downpipe

Discussions about exhaust systems (public)
Discussions à propos des systèmes d'échappements (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

downpipe

Post by BenD-86 » 02/12/2008 19:07:03

salut

hun haut op main auto downpipe dropgebaut kritt.... :D klengt och gudd just den probleem ass wanns en den gas wech helt dat faelt den auto ennert 500touren an et huet een gefill en geng all moment aus goen!ass dat vlait well en muss nees ofgestemmt gin?haat een vun irch deen fall schon?

bis dann
ben

NicoW-87
Forum-User
Posts: 85
Joined: 09/10/2008 19:04:00
Location: wecker

Post by NicoW-87 » 02/12/2008 21:50:54

Salut Ben,
also ech haat daat do schon, mee bei mier wor et net wéinst enger downpipe (hun nach keng), mee bei mier wor d'ajustéierschrauw vun blow off lass (rausgefall), an huet huet do drock verluer, an an an... Dono d'schrauw rem drop (se lung gottseidank nach am motorraum), an et wor rem gud! Et ass viläit och bei dier den "prob." dass den drock ze séier flöten geet, an deng programatioun domat net eenz gett... Ass awer just en gedanken, sin leider keen spézialist :?

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 03/12/2008 9:22:27

Zalli Ben,

ech hat dee selweschten Problem bei mengem WRX och (onrouegen Ralenti, an ausserdem ass en mer emmer bal ausgang) wéi ech eng aner DP dropgemach hat. De Grond bei mier war d'LambdaSond déi e bessi geckesch gespillt huet (well d'Ofgaswäerter net méi 'sou original waren ouni Kat :wink: ). Hu mier dun beim Gengler en Widderstand abauen geloos, deen d'Lambdasond "iwwergeht" (huet dumols nach keng 50€ kascht), an dun war de Problem geléisst!

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 03/12/2008 20:06:40

dat wat ech komesch fannen ass dat en et just mecht wann en kaal ass an just am ralenti !!!soubaal en warm ass mecht en dat net mei??!!

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 04/12/2008 10:05:08

Effektif komesch, well bei mier war et grad anescht erem: kal war ok, mais waarm huet en getuddelt... :?:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 10/12/2008 19:25:02

@teit
ass deng "check engin" lucht ugang?

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 11/12/2008 8:16:21

Yep,déi as ugang.

Subidoc

Post by Subidoc » 23/03/2009 19:43:49

Dat ass jo normal weil et Kennfeld vun Zündung an Einspritzung kal anecht ass wie wann de Motor Warm ass Am bechten ab bei de Gengler an dat ganzt richtig upassen An dan leeft sach ech hat dat och an lo noem upassen geet daat richtig.

steinke

Post by steinke » 13/05/2010 18:06:55

hun dann awa och mol nach eng fro zum thema downpipe :)

folgend 2 varianten hun sech lo ergin:

- entweder downpipe komplett catfrei
- downpipe mat 100 zeller sportscat

allerdings stellen ech ma lo d'fro , ob en ecutek wierklech noutwendeg ass wann dei gewiesselt gett?!

bis lo ass bei maer dei original software drop, an och soss naischt geannert gin. an dann kennt natierlech och dei fro dobei ob keng motosluut dono ungeet? geif soen beim 100zeller gett den sensor rem normal angedreint, mais wann catfrei ass, dann muss io en cellfix dotescht?! beim 100zeller net? an huet schon een vun aerch erfahrung wei den ennerscheet ass vun original ob geaennert downpipe, ouni den ecutek?

White_STI_06

Post by White_STI_06 » 14/05/2010 1:04:11

Also ech hun elo demnächst Rendez-vous fir den Ecutek an den Patrick huet just gesoot, wanns du en tek's dann ass DP Pflicht. Emgedreint geif ech soen daats du en weinstens eng keier checken lossen solls well dei nei DP jo vill mei en groussen Duerchfloss huet wei dei Original.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 14/05/2010 8:27:08

Also wann de bis esou e "deiwen" Agrëff um dengem Auspuff ënnerhëlls, ass fiir mech en ECUTeK absolutt noutwendeg.

Also nët falsch verstoen, daat waat nët nouwendeg ass, ass am Fong den Leeschtungsausbau, awer waat noutwendeg ass, ass deng Cartographie un des nei Gegebenheeten unzepassen. An mier ass do weider neischt bekannt wei en ECUTeK dofiir.

Also dofiir mein Root, alles ëmbauen am Bereich Auspuff an Ansaugtrackt, an zwar gleichtzeiteg, dann TeK'en loossen. Alles aanescht ass nët gudd fiir den Motor (Ëmbau schrëttweis, an ECUTeK zum Schluss) oder den Porte-Feuille (Ëmbau schrëttweis, an ECUTeK-Upassung bei all Schrëtt).
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 14/05/2010 8:53:26

onbedengt cutek maan loossen wanns du eng anner dp dropmess!d luucht geet un an du hues aussetzter well d lambda-sonde falsch regelt....

wanns du dei mam cat hels ass den auspuff allgemeng eng gretz mei lues.....

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 14/05/2010 9:29:53

Freet sech just waat fir en Cat et as. Am prinzip kascht en mei, an wanns de keen TÜV ode E-Zeechen hues, dann as en grad sou illegal wei eng DP ouni Cat. An d'Geliits geet och bei der DP mam Cat un. Mengen den Teit hat soueen op sengem Bugeye-WRX.
Form follows function

steinke

Post by steinke » 14/05/2010 14:03:40

soen aer all mol merci :) ass dann wuel wierklech dat bescht en ecutek man ze loosen:)

CharelT-91
Forum-User
Posts: 45
Joined: 11/02/2010 20:31:25
Location: Schifflange

Post by CharelT-91 » 14/05/2010 17:46:28

Also bei mir hun ech den selwechten Problem,wann ech zb bei der rouder Luucht stoen bleiwen an Kupplung treppelen,fallen touren enner 500 t/min(awer nemmen kuerz).Ech wollt mer demnächst eng nei Oofstemmung beim Patrick maan loosen!

NunoS-83
Club-Member
Posts: 28
Joined: 02/03/2013 18:53:11
Location: Holzthum

Post by NunoS-83 » 28/03/2013 15:50:46

Moien,

hun den selwechten problem nodeems ech een Turboback installeiert hun...
touren gin enert 1000rpm an hun check engine luet un saitdeem.

hun awer schon an forumen gelies dass et een "cellfix" gett fir tescht da lamdasonde an dem auspuff ze fixeieren.. helleft daat helleft daat net? :?

an MUSS ech lo wierkelch een ecutek maan weil ech TB hun?

Merci schon vir aer änferten..


Nuno
Impreza WRX Station Wagon 2004
Java Black Pearl

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 30/03/2013 12:32:03

Salut Nuno

Ecutek onbedengt maan loosen beim GP-Tuning! Alles anescht ass gepiddels !!

NunoS-83
Club-Member
Posts: 28
Joined: 02/03/2013 18:53:11
Location: Holzthum

Post by NunoS-83 » 01/04/2013 8:58:19

Hmm ok muss dann mol eng keier bei deem luussen goen :)

Daat mat den ënertouren huet sech awer well geluecht... hun gebrauchsanweisung vun menger GFB pop-off gelies an do steet drop wei een dei kann anstellen fir keen "stumble" am motor ze hun :wink: daat huet sech lo also erleedegt.
Ass lo just nach "check engine" an lamdasonde...
Impreza WRX Station Wagon 2004
Java Black Pearl

User avatar
BobH-91
Team Maintenance
Posts: 106
Joined: 17/02/2014 22:35:42
Location: Gonderange

Post by BobH-91 » 18/02/2014 20:43:54

En groußt Fragezeichen hei vun mir! Ech hun eng Blitz Nur Spec R Catback auspuffanlach monteiert, ech geng déi elo gaer mat enger Downpipe mat sportcat (200zeller) erweiteren. Elo as d'froe klappt dat irjenswei an punkto ofgaaswerter an dezibel? Ech wëll nämlech am leifsten och nach downpipe androen lossen.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/02/2014 11:23:28

Ob daat sou einfach geht, woen ech leider eischter ze bezweifelen :(

Du misst dei d'eischt an Deitschland mol um TüV oofgeholl kreien, souwuel waat d'Abgaswerter unbelaangt wei och d'Lautsärkt.

Ech wees, och beim TüV huet sech seit desem Joër munches geännert (verschärft ginn).

Dofiir misst du dann eng Abgasanalyse machen, dei ass relativ deier, den Lärmpegel ass relativ einfach ze moossen, awer do sinn se extrem streng gin, do sinn nët vill % mei erlaabt wei original, an dei original Anlag mecht echt weineg Kameidi, von dohier hues de och do eischter schlecht Kaarten...

Ech geif mol zu Treier oder Bitbuerg beim TüV nofroen, waat sie do "geifen" androen, wann esou eng Eenzeloofnam meigelech ass, misst du domat dann zu Sandweiler besser Kaarten hun.

Waats de awer ob allefall och besser hues, ass dass d'Leeschtung mat op der Eenzelabnahm steet, well soss dreien se dech zu Sandweiler zerëck, ech hun daat nach gebaucht, trotzt TüV vun ECUTeK and AERYS Anlag (zesummen ca. 15 Seiten TüV), hun ech awer missten op Treier d'Leeschtung androen goen (moossen kënnen se do nët, well se keen Allrad-Preifstand hun, also nach eng Hürd weider)...

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BobH-91
Team Maintenance
Posts: 106
Joined: 17/02/2014 22:35:42
Location: Gonderange

Post by BobH-91 » 19/02/2014 21:46:45

Allright, dat gëtt jo dann na eng hart noss! Ech ruffen mol en Tüvprüfer hei aus dem Land un an froen och do mol nach no, an dann kuken ech mol firun. Villmols merci awer mol.

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 24/02/2014 23:01:51

Salut Bob!

Kanns du mir w.e.g. mol eng Kopie vun dengem Gutachten/Eenzeloofnahm an sou weider zoukommen lossen? Merci! :D

Post Reply