Sou, dest Joër dann mol eescht (d'Lescht Joër haat ech jo mein Auto getëckt, dun en neien Auspuff, dun nei geTeK't... sou dass oofmellen keen Sënn mei haat).
Ech war elo just zu "Eschweiler", also zu Esch/Uelzecht an der Kontrollstatioun, fiir mein STi oofzemellen.
Am Viirfeld haat ech mer den neidegen Formulaire (
hei ze fannen) ausgefëllt, rausgedrëckt an ënnerschriwen.
Am Guichet hun ech dun och dei "giel" Gro-Kaart oofginn. Dei gët visiblement, entgeint deem waat gesoot gouf, nët déposeiert (woufir och ?!), mä zersteiert, well den guddem Mann am Guichet huet se gudd gediebelt an en Stempel matzen dran dropgedrëckt.
Top, all Joër eng nei Gro-Kaart ze machen, daat soll jo mei einfach sinn an Geld spueren ??
Dun wollt ech wëssen, wei een den Auto dann nees umellt, well am Radio/Tele haaten se deemols gesoot, en Uruff zu Sandweiler geif duergoen.
GUER NEISCHT, NADA, NIENTE, NIX ! Alles Blödsinn, just no 1 Joër (siehe hei) huet daat jo souweisou jiddereen vergiess...
Brav nees an d'Controll-Statioun watchelen, en Formulaire de transaction (
hei ze fannen) ausfëllen, ausdrëcken an ënnerschreiwen an am Guichet oofgin. Daat soll awer neischt kaschten (Merci, deen Quatsch gët jo schon mat eisen Steiergelder finanzeiert, geif nach fehlen, dass een nach eppes zousätzlech misst dropleen ?!).
Warscheinlech kriit een dann beim nees Umellen eng provisoresch "greng" Gro-Kaart an provisoresch Vignette mat (logescherweis misst een dann awer och dei aal "gro" Gor-Kaart oofginn, soss huet een jo dono eng Sammlung doheem), sou dass een awer dann och direkt mam Auto fueren kann, daat wier alt schon ëmmer daat !
An dann kriss de (warscheinlech, sou präzis war den Här am Guichet nët) eng nei Giel an Gro Kaart vun Sandweiler aus heemgeschëckt.
Zousätzlech misst dann och vun der Douane eng Rechnung fiir d'Vignette erangefligert kommen. Dei iwerweist een dann brav, an dann kritt een och endlech dei ersehnten Vignette, ëm dei ët bei der ganzer Saach eigentlech just gangen ass, heem geschëckt. Uff !
An natierlech sollt een sech ëmmer en "Accusé de réception" froen (= an eng Kopie vun der gestempelter Oofmellung). Dovuner machen ech mer dann nach eng Kopie an leen dei mol mat an den Courrier wann ech d'Vignette op d'Douane aschëcken, kann jo nët schueden, dann gesinn se weinstens, dass een den Auto och brav oofgemellt huet, falls dei Kommunikatioun tëscht den Verwaltungen ieren nët sou richteg klappen sollt.
Wann ech bedenken, dass een soss just d'Vignette un d'Douane geschëckt huet ?!
Top, daat war jo dann nees eng genial "simplifacation administrative", wei den Här Premier am Radio/Tele gesoot haat ! Merci Här Juncker, ech hun daat do leider awer nët esou verstaan, leid wuel un mier !
Ët ass einfach den Wahn wei den Lëtzbuerger viir blöd verkaaf gët, an en mierkt ët mol nët ?! Nuje, Dommheet soll jo bekanntlech bestrooft ginn, also geschitt ët eis jo wuel am Fong Recht...
PS: Mat all den Faarven dei neierdings dei Gro-Kaart huet ass een och besser nët Faarvenblann