Neien Impreza WRC

Smalltalk section (public) / Bavardages (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1443
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Neien Impreza WRC

Post by YvesB-80 » 30/05/2008 18:21:47

Salut alleguer!

Wei dir flaischt schon heieren hudd as desen Weekend deen neien Subaru Impreza WRC fir dei allereischten Keier bei enger WRC Rallye un Start!

Ech war allerdings zimmlech erstaunt (oder soll ech soen schockeiert) wei ech geschter gesin hun dass deen neien Impreza WRC mol iwwerhaapt keng grouss Lofthutz mei um Capot huet. Domat net genuch dass se deem Auto d'Mall an den Spoiler amputéiert hun, nee, lo vergreiffen se sech och nach un der Lofthutz.... :-(

Ech sin emmer mei enttäuscht vun "menger" Marque an sou lues gin ech dem JP recht. Deen Auto as keen Impreza mee een Justy! Mag jo sin dass den Auto sou besser geet (an daat as bei der WRC jo wuel daat wichtegst) mee et geseit awer trotzdeem Scheiss aus!!! :evil:

Regelméisseg Updaten & Fotoen vun der Acropolis Rallye fannt dir hei: http://www.acropolisrally.gr/en/

Ech sin mol gespaant waat deen neien Subi wert réissen....

Wenschen iech een scheinen Weekend!

Ciao,
Bisi

PS: Anscheinend soll Subaru 2009 mat 4 WRC'en un den Start goen. Ennert aanerem mat engem jonken, briteschen Pilot. Ween kann daat dann wuel nemme sin ;-)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2054
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 30/05/2008 21:14:30

Merde !!! :cry:

Also den weissen STi Groupe N geseit besser wei den WRC aus, waat soll daat dann elo :evil:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Bid-X

Post by Bid-X » 02/06/2008 9:01:09

Daat mat der Hutz ass schlemm, mais wann ech kucken dass eisen Petter als 2. duerch d'Ziel fiert an daat mat engem Auto daat déi éichten Kéier agesaat gett 8)
Wann een d'Rallye verfollegt huet, huet een gesin dass den Petter absolut keen Risiko agaang ass; den Atkison wär och méi wäit viir gefuer, deen krut awer ennerwee den Auto net méi démarréiert. Sonndes huet hien awer gewisen waat fir een potenzial dran stecht an ass eng Speciale-Beschtzäit gefuer (an zwar déi wou den Loeb dem Solberg 30s ofgeknäppt huet).

Ech sin frou dass "mär" eventuell nees um Wee fir op d'Spetzt sin an mam neien Impreza kann ech mech souguer och ufrenden.

Ralph

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2054
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/06/2008 14:25:18

Prodrive huet awer heimat effektiv gewisen, mei frei wei annonceiert, an och nach op der haardster Rallye vun der Saison, dass se eppes an der Box hun, an ët och ëmsetzen wëssen ;-)

Awer schued, dass se dofiir den Auto komplett hun missten verwässeren :roll: Do wier dach och nach eng 2. Plaatz dran gewiecht, wann dei Hutz bliwen wier... oder ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 02/06/2008 17:35:37

d hutz,dei aal form an den allen spoiler.....

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1443
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 03/06/2008 22:54:10

@ ben: ...an d'deco!!!

(obwuel, ech fannen dei nei deco zwar iergendwei geil!) ;-)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/06/2008 7:47:14

hm...dei och nach!!!!et keint een sech jo mol eng idee maan wei den auto nach keint heeschen ausser impreza well fir mech ass et zwar en subaru mee keen "richtegen" impreza!!

Post Reply