Page 1 of 1

CARS,COFFEE & DONUTS

Posted: 08/04/2010 19:51:29
by Steve79
Een Aarbechtskolleeg vun mer, huet des Grupp op Facebook gegrennt. Hei sin der jo och secherlech, eng Rei op Facebook an eventuell dorunner interesseiert!

Hei puer Infoen dozou:

Ganz no'm amerikaneschen Viirbild, treffen mer eis mat eisen Autoën/Motorieder Sonndes mueres op engem Parking oder ähnlecher grousser Plaatz fir bei engem Kaffi an engem Croissant iwwert eist léiwsten Hobby ze philosophéieren. Alles ouni Zwang an an enger labberer Atmosphäre.

Posted: 08/04/2010 20:27:22
by White_STI_06
Cool Idea, ech werd dann emol joinen. dreifs du eis dann d'Flemm an mat dengem Flieger?^^

Posted: 08/04/2010 22:55:51
by YvesB-80
Also ech hun och mol een "Join Request" gescheckt. Mol kucken ob ech (bzw. meng Autoen) gudd genuch sin fir do ungeholl gin.
Ech kennen iwwregens Leit dei daat selwecht an der Belge maachen. An do sin wierklech TOP Machinen dobei! ;)

Flaischt kann een jo eng Keier bis doropper fueren oder sie kommen bei eis. Mol kucken waat sech do maachen léisst... :P

Posted: 09/04/2010 11:17:48
by Jean-PierreR-71
Wollt och join'en, leider funktioneiert den Link bei mer nët :-(

An mat sichen hun ech den Group och leider nët fonnt...

Posted: 09/04/2010 19:40:05
by Steve79
@yank555 Den Grupp heescht Cars, Coffee & Donuts, missten dann op Facebook fannen.

Jo daat waer eng Iddi mol engkeier bis an d'Belge ze fueren, haat naach nie vun sou eppes iwwerhaapt hei an Europa heieren! D'Iddi ass top!!

Natirlech sin d'Autoen hei gudd genuch fir ugeholl ze gin! :D Den Grenner vum Grupp ass och een Ex-Impreza-Besetzer!!

Posted: 09/04/2010 21:25:45
by Jean-PierreR-71
Sorry, den Link geet nët, kommen do ëmmer nees op mein Facebook Home (iwert e redirect), an mat sichen (cars coffee donuts) fannen ech neischt, resp. 66 Groups an dovun keen seen esou heescht :-(

Och mat Google ass neischt ze fannen 8)

Souguer wann ech d'Group'en aus dengem Facebook Profile kucken, ass dei nët derbei :?

Bass de sëcher, dass den Group nët "secret" ass an nët "closed", well do muss een dann dohin agelueden ginn ?

Posted: 09/04/2010 21:31:13
by White_STI_06
Eigentlech net, kuck einfach emol op mengem Profil wou ech gejoined sin, klick do mol un

Posted: 09/04/2010 21:33:27
by Jean-PierreR-71
Menger Meenung no ass den Group nët "closed" mä "secret", an daat ass :
Facebook wrote:This group is secret.

The group will not appear in search results or in the Profiles of its members. Membership is by invitation only, and only members can see the group information and content.
Wei gesoot, an dengem Profile gesinn ech den Group och nët...

Posted: 09/04/2010 21:43:17
by Steve79
Jo, dann kann ech et och net änneren! Sorry guys!

Posted: 09/04/2010 21:47:11
by Jean-PierreR-71
Dann muss een eis dohin alueden ;-)

Posted: 09/04/2010 22:05:24
by Steve79
Jo, also ech haat jo lo mol den Link hei gepost!
Mee ech sin jo net deejeingen, deen elo decideiert, ween do an deen Grupp daerf. Also, lossen ech deen Grenner dovunner decideieren, wien hien do eranleisst! An daat sin ganz streng Conditiounen. :o

Duerfir lossen ech et lo mol! :?

Posted: 09/04/2010 22:35:39
by MikeB-78
Bei mir war et gaang, haat och schon main Join Request gescheckt! mee koum nach naicht zereck! lol

Posted: 09/04/2010 23:01:01
by Jean-PierreR-71
Den Parameter gouf wsrscheinlech nodreigelech geaennert...

Egal, ass jo net sou wichteg ;-)

Posted: 10/04/2010 10:15:21
by MikeW-78
Nee, awer guer net wichteg !!! :D :)

Posted: 13/04/2010 21:56:57
by YvesB-80
Kann et sin dass et dei Grupp mettlerweilen guer net mei gett??

War daat etwa een Abrellsgeck??? ;)

Posted: 14/04/2010 19:05:32
by Steve79
Nee, also ech geif lo net mengen dat et een Abrellsgeck war! Wees och net, muss hienmol froen, wann ech en gesin!!