Aussoen um RTL vum Divisiounschef Accisen (Douane)
Posted: 16/01/2008 21:54:01
Salut,
Ech wees nët ween den Journal um RTL geschter (15/01) gesinn huet, an och d'Aussoen vum Här Pierrot Reding zu der Tatsach, dass Leit nët averstaanen sinn mat der neier Steier.
Ganz besonneg den Tounfall mat deem den Divisiounschef Accisen dei gemach huet, fannen ech esou enger heiger Positioun nët würdeg !
Ween ët (nach)emol wëll gesinn an heieren, hei ass den Link op den Video-Archiv beim RTL :
http://streaming.newmedia.lu/768K/98/20 ... 5_768K.wmv
Ech gleewen och nët drun, dass se "just" 50 esou Reklamatiounen erankritt hun, an och nët, wei hien seet, mat 5 Minuten Erklärung d'Leit un Telefon geifen verestoen, an zefridden geifen bezuelen. Daat kann jo nët sinn, d'Douane geet dach seit Wochen nët mei op der Telefon ... ? Weisou dann nët mei ?
Hei wier ët interessant Insider Informatiounen ze kreien, wei weit dei Aussoen wierklech stëmmen, oder just eng dëck Ligen sinn ...
Ech denken den Drock vun den Reklamatiounen hëllt zou, an den Undeel onbezuelten Recalculen ass richteg heich, weisou soss kënnt ët, dass sech den Divisiounschef Accisen vun der Douane, deen wei ech hien ziteieren "zoustänneg ass fiir ze kasseieren", op der Tele ze gesinn ass ?
Fiir mech eng kloer Saach, se hätten gären eis (pardon hier) Suen.
JP.