schlécken- dann nët eventuell sauer eropstéisst) :!:

Daat ganzt kéint och ënner dem Motto laafen: "Maacht d'Aaen zou, an denkt un eppes schéines...".

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 05/02/2008 23:13:55

Iwert deen fainen Här vun den Accisen well ech lo keen Wuert verleieren oder wei hien seet "PFFFFFT!!!"

Fakt as an bleiwt, dass d´Steier vum Prinzip an vun der Basis hier komplett falsch an ongerecht as. An daat verstin ech och net no enger Stonn um Telefon. Dass een fir een Auto deen POTENTIELL an net effektiv vill Knascht mecht vill muss bezuelen as einfach falsch. Daat sin Säckdreier-Methoden!!

Den Recalcul am Prinzip as jo logesch, well d'Gesetz leider vum Ufank 2007 gellt an eis dichteg Verwaltungen net fäheg waren daat ze managen.

An eis nach mei dichteg Politiker hun jo onbedingt missten een Gestzt op d´Stroos geheien fir net do ze stoen wei wann se guer naisch geifen fir dÉmwelt machen, och wann d'Verwaltungen nach guer net dorop angeriicht waren!

Daat as eng Politik nom Motto : "ALS EISCHT SCHEISSEN AN DANN FROEN" oder "WANN D'KAND AM PETZ LAIT DANN KUCKEN MER WEIDER"

Serge
Form follows function

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 15/02/2008 12:49:49

Ech war grad an menger Breifkëscht, an hun schon nees en super Beispill vun Verschwendung fonnt !

Ech kruut en avis d'échéance fiir d'Vignette vum STi deen oofgemellt ass, also fiir deen ech d'Vignette ageschëckt hun an fiir deen ech vun der Douane esouguer d'Differenz zerëckiwerwisen kruut.

Elo schreiwen Sie mer awer, meng Vignette geif den 11/3 ooflaafen, an ech sollt dei dann erneieren ?! Wei wann ech se nët erangeschëckt hätt...

Ween huet deen Programm bei der Douane geschriwen ?? Do fillen ech mech als Informatiker beleidegt, wann se 1 Joër brauchen esou en banalen Recalul ze programmeieren, an dann klappt viir an hannen neischt ! Eiser een hätt do schon laang den Hutt missten huelen !

Deser Deeg haat ech vun engem Kolleg och en gudd Beispill matgedeelt kruut, dei kruuten an hierer Transportfirma 200 Recalculen iwert 0 Euro !?

Dei Suen gin jo ganz offensichtlech an d'Ëmwelt investeiert !

Saneiert mol dei Administratiounen, an investeiert daat Geld an d'Ëmwelt, domat wier der Ëmwelt och gehollef. Well Beem oofholzen fiir esou e Blödshin duerch d'Land ze verschëcken ass lächerlech, plus d'Post schleeft daat och nach mat hieren Autoen, alt nees onneidechen CO2 den produzeiert gët.

Mein Grouspapp soot ëmmer, kier d'eischt fiirun denger Dier iers de bei en aaneren meckeren gees.

Den Staat sollt sech daat mol zu Härzen huelen, an mol kucken, waat do vun Aspuerpotential ass ! Mer hëllefen gär, awer weg, daat ass en Schlag an d'Gesiit, wann "mier" deier bezuelen, an "sie", dei eis dei Steieren opleen, schleideren ongebremst weider wei wann neischt wier, oder leen souguer nach eng drop.

Sou, le sinn ech nees rosen :evil: 8)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/02/2008 22:16:00

Salut,

Ech kruut schon eng Äntwert op mein Breif ! Dei hun awer echt iwerhaapt neischt verstaan ! Lo schreiwen dei mer mam Bic op mein Courrier, ech misst d'Vignette ranschëcken fiir d'Auto'en oofzemellen ?! Ech mengen dei verstinn definitiv eis Amts-Sprooch Franzeisch nët, dobai ass mein Courrier awer wierklech nët schweier ! Obwuel, daat kann awer gudd sinn, well an deenen 11 Wieder Franzeisch dei den Douanier zerëckgeschriwen huet ass 1 Gramatik-Fehler an 1 Vokabulaires-Fehler, keng glanzvoll Leeschtung.

Ech enthaalen iech ët nët, hei mein Breif mam Kommentar vum Douanier rout erviirgehuewen :
Image

An hei meng Äntwert op seng Äntwert :
Image
Image

Soll nach een elo nët verstaan hun, weisou an deem Betrieb se 1 Joër fiir en banalen Programm gebrauch hun deen just 3 Zuelen mateneen multiplizeiert ?! Daat haat den RTL.lu an 1 Dag ëmgesaat ! Ech kriit den Saack, wann ech 1 Joër fiir esou eng Banaliteit bei eis an der Firma geif brauchen.

Domat hun Sie schon 2x mir geschriwen, an ech schon 2x geäntwert, fiir neischt ! An mir bezuelen daat och nach ...

Ech ginn ëmmer mei sauer :evil: :evil: :evil:

JP.
Last edited by Jean-PierreR-71 on 02/09/2009 9:52:26, edited 1 time in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 26/02/2008 20:24:31

Ech gin geckeg :shock::shock::shock: Dei hun ët nach ëmmer nët gerafft :!::!::!:

Ech kruut den moien d'Äntwert per Fax (ëmmerhin ass daat mei bëlleg wei en Courrier schreiwen, an natierlech och nach manner Aarbescht).

Hei hier Äntwert (alt nees mam Bic op mein Courrier geschriwen, 9 Wieder an dovun 1 an der falscher Sprooch :roll:). Ech hun mech ugepasst, meng Äntwert dann an bloer Faarv och mam Bic an an 4 knappen Wieder (vielleicht verstinn se ët dann besser) :

Image

An hei mein Beweis, den Extrait vun der Bank :

Image

Den Witz wier jo nach, wann mer vum STi geifen schwätzen, deem seng Plaque ass an der Communicatioun vum Extrait guer nët erwähnt, gouf awer mat zerëckbezuelt, well zur Info, den GT kascht "just" 140€ am Joër...

Wei domm geet ët dann elo nach vierun :?: An mer bezuelen daat :?::?::?:

JP.
Last edited by Jean-PierreR-71 on 02/09/2009 9:52:41, edited 1 time in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 01/09/2009 20:08:25

Wi ass et dann lo schlussendlech ausgaang ? :P

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/09/2009 9:56:37

Huch, dei Saach haat ech jo schon ganz vergiess ;-)

Nodeem ass neischt mei komm, mengen deen gudden Mann huet endlech gerafft, dass se alles duercheneen geheit hun :? :roll:

Niescht fiir ongudd, den Lux huet dei sche*ss Zopp wuel gekacht, awer dei dei se dono hun missten ausleffelen hun den Polfer och nët grad erfonnt ;-)

Awer ech mengen elo klappt daat schon wesentlech besser, haat keng Problemer mei seitdeem.

Bis op, dass se nach ëmmer nët op den Telefon ginn, daat fannen ech e bessen lamentabel als Service um "Client", an daat sinn mer schliesslech, mir bezuelen jo d'Auto-Steieren an hier Pai.

Esou eng keinte mer mat eisen Client'en nët brengen... dann wären mer "out of business" :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 02/09/2009 11:50:09

Wann eng kéier een fun iech e Problem oder eng Frô huet betreffend d`Autossteier fun engem fun séngen Autoen dann froot mech ! Ech gin et weider an den Daag drop hu dir eng Äntwert. Ech selwer, an ech setzen just 1 Stack mi déif an hun 15 verschidden Tel.nummeren fun hierem Büro, kommen baal nie un een. Ech sin frou wann deen een oder aneren mol rof bei mech moien soen kent, dann gesin ech nämlech och een. :-)

Wel keen ener Schutz huelen, mee op der Autossteier ass et wierklech net einfach momentan. Kann lo net hei öffentlech an den Détail goen, mee ass esou.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/09/2009 15:00:12

Jo, kann mer viirstellen, dass ët nët einfach do ass, wei gesoot, sie mussen dei Zopp ausläffellen, dei den Lux hinnen gekacht huet... :?

Mä bei deenen neien Tarifer war jo awer ze erwaarden, dass all dei Lëtzebuerger, dei mei Auto'en hun, hier "Spillsaachen" am Wanter geifen oofmellen, wou daat jo grad dei mei steiertechnesch deier Auto'en an der Regel sinn ;-) An deier Lëtzebuerger gët der jo nawel e gudden Grapp voll ;-)

Daat ass jo deck relax, wanns du do kanns hëllefen.

Hun en neit Topic opgemach mat enger Fro ;-)

http://www.impreza-club.lu/forum/viewtopic.php?t=464
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 02/09/2009 18:13:45

fannen dat am fong alles lamentable wann een bedenkt wei den system vun den autossteieeren ass!!!!!!

et keint dach alles mei einfach sin....

wei gesot eppes ass schon mol gudd den Här Lux kann keen scheiss mei maan dat ass schon positif!!!!!!! :?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/09/2009 18:41:02

Daat ass awer mol wierklech wour :

Hip hip hurray dass den lümineusen Lux fort ass 8)

Hoffen sein Nofolger ass nët nach schlëmmer :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 02/09/2009 19:34:28

dat ass baal net meiglech.... :idea:

Post Reply