Analyse vun der neier Autosteier

General discusions about legal questions with the government administrations regarding your car (public) Discussions générales sur les questions légales avec les administrations de l'état concernant votre voiture (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Analyse vun der neier Autosteier

Post by Jean-PierreR-71 » 02/01/2008 12:44:13

Salut,

Ech hun eng kleng Analyse vun der neier Autosteier gemach. Fiir dei, dei ët interesseiert, se ass hei nozeliesen :

www.homepages.lu/rasquin

Bonne lecture ! ;-)

Bis dann, JP.
Last edited by Jean-PierreR-71 on 11/01/2008 21:49:33, edited 1 time in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 02/01/2008 22:12:59

Gaz interessant muss ech soen, an an mengen Aaen dei richteg Aproche zu där ganzer Saach.

Main Papp as z.B. genau an deem Fall. Hien muss iwert 500€ bezuelen, well hien eng 4.2l Chevrolet TrailBlazer huet, mee hien fiert awer mol keng 10.000km mei am Joer. Eischter vill manner.

Ech selwer fueren och emmer manner mat mengem Subi, an muss awer 435€ bezuelen.

Et ass keen Wonner, dass all Mensch vun Ofzock an Beklau schwätzt, well et as am Endeffekt eng onfair, onkorrekt an an mengen Aaen eng onrechtlech Art an Weis fir engem Suen aus der Täsch ze zeihen.

An weis du sees, as et net deen, deen den Dreck mecht, deen effektiv virun d´Kees gebueden get.
Well sou wei et lo gemeet get, huet een d´Gefill, wei wann alleng schon den Besetz vun engem "decken" Auto "strofbar" wier.

An och wann een iwert den Benzin am Endeffekt mei bezuelen geing, hätt een weinstens daat Gefill gerecht behandelt ze gin. An dann geif och vlaicht deen Effekt erzielt gin : Komm, ech loossen den Auto haut emol stoen! Well dorems geet et jo anscheinend : Manner Dreck ze machen. Ausser daat wier och just een Alibi :wink:

Serge
Form follows function

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/01/2008 23:59:27

Kane STi wrote:Main Papp as z.B. genau an deem Fall. Hien muss iwert 500€ bezuelen, well hien eng 4.2l Chevrolet TrailBlazer huet, mee hien fiert awer mol keng 10.000km mei am Joer. Eischter vill manner.

Ech selwer fueren och emmer manner mat mengem Subi, an muss awer 435€ bezuelen.

Et ass keen Wonner, dass all Mensch vun Ofzock an Beklau schwätzt, well et as am Endeffekt eng onfair, onkorrekt an an mengen Aaen eng onrechtlech Art an Weis fir engem Suen aus der Täsch ze zeihen.
An entweder ech kennen zoufälleg vill Leit deenen ët sou geet, oder den Här Lux geneiert sech nët an den Medien Quatsch ze zielen, wann en behaapt, fiir dei meescht geif sech (baal) neischt änneren :?
Kane STi wrote:An weis du sees, as et net deen, deen den Dreck mecht, deen effektiv virun d´Kees gebueden get.
Well sou wei et lo gemeet get, huet een d´Gefill, wei wann alleng schon den Besetz vun engem "decken" Auto "strofbar" wier.
Genau, esou laang wei een nët oder nët vill domat fiert, mecht een neischt schlëmmes, och wann een deen Androck kritt, just gudd engem en schlecht Gëwessen anzerieden :evil: Domat fiert den Här Lux mat engem iwer 60'000€ deieren Lexus hybrid, deen mei Drëck verschleidert wei mein Opel (186g kontra 157g), an daat nach vun eisen Steiergelder finanzeiert, daat fannen ech einfach den Kombel :evil:

Weivill Lëtzebuerger hun en 2. Auto fiir den Summer ? Oder en 2. Auto am Stood ? Daat sinn dei, dei an eischter Linn all bestrooft ginn, just well se een hun, daat ass nët logesch an och nët konsequent :!:
Kane STi wrote:An och wann een iwert den Benzin am Endeffekt mei bezuelen geing, hätt een weinstens daat Gefill gerecht behandelt ze gin. An dann geif och vlaicht deen Effekt erzielt gin : Komm, ech loossen den Auto haut emol stoen! Well dorems geet et jo anscheinend : Manner Dreck ze machen. Ausser daat wier och just een Alibi :wink:
An sech wier den Ëmwelt-Message genau deen, iwerlee iers de fierts :!: Mä ech denken d'Iwerleeung war eischter, mer brauchen Geld, an daat fannen mer am einfachsten do wou Leit sech en dëcken Auto, resp. en 2. Auto leeschten kënnen, dei packen och dei zousätzlech Steier (hoffentlech ouni ze meckeren, gudd domm lëtzbuergesch, "daat packen mer och, waat soll ët").

Ech fannen ët dann just "bëlleg" an "lamentabel" esou eppes als Öko-Steier ze verkaafen :!: Do fillen ech mech irgendwei iwert den Dëscht gezunn an daat mecht mech sauer. Wier offiziell just d'Steier erheigt gin, eben aus budgetairen Grënn, wier ech zwar nët frouh, well ween bezillt schon gären mei, awer weinstens hätt ech nët d'Gefill belunn ze ginn...

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 03/01/2008 13:46:40

Wrklech ganz interessant, dain Dossier, misst du am Fong irgendwou veröffentlechen.
Dei Autosteier ass an mengen Ann zevill iwwert den Knei gebrach gin, vlait fir dat mer mat dei eischt an der EU sin, dei dann elo proper do stin.

Ech waert jo lo dest joer och vill manner mam Impreza fueren, well ech jo och een zweeten Auto hun, awer ech bezuelen dann souvill wei naach nie duerfir.
Mee, eierlech gesot, waert ech och net wirklech op d'Steieren kucken, wann ech mer eemol en neien Auto kaafen, well dat eben main Hobby ass, den Auto, an faerdeg. An dat elo zu Letzebuerg mei kleng AUtoen verkaaf gin, eleng durch dei Steiere bezweiflen ech gaanz staark.

An wei jo schons erwähnt, den Lux&CO hun hir Hybrid-Lexus'en an Bluetec-Mercedes'en jo och mei aus Alibi, wei aus ökologeschen Grenn, well sou gring sin dei Autoen jo och net!!

Souwisou, waat geschitt wirklech mat deem Geld, waat se lo mei erankreien?Well daat ass jo awer schons een groussen Montant.
Ech geif och mei oft den Auto stoen lossen, mee ech kann nun awer mol keen öffentlechen Transport benotzen fir op d'Arbecht, well et einfach keng Verbindungen get. Dann sollen se mat deem Geld, mol endlech een performanten öffentlechen Transport opbauen, den nie gebauten BTB asw, ass jo een trauregt Beispill duerfir!!

Ech hoffen jhust dat se lo net och naach op d'Iddi kommen, hei sou Emweltzonen anzefeieren, wei an Daitschland, dat geif jo naach feelen!

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 03/01/2008 15:06:50

Et geet hei guer net em d Emwelt an mengen Aan :!: :!: Hei get aleng den Besetz vun engem mei (DECKEN) Auto, oder wei soll ech soen bestrooft :!: ( Subaru een decken Auto????? NAJA :!: :!: )Du gess hei geknätscht just wells du sou een hues, och wanns du mol keng 1000 Km domadder d Joer fierts :!: :!: Daat ass dach Gehierkrank :evil:
Ma dann maach dach deen houren Benzin mei deier, dann wees de weinstens dass et fir all Mensch ass :!: Mee NEEEE, dann kommen jo dei Gudd Auslänner net mei Tanken heihinner, daat get jo dann do rem manner Suen, oh neeeee...... Alles Geldmaacherei :!: :(

An dann get nach sou domm um Radio geschwaat hei am Land wär baal alles bis zu 30% mei belleg oder mir geifen bis zu 30% mei verdingen wei am Ausland :!: Jo ok, mee gesait dann keen vun deenen decken Idioten dass eis Bauplaatzen geschwenn sou deier sin wei zu Monaco, doriwer schwätzen mer dann awer leiwer net...... :evil:

Also hei am Land muss et mol rabbelen mengen ech, net emmer jo jo :!:

Sou, an elo gin ech den Blitz polleieren, :D hehehehe

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 03/01/2008 19:17:05

Steve79 wrote:Wrklech ganz interessant, dain Dossier, misst du am Fong irgendwou veröffentlechen.
Ansech hun ech daat wëlles...

Ech denken awer desen ass ze dëck, fiir als Lieserbreif duerchzegoen. Machen eng Kuerzfassung dovun als Lieserbreif mat Verweis (Link) op dei komplett Versioun.

Geneiert iech awer nët den Link per Mail ze veschëcken, daat wier esou, wei ech mer daat fiirstellen, soss hun ech mech jo fiir neischt midd gemach ;-)

Hun den Link och beim ACL am Guestbook publizeiert.

Waat mei ët leisen, waat besser :!: :twisted:

Ët soll usporn sinn, sech eegen Gedanken ze maachen, an dei Saach selver och objektiv ze betruechten, an sech eng opgeklärten eegen Meenung ze bilden.

Ween wees, villeicht kreien mer do nach eppes drun geännert, eng Revisioun ass ëmmer meigelech...

Bis dann, JP.

PS: Ech wees, sinn optimist, mä wann mer neischt machen an Jo an Amen soen ännert sech sëcherlech guer neischt, souvill ass mol sëcher !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 03/01/2008 21:14:59

Majo, probeieren dann mol dain Dossier sou oft wei meiglech ze verlinken.

Kloer soll een sech wihren, och wann et vlait naischt brengt, well wann een naischt mecht, kann een sech jo och schlecht beschweieren!!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 11/01/2008 21:49:07

Salut,

Sou, lo hun ech eng Kuerzfaassung geschriwen, an beid Versiounen hun ech mol heihin geschëckt :
  • L'essentiel
    Point 24
    Tageblatt
    Tageblatt-online
    Wort
    Wort-online
    Telecran
    Revue
    Woxx
    Den Journal
    Feierkroop
    Luxemburg Privat
    Automag / RTL.lu
    Eldoradio
    DNR
    Radio ARA
    CSV
    LSAP
    DP
    Greng
    ADR
    Déi Lénk
    Ministère des transports
Mol kucken, ob ech irgendeng Reaktioun wärt kreien.

JP.

PS: Wann iech nach een afällt deen ech vergiess hätt, soot mer bescheed ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/01/2008 19:50:49

Ech haat elo just den Serge Pauly vum RTL AutoMag um Telefon.

Hien wollt nach e puer Eenzelheeten iwert mech wëssen, an soot mer se geifen op hierem Site nach am Laaf vum owend en Link op meng Homepage machen 8)

Nach cool vun senger Seit !

Villeicht sinn dann nach e puer Leit mei, dei ët liesen an sech Gedanken machen !

Wier dach mol eppes neits, wann sech d'Lëtzebuerger geifen richteg wieren an sech awer nach eppes an deser Saach geif doen :twisted:

PS : Leider huet sech awer soss nach keen gemelld :roll:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 16/01/2008 20:18:25

Maja, tiptop. Ass alt mol daat.
Keinns jo der Associatioun vun den Garagisten der Fégarlux, daat jo naach mailen, dei missten dach och dorunner Interessi un??

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/01/2008 20:40:44

Richteg, do schëcken ech daat dann och mol nach hin ;-)

Hei ass iwregens den Link op den Eintrag beim RTL.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/01/2008 20:51:06

Hmm :(

Dei hun zwar eng Homepage, scheinen awer keng Email-Adress ze hun... daat ass awer nët sonderbar zeitgemeis :roll:

Huet een villeicht awer eng Email-Adress vun hinnen ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply