Auspuff WRX

Discussions about exhaust systems (public)
Discussions à propos des systèmes d'échappements (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Auspuff WRX

Post by NicoW-87 » 09/10/2008 19:19:42

Moien all zesummen, ech hun mer lo virun kuerzem réicht en wrx my06 kaaft, an ech hätt gär en aaneren auspuff dofier (éischter just en enddeppen). et ass zwar schon een vun GP tuning drop, mee deen ass mer ze lues.
lo wollt ech wessen op een mer do eppes bestemmtes kann recommendéieren an op déi universal-endschalldämpfer vun HKS iegendwéi drop passen!?
merci am viraus

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 09/10/2008 20:50:47

salut

majo ech geng entweder aerys oder en blitz enddeppen drop maan firdeel vum aerys ass dats du tüv hues dat ass beim blitz mengen ech net den fall....

hun op menegn wrx aerys cat-back drop...


bis dann

ben

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 09/10/2008 21:38:24

salut,
merci fier den tip. jo, tüv wier schon en argument, daat nervt emmer eng woch laang ze bastelen fier op sandweiler...mengs de dann klangtechneg gif et mat engem deppen duergoen?
Nicolas

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/10/2008 22:49:37

Also ech hun um GT an um STi jeweils just d'Enddëppen "NÜR-Spec S" vun Blitz drop (um GT mat Silencer souguer agedroen, beim STi kënnt daat nach, d'nächst Joër ass Sandweiler d'eischt fälleg).

Den Blitz aleng ass wierklech OK, besonneg um GT (well deen 1 Dëppen manner huet wei den STi). Beim STi misst eng Einzelabnahme ouni Silencer klappen.

D'AERYS klengt och gudd, aanescht eben, do misst de schon lauschteren, weieen Sound der besser gefällt.

An TüV ass schon en dëcken plus !

Perseinlech haat ech deemols den Choix nët, do gouf ët d'AERYS nach nët mat TüV, an Blitz ass einfach menges ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 09/10/2008 23:11:12

wei den jp seet am beschten engkeier lauschteren...

den blitz klengt mei aggressiv
just den deppen vun aerys hun ech nat net heiren,hun jo eng cat-back si klengt mei donkel wei den blitz awer net onbedengt mei haart!!

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 10/10/2008 21:22:45

salut,
@jp :därf ech froen waat d'deppen fier den sti kascht huet?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 10/10/2008 22:27:29

Majo senger Zeit mei deier (ëm 650€), elo misst ët awer fiir ca. £320 ze kreien sinn (inkl. Transport), dat wieren dann sou ëm dei 420€...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 11/10/2008 20:09:08

ok, merci, dann muss ech lo just nach kucken waat et gett. sin mer net sou richteg eenz. entweder Blitz enddeppen fier +/- 420 oder Aerys Catback fier 800...ei ei ei, net sou einfach.... :?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 11/10/2008 22:20:29

Also wanns de reng finanziell deng Entscheedung treffs, ass AERYS dei besser Entscheedung, well den Blitz muss de d'eischt an Deitschland per Einzelabnahme TüVen, an daat ass nët gratis, sou dass se warscheinlech nët souvill mei belleg wei d'CAT-back gët.

Awer den Blitz ass einfach den Blitz, ass mer ët wert gewiecht ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 12/10/2008 12:38:51

ass wei den jp seet... an am beschten emol lauschteren....

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 12/10/2008 19:36:00

also ech haat zwar lo nach net d'méiglechkeet fier en blitz oder aerys am réellen ze héieren, mee ech hun mech mol dem allgegenmächtegen youtube bedengt, an hun mech eigentlech festgeluet op den blitz.
fannen schon nemmen well en aus den UK kennt, wier schon en grond... :D
an präislech gesin ass en wierklech ok, an am endeffekt, TÜV-I DONT GIVE A .... :twisted:
also eng décidéiert saach!

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 29/10/2008 0:49:41

Salut Neckel!

Härzlech wellkomm hei am Forum! Ech giff firschloen du kenns einfach mol eng Keier op eent vun eisen Treffen an dann kanns du jo selwer lauschteren waat dir am beschten gefällt! ;-)

Bis demnächst,
Bisi

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 29/10/2008 17:32:43

Salut Bisi,
jo, daat wier effectiv eng gud idee! wier och direkt dobäi, misst just nach wessen waat wou wéini... :D
Seu oder seu interesséiert den Club mech och, gif also an engems goen! :wink:
Bis dann

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 31/10/2008 18:30:50

Salut Neckel,

Den 15. November 2008 gin mir Owes eppes iessen. Wou genau kann ech dir lo nach net soen. An deem Restaurant wou mir sollten goen as warscheinlech lo nach eng aaner Grupp an et as nach net secher ob den Kach daat alles packt. ;-)

Wanns du Member bei eis am Club gess kriss du een "besseren" Accès am Forum, dann geseis du och eisen ganzen Programm. An du kriss in etwa emol pro Mount eng Newsletter heem gescheckt mat allen Infoen bezüglech Treffen, etc.

En attendant, schecken ech dir einfach meng Telefon's-Nummer per PM. Ruff mech einfach en Mettwoch oder en Donneschteg un, bis dohin wees ech wei an waat. Selbstverständlech kanns du och unruffen wanns du soss Froen zu Club hues.

Bis geschwenn,
Bisi

Steve79

Post by Steve79 » 31/10/2008 21:23:04

@neckel

Do ass main subie, jo an richteg gudd haenn komm, bei der!

@bisi

Muss ech den club, dann elo verlossen, ouni subie mat turbo?

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 01/11/2008 15:19:34

@ Steve: Ech wosst jo mol guer net dass du dein WRX schon verkaaft häss. Waat fir een Auto hues du dir dann elo zougeluecht? (BMW?)

Wanns du nach wells Member am Club bleiwen as daat natirlech keen Problem. Och wanns du lo een aneren Auto fiers heescht daat jo net dass du lo keen Kolleg mei bas! :D (Du wees dach dass mir net sou sin!!) ;-)

Selbstverständlech bas du och nach emmer op den Monthly Meetingen, etc. härzlech wellkomm. E bessen mei problematesch keint et just bei deenen Events gin dei sech speziefesch un Subi-Fuerer riichten. Mee ech denken och an sou Fäll werten mer eng Leisung fannen! 8)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 01/11/2008 18:17:50

sovill ech wees huet den steve jo nach en subi oder? :wink:

Steve79

Post by Steve79 » 05/11/2008 0:16:49

Merci,

Jo den WRX ass un den neckel hei verkaaf gin, hun him gesot, hien soll sech hei resp am Club umellen.

Ech hun naach een 1.8 Legacy Kombi vun 91, also fir d´Roadtour ass deen dach schons ongeeegent, :D .

Vlait leint d´Frendin mer den MPS, :oops: .

Jo ech kreien een 135er BMW-Coupe, awer reischt Ufank Maerz, wollt deen onbedengt. Ass schlemm, :D , ech wees, mee den neien STI, naja, ne. :roll:

Nee, dann sin ech frou an bleiwen natirlech am Club an kommen och mol heiansdo laanscht kucken. Parken den BMW, dann och gaaaanz wait ewech 8)

Hei eng Foto vum BMW, main waert genau so ausgesin, och mat der schwarzer Folie an evtl den Felgen:


Image
Image

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 05/11/2008 1:31:23

Deen geseit deck stramm aus! 8)

Dann sin ech mol gespaant. An du wees jo, weisen gëllt! ;-)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/11/2008 17:43:32

deen gesait echt stramm aus du daerfs mat deem och no parken!!!!

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 05/11/2008 20:11:28

Salut Steve, hun méi oft probéiert der unzeruffen, mee ech kommen net un dech... wanns du dech villäit engkéier kéins bei mer mällen wier gud, well ech bräicht déi felgen zimmlech drengend! merci

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 05/11/2008 22:11:56

Deen BMW ass absolut Top, hun sou een gesin mat waissen Felgen, ech soen just MEGA!! :shock: :D
Es kommt zusammen was zusammen gehört!!
Mike-Subaru!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/11/2008 0:13:59

Zwar, geseit dëck no racing aus !!

Wanns de deen hues, kenns eis deen weisen, mer waarden drop ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 06/11/2008 0:19:59

Sin ech awer frou, dat och en BMW akzepteiert get, :D Kloer kommen ech en weisen, fueren dann op der Roadtour awer gaanz wait hannendrun. Zu Arel beim BMW-Emond,haaten se genau sou een do stoen,wei op der Foto, mat den Straifen, do hun ech daat och missen hun. Muss een jo bessen opfaalen 8)

@neckel
Sorry, war bessi vill lass, mellen mech haut.

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 09/11/2008 11:48:55

Hello, wollt mer mäin Blitz bestellen fier den MY06, an ech wees net genau waat fier een passt!? bei blitz gett et 2 modeller vum nur spec s fier den impreza: eemol fier GC8, EJ20T, 11/92> 08/00 an zum aaneren den GDB, GDA, EJ20T, 08/00> ! Wann lo nach een mer soen kann wéieen lo op mäin suby passt, dann ass en seu gud wéi bestallt! :)

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 09/11/2008 12:17:55

Also ech geng mengen dass et kloer do steht, 08/00 heescht vun deem Datum un bis elo, wann naicht hannendrun steht. An 11/92 bis 08/00 ass fir den GT. Normal :D
Es kommt zusammen was zusammen gehört!!
Mike-Subaru!

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 10/11/2008 12:34:22

Ok, thanks! :D

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 12/12/2008 12:37:25

Hun lo endlech mäin Blitz NÜR Spec R drop! Sin super zefridden, schon beim montage huet alles perfect gepasst, an den klang ass herrlech!!! :twisted:

Post Reply