Ford Focus RS

Smalltalk section (public) / Bavardages (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Ford Focus RS

Post by MichelW-68 » 08/07/2009 15:42:31

Salut

Mol eng Fro. Waat haalt dir vum Fokus RS? Geschter ass bei mir een virun der Dir laanscht gefuer wou ech grad um gaang wor eng ze femmen (..sorry :oops: ) an ech muss alleng vum Sound soen ...wow...dun huert den typ och nach e weinech opgezun ...WOW....

jo daat dengen huert keen 4x4 mai 440Nm an kaascht 31T€.

Michel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 08/07/2009 16:14:21

Jo, klengt "interessant" am Preis-Leeschtungs Verhältniss.

Schued ass effektiv, dass ët keen 4x4 ass, an dass much Gimmiken just fake sinn (wei d'Loft Ausläss op der Seiten), an och dass den Heckspoiler e bessen no Plastik wierkt vun no.

Ët soll och scheinbar en Problem mam Motor ginn, do hun ech vum Ben heieren, ët geifen Rëckruffaktiounen laafen.

@Ben : kanns du eis mei dozou soen ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 08/07/2009 19:25:45

also warscheinlech keng schlecht alternativ...mee wei gesot et ass numol keen 4x4!!!!
ech fannen zwar dat en besser ausgesait wei den neien suby!!!!!!!!!!!!

sou weit ech wees gouf et souguer en verkaafsstop vun den autoen well külassen net haalen oder zylinderkapp dichtungen net haalen...ausserdeem liferzeit fir sou en auto 6 meint ausser du hels een vum stock ...wei gesot muss mech nach emol genau schlau maan!

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 12/07/2009 13:29:32

Ech fannen deen neien Focus och net ellen, mee wei den JP schon geschriwwen huet as et schued dass verschidden saachen e bessen kleesper wierken.

Sou fake Loftanläss aus Plastik gesin iergendwei no bëllegem Klimpi aus. Mee bon, wann hiert Haapt-Argument war een gënschtegen Auto fir Jonker (an manner Jonker) zu bauen deen sportlech ausgeseit an gudd abgeht dann as daat hinnen jo am Fong gelongen an et kann een hinnen net wierklech een Firworf maachen.

Et misst een sech mol iwwerleen op een net richteg Loftanläss hierstellen leist an se dann verkeeft. Do kéint een bestemmt nach gudd Geld maachen. Well emmerhin hun se där denger jo schon e puer verkaaft. ;-)

Steve79

Post by Steve79 » 13/07/2009 23:45:01

Ech fannen den RS richteg flott, an nodeems waat ech heieren hun, ass et och keen Probleem dat en virgedriwwen ass. Hun daat och vun engem Ex-Impreza-Fuehrer gesot kritt, deen schon bessi mam RS gefuer ass!

Ech wollt och een Ament den RS kaafen, vun baussen fannen ech en immens. Mee bannendran ass et numol een Focus, ausser den Recaro's, an ech wollt eben och onbedengt deen BMW hun.
Mee fir deen Prais ass et een Superauto, an technesch ass en och ok, well zum STI an dem EVO sin et jo opmannst 12000 Euro Ennerscheed, wat jo schon net weineg ass!!
Hun bis elo zwar neierends eppes fonnt zu deenen Motorprobleemer??

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 14/07/2009 9:14:11

@Steve :

OK, fiir schëtzeg op der Stroos ze fueren, ass den 4x4 warscheinlech nët absolutt neideg, awer ech kann mer einfach nët fiirstellen, wei dei Power soll ähnlech gudd ënnert extrem Situatiounen op den Alsphalt kommen wei bei engem 4x4 wei dem STi oder dem EVO etc.

Misst een mol eng Keier een probeieren ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 22/11/2009 19:49:35

Ass schons irgendeen den neien RS "Test" gefuer.

Ech wor haut op der Racing Show um Kiirchbierg an do stungen e puer Weis RS'en....WOW decke Gas.

Gin daat mol probeieren
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/11/2009 20:17:07

Nee , leider nët... De Wengler zu Ettelbrëck huet sein ganzen Haff voll mat weissen stoen :!: :shock:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 22/11/2009 20:23:22

nee ech och net wei gesoot gesait guud aus geet wahrscheinlech och wei eng bom...mee et blweit een ford...
miisst een mol kucken fir sou een ze testen...

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 22/11/2009 21:25:01

also ech probeieren mol e RDV ze kreien
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/11/2009 21:49:03

Haal mech mol um laafenden, wann ech kann, wier ech och derbei.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 22/11/2009 22:06:46

ok - machen ech - hun mol bei menger Fra vir de Samsten "frei" kritt :oops: :lol:

Mol kukken op ech do e RDV kreien.


kukkt daat heiten mol

http://www.youtube.com/watch?v=gWLqKNa8whM

...mai de Sound wann den RS um dreschenen Gas get.....Wow
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 22/11/2009 22:38:45

jo den klang ass top...mee do huet een jo gesin wat bei nassem ass... :shock:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/11/2009 23:26:52

Do huet den Legacy Diesel den RS nawell ganz ellen "naas" gemach 8)

Den Sound ass awer OK ;-)

PS: Den Samsden sinn ech zu Essen op der Motorshow, dann ouni mech. Mess eis awer e klengen Rapport, gell ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/11/2009 23:29:32

Hei ass och nach interessant ze kucken...

http://www.youtube.com/watch_popup?v=28D7JFehjV4
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 23/11/2009 21:48:01

@mweis

Gës du dann elo Ford-Fuerer? Haat mer den RS och schons puer mol ugekuckt, mee ech haat den BMW do schons bestallt.

Dei Recaro-Setzer sin wirklech flott, bon, ass zwar och vill Plastik baussen drop.

Wei et lo mat der Fuehrdynamik ass, dat muss du eis dann mol soen.

Prais/Leeschtong ass bei deem Auto jo mol awer korrekt. An wann een kuckt, weivill der op der Stroos fueren, sin der jo net grad weineg. An wei ech gesin hun, dat Subaru op der IAA een grasgring foleierten STI do stoen haat, hun ech mer aalt geduecht, dat Subaru jo do een eeschthaaften Geigner dran gesait. :D

Meng Frendin huet jo den Mazda 3 MPS, do muss een beim Reen och ganz gemittlech ufueren, an emmer d'Steierrad gudd festhaalen 8)

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 23/11/2009 22:14:37

Loooooooo Moooomment mol :D :shock:

Ech gin lo mol just probeieren. De Freiden hun ech beim Wengler e RDV 17h00. An et wärt reenen :lol: :lol: . Gett bestemmt interessant.
Daat beschte Wieder vir de Grip ze testen.

Jo et ass vill Plastik an och fake baussen, mai bei dem Preis kann een net alles hun. :oops:

Mol kukken....De Vendeur bei deem ech RDV hun huert et schons bei mir verspillt....huert mech direkt geduzt....verdroen ech guer net. Wou ech him dann nach duerch Blum gesoot hun daat ech Joergang '68 wir..huert en de Wénk net verstaanen....En huert gemengt den Alter wir bei dem Auto net wichteg :wink: :?: :!:

Jo et fueren der schons vill op der Stross....

Huert irgendeen e Wonsch op waat ech soll oppassen oder wärend dem Fueren soll probeieren oder eng Fro dei ech soll stellen ?

Michel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 24/11/2009 19:45:18

reinsetzen fahren an eis dann zielen wei et war!!!! 8)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 24/11/2009 20:24:50

Jo, genau 8)

Mech interesseiert effektiv einfach, wei 305PS op der viichter Achs kënnen sou op d'Stroos kommen, dass een se och notzen kann...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 24/11/2009 20:51:18

ok - probeieren daat dann mol ze résumeieren 8)
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 30/11/2009 20:49:08

Test Focus RS


Disclaimer:
De Bericht baseiert op meng Impressiounen dei ech haat, wou ech den Focus RS gefuer sinn. Ech well hei elo guer keen trëppelen an och net iwwer SUBARU oder eng aaner Marke meckeren. Ech probéieren dat ganzt esou neutral wéi méiglech ze beriichten.


Wéini: 27. November 2009
Wou: Garage Wengler - Ettelbréck
Dauer: 2 Stonnen
Wieder: Dréchen bis Naass
Temp.: 10°C
Teststreck: Ronderëm Ettelbréck - Colmar - Landstrooss
Auto: grengen RS - 1500 km
Pneues: Wanterpneux !!!!
Et huet leider net gereent déi Zäit wou mir gefuer sinn. Mir hunn awer e puer Platzen begéint  wou et nach gutt naass an schmiereg wor.
Neen, et ass keen 4x4 an et ass och keen Boxer Sound deen een héiert mäi dat Dengen ass gutt esou guer ganz gutt.

Qualitéit:
As gutt. Kann een net meckeren. Ass zwar vill Plastik mäi welch Marke huet dat net ?! Bannen baussen gutt verschafft.

Den Interieur:
Top. Excellent Recaro Setzer. Gudden Tableau de Bord. Steierrad kéint vir mech e wéineg mei deck an sportlech sinn an den Schaltkneppel e wéineg mei no hanner versaad. een Nodeel vir mech ass daat Recaro Setzer net an der Héicht verstellbar sin...jiddefalls net matt engem Hiewel oder esou eppes. Et kann een dat awer „per Schrauwen“ astellen. Rennfeeling pur.
De Radio ass pupeg an den Navi och. Mäi dat kann een jo relativ séier änneren. 
Recaro Setzer kann een einfach emmléen vir hannen eran ze klammen. Hannen huet een och gutt Platz.
Keyless Entry  - Xenon - Niwelluuchten - Servo - elek. Fensteren an Spiegelen - ESP (ofschaltbar) alles dran, an ok.
Et gett eng Turbo Auer - Wasstertemp. Auer - Uerleg Drock Auer
Negativ: Ass den Bordkomputer deen mat „Orange Rout“ hannerluert ass. Ass net meng Fuerw, mai bon

Den Exterieur:
Kompromesslos. Breet - Bulleg - Gutt gelongen. Optesch flott. Breed. Blo - Weiss - oder Gréng. Mega Heck Diffusor.

Fueren:
Turbo Lach ass baal net do. 2.5l eben. Mai den RS hänkt vir mech besser um Gas wei den STI08.
Den Revo-System bei der viischter Axe ass wierklech gutt. Do huet Ford gutt Aarbecht gemaach. Respekt. Beim „Urappen“ spiert een bal guer näischt am Stéierrad an et brauch een net mat den zwou Hänn zoupaken wei eng Hantel beim Fitness-Training. Absolut gutt geléist.
Kritt een dann dei Leeschtung op Strooss? Jo - se kennt op Strooss. An zwar gutt an besser wéi ech geduecht hätt. Wierklech iwwerraschend. Wann den RS mol viirt dann mierkt een guer net daat een mat engen „Viirgedriwenen Auto“ firt. 
Absolut neutral. Keen Iwer oder Ennersteieren. bei der Streck an Zait dei ech konnt fueren. Ennersteieren hat ech bei 1. enker Keier. Mai do wor ech och ze seier ennerwee.
Bon - et ass keen 4x4. Bei enken Kéieren, där hat ech leider just e Puer - mierkt een schonns wei dei viischt Pneuen schaffen - MAI et geet - an et geet wei schonns gesot....gutt.
Et wor elo net esou naas mai ech kann mir schons virstellen....daat den RS bei voller Beschleunigung am 1ten Gang durchdreint. Mai am drechenen an halef drechenen, hun probeiert...Nee Nee....e beschen geruckelt an daat wor et. An daat mat Wanterpneuen.!!
Den Vendeur as den RS vir d‘eicht gefuer an huet wierklech Gas ginn. Och an den Ecken an Kéieren ass den RS neutral bliwen matt immens vill Gripp an Spurtréiheet. Mengen daat nennt een „Mechaneche Gripp“.
Immens ass den Sound - Deen ass wierklech esou wéi op den YouTube-Vids. Am Stand héierste bal naischt - Bitzmaschinesound vum Motor, och wei bei engem EVO - mai souball een Gas get iwer 2-3T Touren ass, och bannen, eng lass. Net sou hard wei bei mengem STI matt BLITZ mai e gudde Motorsportsound. Wann een vum Gas geet get den Moto een liicht zwitscheren zeréck. Topp. WRC-Feeling.
Den Auto ass vum Fuerwirk hir net esou hart wei mein STI MY2005. Mai en ass gutt ofgestëmmt an leit beim Fetzen gutt op der Strooss. Et kéint een awer nach eppes um Fuerwirk maachen.
Dei viischt Pneuen gin belaascht, extrem belaascht. Nodeel vum Konzept RS.
Setzposition ass gutt. d´Setzer gin e gudden Halt sou wei et bei engem Sportauto muss sinn. Se sinn wierklech besser wei dei am normalen STI. Mai leider net an der Heicht verstellbar.
Op der Brems ass en vir mein Gou e beschen „wibblech“ mam Aarsch mäi ech mengen do sinn ech eben Neutralitéit vun mengem STI gewinnt. Mai daat kann och ganz flott sinn wann een wees wei den Auto reagéiert.
Bremsen sin keng BREMBO sin „besser“ Bremsen vun Ford. Se machen hiiren Dingscht an „beissen“ gut zou.

Feeling:
Den RS gett am Gesamten e gudde Feeling als Feedback. Vu Baussen vu Bannen vum Sound an virun allem vum Preis. Well deen leit bei Basis +-29T an ass matt e puer Extras manner wei 33T. Dann huert een Recaro Setzer am Lieder-Alcantara an Bluetooth Radio mat CD-Wiessler oder villeicht nach en Navi dran.....an 305 Turbo PS.

Fazit:
Geet den RS elo besser wei en STI. Bon...hmmm....e geet anescht. Et ass enger aner Approche vun engem Auto mat 300PS. Mäin STI original ass net esou gutt gaangen. Mäin STI matt ECUTEK rappt mei brutal an geet besser. Huert awer och 30PS mei bei quasi gleichem Dréimoment. Dat ass awer meng Impressioun. Mai ech giff engem RS awer och net fochtfueren op enger Landstroos. Ausser et wir eng just matt 90° Grad Keieren, naass an daat Bierg op.
Den RS kennt mat engem Package waat stemmt. Ugefaang beim aggressive Look - iwwert d´Leechtung - Recaro Setzer - 19“ Felgen - Sound (baussen an bannen) - bis hin zum Preis.
An en brengt Emotiounen sou wei ech se haat wou ech vir dei eichte Keier mein STI getest haat......an gesinn hun.
+- 30.000€ ass vir esou een Auto net ze deier an aaner Marken, och Subaru, sollten sech dat Konzept oder de Package mol ukucken.
Wou ech do wor vir den Auto ze testen stung nach en WRX an en EVO virun der Dir an dei hun sech och vir den RS intéresseiert. Komechen Zoufall.
Ass den RS vir ze kafen? Ech mengen schon. Ausser et well een onbedéngt en 4x4. 
4x4 ass gutt esou guer ganz gutt. Daat ass eng Sach vun Philosophie. Mai wann ech de Preis vun engem normalen STI oder vum STI plus oder vum EVO MR kucken ass den Oppreis einfach ze heich.
Den RS mécht den Nodeel dat en keen 4x4 erëm gutt mat aneren Saachen wei zB säin Gewiicht an Gesamtkonzept, Emotiounen....de Preis.
Mai den Spuk ass anscheinend nächst Joer eriwwer. Ab Juni 2010 soll den RS net mei gebaut ginn. Dat verstinn ech elo och net, mäi ass awer esou....soot den Wengler.

Michel

Test Focus RS
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 30/11/2009 22:51:34

top bericht!!!
ganz kloer ass den rs eng optioun mee ganz eierlech et laafen der schon zevill all keiers wann op der strooss sou een grengen auto lanscht firt war et een rs,wat jo och normal ass bei deem preis!natirlech waer et gudd wann anner marken wei subaru oder mitsu.sech gengen een beispill un ford huelen...et fängt schon domat un dat et keen wrx mei get op allefall fir europa...!?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/12/2009 1:11:49

Effektiv, top Bericht ! Merci !

An et entsprecht deem, waat ech mer vum Auto erwaard hun. Ech war och platt, wou ech geliess hun, dass Ford just eng limiteiert Steckzuel produzeiert, an daat war et dann leider schon, onlogesch bei deem Succes. Oder sinn do nees CO2 Quoten am Spill ??

Waat mer nach e bessen als schlecht Hannergeschmack bleift, ass dei Tatsaach, dass se anscheinend bei der 1. Revisioun sollen gedrosselt gin, fiir Motorproblemer ze vermeiden ... op daat wierklech stemmt ? Ech hun daat awer elo schon vun munchen Leit heieren.

Den neien STi ass ob allefall net mei esou "subjektiv" emwerfend an der Beschleunigung, villeicht leit daat awer un der Taatsaach, dass ech mein geTEKten STi gewinnt sinn, an daat ass jo schon en 2.5l, also eigentlech en onfairen Verglach.

An beim neien STi sollen et nawell Problemer ginn, och mat den 2009er ... awer och daat ass nees just heieren soen...

Fazit, ech erfreen mech weider un mengen aktuellen Spillsaachen, den GT ass einfach "authentesch" an den STi geet elo richteg gudd, an daat get nach eng gudd Zeit richteg gudd genoss :twisted:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 01/12/2009 2:05:06

Gudden Bericht :D

Den RS as an villen Saachen esou, wei den STI hätt keinten gin. Ech kann mech nach wie vor net mat der Optik vun deem neien STI unfrenden. Mee Ford huet mär bewiesen, dass en Rally-Hatchback definitiv och ganz rau kannausgesin :shock: Deen verspreit Rallyfeeling pur (optesch).

Nodeeler goufen och schons genannt, mee fir deen Prais as den RS eng ganz beis Maschinn.

Wat dei Saach mat der 'Serie Limité' ungeet, muss een och bedenken, dass een JUST an Letzebuerg esouvill deck Auto'en gesait. Ech war an leschter Zait oft am Ausland an do hun ech extrem weineg RS'en, STI'en EVO'en etc. gesin. Letzebuerg as leider net stellvertriedend fir den ganzen Marché. Ech geif suguer behaapten, dass een unhand vum letz. Marché keen reelen Verglaich mat dem Gesamtmarché kann machen. Letzebuerg as KLENG an an sin nach emmer vill Suen hei.

Serge
Form follows function

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/12/2009 13:13:19

@Kane :

Stëmmt schon, hei (am Schlarafenland) spiert een nach neischt vun Crise, zu Essen huet een daat awer deitlesch gemierkt. Wärt awer freier oder speider och hei ze spieren sinn :-(

Trotzdem schued, soulaang en Oofsaazt do wier, geif ech mol nach bauen, ausser se vedengen nët souvill drop, an ët ass mei am Sënn der Marque hieren Image nees an Richtung Motorsport opzepoleieren, daat kann natierlech och gudd sinn.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 01/12/2009 13:32:18

merci merci :oops:

...gär geschitt :lol:
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 01/12/2009 13:33:57

Yank555 wrote: An beim neien STi sollen et nawell Problemer ginn, och mat den 2009er ... awer och daat ass nees just heieren soen...
wow...serieux...ziel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

Steve79

Post by Steve79 » 01/12/2009 14:21:26

Top-Bericht!

Majo, dann schengt den RS, der jo Spaas gemeet ze hun. Jidfereen mat deem ech bis elo geschwat hun, deen en och getest huet, ass positiv iwweraascht dovun!
Effektiv gesait een der hei extrem vill op der Stroos, par rapport zum Ausland,mee dat war (gottseidank),schons emmer sou heizuland an puncto Autoen, ass jo gudd fir eis Economie!

Mee, den Focus RS ass eben onschlagbar am Prais, wann een, en Rallyauto fir d'Stroos well. Ech hun Sonndeg, naach mat engem Subie-Fan geschwat, deen schockeiert war, dat ech main Subie fir een BMW hiir gin hun. An wann ech dann och naach soen, dat den STI an der Basis-Versioun, schon mei deier ass, wei den BMW mat puer Optiounen, dann gleewt keen engem daat! Mee, leider ass daat esou, sos wär ech och naach vlait Subie-Fuerer.

Wei ass dann elo den Fazit, ges du dain Subie hir, fir een RS??

:D

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 01/12/2009 15:17:28

Steve79 wrote: Wei ass dann elo den Fazit, ges du dain Subie hir, fir een RS??
:D
Merci :oops:

Ähmmm...ech misst lo léien wann ech net e Moment drun geduercht hätt, hun mir och eng Offer ugefroot. Mai ech hun am Moment net de Kapp frei vir mech drems ze kemmeren en plus hun ech keng Losch 6 - 8 Maint op en Auto ze waarden :roll: :shock:

Mai vir mech gett et nach en Noodeel iwert deen nach net geschaat gouf an daat sin "Erfahrungswerter" Ech hun mol am daitschen RS Forum e beschen geliers...an do ass den "Mängel"-Fred mei laang wei den "Tuning"-Fred :roll: Et ass einfach en Auto wousste net wees waat an 1 Joer drun ass.

Mein STI huert elo 72Tkm 5Joer an e gett all Dach gefuer. (Op d''Arbecht) an ech hun bis elo just Benzin an Ueleg dra geschott. :D

Einfach immens.

Wann ech elo wircklech en neien Auto giff sichen an mein STI wir um "Enn" an ech willt gären e Subaru oder Mitsu - jo dann giff ech den RS kaafen - klengt paradox :lol: mai sou ass et.

Subaru an Mitsu hun den A...op vir sou vill Geld ze froen woubei dann an USA den STI (normal) 25T€ kaascht...kommen ech mir nach mei vera...vir. Mai nujeeee......

Vielleicht kennt Subaru matt engem SPEC C oder esou ähnlech .....mai och wann mengen ech net daat se mam Preis drastech erof gin.
Wann den STI Schmiedekolben hätt an min. 350PS wir ech jo nach gewellt 40T€ auszeginn...mai net esou wei et am Moment ass.

Michel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/12/2009 18:42:12

Jo, stëmmt, den STi ass nawell ganz schein deier ginn, fiir eigentlech manner Auto, an den "Kult-Faktor" ass fiir mech beim neiern eraus, ass einfach en (weideren) Auto aus der Golf-Klass mat Schmackes, daat war ët awer schon, an do kann een aanerwärts eben fiir daat Geld och akaafen goen...

Zum Thema, den neien soll Problemer machen :

Scheinbar gët ët vill Problemer, an och bei nët getuned'en Autoen, sou dass ech den Verdacht nët lassginn, dass am 2.5l vun 2007 op 2008+ mat irgendeppes gespuert gouf, an weiderhin gët :-( Konkretes hun ech nët, hun ët just schon vun puer Plaatzen heieren, sou dass ech der Saach sou lues Glawen schenken. Ech kennen keen deen en Problem haat, woubei ech kennen der nët sou vill dei een neien hun ... En Zeechen :roll:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply