Page 1 of 1

rabatt beim Autokaaf?

Posted: 16/06/2011 19:50:34
by ramon
Moien Subaru Frenn,

Verkaafen main Evo 9 ann hunn schon eppes neies an Ausiicht (nett schloen mee ett soll eppes mei 'ziviliseiertes' ginn ann waat manner um Portemonnaie rappt), ann zwar en Nissan Juke DIG-T 4WD (190ps, 240 Nm fier aawer nach e bessen vum Fleck ze kommen :lol: ).

Den Autokonfigurator bei nissan.lu kennt op ca 23000 euro, weivill rabatt kann een hautdesdaasg erwaarden wann een en Auto cash keeft ouni Kredit?

Merci,
Ramon

oh a falls een sollt um Evo interesseiert sinn, hei de Link zu Autoscout

http://www.autoscout24.de/Details.aspx?id=b4y1jojstgbp

Posted: 17/06/2011 13:30:33
by BenD-86
hm am beschten gees du ant garage froen... kuck mol och vlait zu treier oder bitburg oder an der belsch arel ... dann kanns de eventuel nach deen een oder anner euro spueren haat dat lo och gema fir en bmw schlussendlech zu arel kaaf well en do baal 2000€ mei belleg war...

Posted: 17/06/2011 14:12:56
by ramon
jo gutt Belge mee do sinn d'basis praiser schons mei deier. Wann ech den konfigurater bei nissan.lu ooder nissan.be maachen kommen 2 ganz verschidden Praiser 23k fier L an ca 25 fier B. :roll:

Posted: 17/06/2011 18:33:17
by Jean-PierreR-71
Wanns de der eng Configuratioun fiir den Auto zesummengestallt hues, geif ech effektiv mer Offeren an B, D an L fiir genau dei Configuratioun eranhuelen. An der B sinn d'Basispreisser villeicht mei deier, mä do an och an D machen se WESENTLECH mei Remise, 8-10% sinn do schon dran !!

Mein Papp haat sech en Forrester kaaf, obwuel en an D laut Lëschtenpreis do mei deier war huet en no Verhandelen do iwer 2'500€ manner kascht !!

Posted: 17/06/2011 23:15:40
by BenD-86
an der belsch sin se mei deier wanns du awer mam garagiste verhandels kanns de dei letzeburgesch tva direckt bei him bezuhlen an du kriss remis!

an D ass et oft den fall dat den basis auto manner optiounen huet wei hei oder an B !

wei gesot iwwerall froen goen!!fir den bmw war ech bei den schaal op bitburg op treier bei den cloppenburg hei bei den konz an bei den muzzolini an eben bei den emond... et hellt vill zeit mee du kanns vill suen spuren....