Ford Focus RS

Smalltalk section (public) / Bavardages (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
Steve79

Ford Focus RS

Post by Steve79 » 06/07/2008 1:10:03

Gesait zwar och wirklech net schlecht aus, oder??

http://www.carmagazine.co.uk/News/Searc ... nt-block=0

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2054
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/07/2008 12:23:00

Yep ! Vun den Biller hun ech mer schon geduecht, "Hei, daat keint jo endlech interessant ginn, en Focus als nächsten Auto ??"

Bis ech dun gelies hun, dass se den Allrad schon ness an ëmmer nach eweg gloos hun, an dann mat elektroneschen an sonstegen mechaneschen Gimmiken behaapten ersaat ze hun.

En Verspriechen vun irgendwelchen Ingenieuren, se geifen elo 300PS mat 2 Rieder grad esou gudd op d'Stroos kreien wei mat 4, eben just mam Gewiicht vum Allrad manner... Daat kaafen ech hinnen grad esou gudd off, wei dem W. Bush seng Aussohen, am Irak wären Massenvernischtungswaffen gewiecht. Quaak quaak ;-)

300PS op dei viicht Rieder, egal mat weiengem Zauber, daat ersetzt niemols Allrad, daat kaafen ech kengem oof ! Ët ass einfach nëmmen 50% vum Kontaktoberfläch mat der Fuerbunn do am Verglach zum Allrad, an daat ass eng physesch Anschränkung, dei kann Technik nët wett machen, onmeigelech ! Hei sinn ech wei den Hellegen Thomas, ech gleewen just waat ech gesinn, lossen mech demno gären bei enger Testfahrt vum Geigendeel iwerzeegen ;-)

OKOK, op der Autobunn an am Duerchzeihen gleewen ech gären, dass daat keen Thema ass. Awer op Serpentinen an besonneg bei spatzen Keieren, do dreints du mer domat nie esou eraus, wei mat Allrad, not possible ! :lol:

Schued, nees huet Ford eng super Geleegenheet verpasst eng richteg beis Machinn ze bauen :!: Pff ... sollen dach endlech Neel mat Käpp machen :roll:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/07/2008 19:28:48

gin dir recht jp ech sin deen aalen focus rs an den neien st gefuer!kloer dat dei autoen gudd gin mat der leeschtung wou se hun mee et feelt deen allrad.grad bei sou geschichten wei road tour ech war een deel vun der road tour mam r32 ofgefuer an deen huet 4x4 an dat do feelt awer nach zum subi!!also fun dohir fir mech sin dat autoen mat deenen een op der autobuhn kann seier fuhren mee dofir muss een just gas gin an bremsen können....

Steve79

Post by Steve79 » 08/07/2008 0:13:28

Mer gefaellt den Focus zwar besser wei den neien STI,bon, den fehlenden 4x4 ass secher een Nodeel, mee awer. Ech sin am Moment mol bessen amgaang ze kucken, wat et naach an der Praisklass vum STI get, well ech mech mam Design net kann unfrenden. An do gin et wirklech flott Spillereien.

War lo mol den BMW 135i kucken an fueren, also 306 Ps, Bi-Turbo an hannen gedriwwen, an permanent 400NM vun 1300-5000 Touren, an praislech lait een dann naach ennert dem STI, och mat Optiounen!!!!

Ech mengen, ech gin Subaru ontrei,och wann et mat engem treinenden Aan ass. :oops:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2054
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 08/07/2008 9:25:04

Also ganz kloer gët ët elo zum Budget vum STi Alternativen, besonneg, wanns de nët onbedingt op den 4x4 fixeiert bass !

Ech sin gespaant, wei Subaru an deier Saach reageiert, menger Meenung no war ët en kapitalen Fehler, den WRX falen ze loossen, well nët jiddereen deen en STi wëllt, ass bereed 42'000€ ze ginn, resp. huet dei locker sëtzen, an do sinn der soss vill op den WRX oofgeweicht.

An elo, en 2.0l sauger kaafen ?? Ass jo wuel keng Kompensatioun am Verglech zum STi ... :?

Bei Focus fannen ech einfach schued, wanns de kucks wou deem seng Genen hierkommen, dem WRC, dass se einfach nët ferdeg brengen deen am 4x4 erauszebrengen :roll:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

mako

Post by mako » 16/07/2008 20:29:55

also ech hat jo firum subaru deen aalen Focus Rs, an war mega zefriden dermat.
hun en halt just verkaaf well en d leeschtung net op d stross bruecht huet, an mat 285ps netmei vill erauszehuelen war.
sos hätt ech en nie hiergin, war mei zefriden dermat wei mam Subaru.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2054
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 17/07/2008 0:37:54

@Mako : Kann ech mer gudd viirstellen, dass du mam Focus zefridden wars. Ech verstinn just nët, weisou se einfach keen Allrad wëllen brengen, daat wier dann wierklech en serieux'en Auto...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply