- 40.4% Transport non-rédients
14.2% Transport résidents
29.3% Industrie
10.5% Stéit an Handel
Bleiwen 5.6% dei nët detailleiert goufen
- 74% non-résident
26% résident
- - Camion'en
- Baumaschinen
- Landwirtschaftmaschinen
- öffentlechen Verkeier
- asw.
- 1.4 Milliarden Euro un Accisen
60 Milliounen Euro aus dem Kyoto-Cent
28 Milliounen Euro aus der Auto-Steier
Dest sinn ganz interessant Zuelen, mat deenen sech z.B. gudd rechnen leist, ëm weivill den Benzin wierklech mist gehuewen ginn, fiir d'Steieren ze kompenseieren ! Hei d'Rechnung :
Den Kyoto-Cent ass (seit 1.1.2008) 2 cent um Liter Benzin, an 2.5 cent um Liter Diesel. Lossen mer hei frëndlecherweis vun engem Mix ausgoen, deen zu 50% aus Benzin an 50% aus Diesel besteht, daat wier en duerchschnëttlechen Kyoto-Cent vun 2.25 cent pro Liter. Mier wëssen awer, dass mei Diesel wei Benzin verkaaf gët, aleng weinst den Camion'en...
Bei engem Kyoto-Cent vun 2.25 cent de Liter gët daat un Sprit deen pro Joër verkaaf gët :
- 60'000'000€ / 0.0225€ = 2'666'666'666 Liter
- 28'000'000€ / 2'666'666'666 Liter = 0.0105€ / Liter
An Kloertext huet den Här Juncker um RTL gudd gelunn, wou hien behaapt huet, dass wann d'Steier iwert eng Spriterheigung geif agedriwen ginn, geif den Preis vum Sprit mei deier gin wei bei den Nooperen, an mir Lëtzbuerger geifen dann bei eis Nooperen tanken goen, ech ziteieren "Lëtzebuerger sinn keng Benzinspatrioten !".
Den Sprit geif awer nët mei deier wei bei den Nooperen, knapp 1.05 cent pro Liter gin duer fiir dass mer zu Lëtzbuerg GUER KENG Autosteier mei missten bezuelen !! Wann een also dei aal Steier do nach geif erausrechnen, weivill wier ët dann nach ??
Dest ass ganz kloer mat der Lëtzbuerger Bevölkerung den Geck gemach, eis all fiir domm verkaaf...
Loost iech dest mol duerch den Kapp goen, dann stellt iech nachemol d'Fro, wourëms ët hei bei der Steier geet ?
(des Informatioun gët och nach an mang Analyse integreiert )
Source vun den Informatiounen fiir desen Beitrag kommen vun RTL, resp. dem Här Lux an Persoun wärend der Sendung Impuls vum 23/01/2008 : RTL Video-Archiv