uppipe + modif

Discussions about exhaust systems (public)
Discussions à propos des systèmes d'échappements (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
steinke

uppipe + modif

Post by steinke » 06/08/2009 13:16:21

Salut alleguer ,

hun ma lo mol eng uppipe bestallt + fuel cut defender an manuellen boostcontroller fier ob main Wrx 04', an wollt do mol wessen wat daer all dovunner haalt?

Wollt nämlech keng greisser modif. un der auspuffanlag fierhuelen (Nooperen ;) )

Gett et do vleit iergendeppes woumat schon een vun aerch erfahrung gesammelt huet? an punto uppipe an boostcontroller eben? eppes ob wat ech vleit mist obpassen?

Meng fierstellung wuar et den drock um turbo ob 1,2-1,3 bar ze hierwen ?!

Geif mech iwwert puer kommentarer freen ;) Vleit e puer Tipps oda saachen wou ech muss drop obpassen?

Merci jongen ;)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/08/2009 16:22:32

Also ech geif dann eischter keen Fuel Cut Defender abauen, d'Steiergerät këppt reicht bei 1.3, an esou bass de sëcher, dass de nie iwert den gefeierlechen 1.3bar Bereich gees. Driwer geet just mat Schmiedkolwen, dei normal deformeieren sech well se ze warm ginn !

Egal wei den Boostcontroller agebaut gët, suerg och dofiir, dass den MAP Sensor (Manifold Absolut Pressure, also absoluten Drockgeber vum Einlasskollektor) nët getäuscht gët, also dass d'Steiergerät sech bewosst ass, wei heich den Turbodrock wierklech ass, soss gët dein Gemësch ze moer an daat keescht potenziell Motorschued.

Daat wieren mol dei 2 Saachen dei ech der kann mat op den Wee ginn.

Ech hun an mengem GT (MY00) seit ca. 90'000km eng Bleed Valve drop, domat ass den Turbodrock bei 1.22bar peak an 1.05 stabiliseiert. Resultat : +9PS (nët vill) an +30Nm (an dei mierkt een !).

Daat ass zwar keen Boost-Controller awer vun der Thematik schon ähnlech ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/08/2009 18:47:27

ass dain auspuff ab dem cat nach original?oder hues eu do schon eppes geaennert???

steinke

Post by steinke » 06/08/2009 18:47:56

Soen da mol merci fier d'infoen :) bon am endeffekt mengen ech dat et sou eng bleed valve ass wei du soos, sie nennen et eben just boostcontroller um site vun AK-Motorsport, et leeft am endeffekt ob en normalen krunn raus ;) mam fuel cut defender, wuar ech da meenung dat ech deen breicht , well se um site geschriwwen hun dat den originalen drock bei 0,8 ofreegelt... vleit wuar et ob STI bezun... keng ahnung :) Mais deen kann ech io nach emmer hei um site annonceiren ;) Lamco turbo anzeig ass dran , do soos de ma io eng keier dat dei zimlech genau ass :)

Wat haells de vun da Uppipe? also ouni onbedingt d'downpipe matzewiesselen...

steinke

Post by steinke » 06/08/2009 18:56:25

salut ben

nee just Blitz nur spec S, also ESD....

dei meescht fueren zwar komplett frei, mat ecutek asw... mais wollt en aaneren wee goen , an einfach mol en tick mei raukeddelen... hun main subi als alldagsauto, an kleng kanner an da nooperschaft, an mengen dat geif fier diskussiounen suergen wann ech nuets domat heem kommen an dat dengen dann am turbotimer fierun da dier ausdreint ;) doweinst wollt ech weinstens mol nach 1 kat draloosen... d'idee wuar et einfach mol ganz fier unzefänken , also uppipe, an ze kucken wei en sech domat fiert an wei unspriechverhaalen vum turbo dono ass

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/08/2009 18:59:23

Den Fuel Cut bei 1.3bar ass um GT. Daat ass och um 2.5l STi den Fall, den 2.0l STi leeft mei heich, do wees ech awer nët genau wou den Fuel Cut leit.

Den Fuel Cut bei 1.3bar ass souguer praktesch beim astellen, dann brauchs de den Krun just souweit opzemachen bis en an den Fuel Cut geet (awer fiir unzefänken Krun ganz zou, an dann lues a lues opmachen), an dann nees liicht mei zou, an daat war ët dann 8)

Zu Thema Uppipe kann ech nët vill soen, do hun ech jeweils nach dei original dran. Den KaneSTi keint eis do mei soen :roll: :lol:

Daat Element waat am meeschten brengt (resp. wann ët nach drop ass, hënnert) ass d'Downpipe mat dëcken Cat...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/08/2009 19:05:54

hm ....mee bon ass en versuch waert !!!mol eppes anescht...denken zwar dats du freier oder speider dach muss ecutek maan well deng lambda-sonde vlait verreckt spillt...wees et awer net...
am fong wees ech net op et wirklech eppes brengt well dein durchfloss vun den ofgaasen d selwcht bleiwt firumturbo waerend wanns du lo mol zb eng 3" anlag ab turbo hues deng ofgaaassen mei seier raus gin wei wanns du just deen normalen durchmiesser hues...

dat mat den noperen kennen ech mee bon ech mengen o enger zeit gewinnen dei sech drun... :lol:
eppes anescht bleit hinnen jo net iwwerg....

steinke

Post by steinke » 06/08/2009 19:06:46

ahsou ok :) ma dann wuarden ech mol bis stecker do sin , an dann kann ech den defender io nach emmer drop sätzen , vleit kann een soueppes gebrauchen ;) merci awa mol fier infoen, d.h. den krunn ass io mol dann eng gudd investitioun weis de sees ;)

mat der uppipe probeiren ech dann einfach mol, ob daat vill gett an da kombinatioun dat dei alleng gewiesselt gett, ouni downpipe

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/08/2009 19:09:27

wei den jp schon sot downpipe an sech ass et dei d ofgaassen bremst...wann dann net mei do dann geet et ab... 8)

steinke

Post by steinke » 06/08/2009 19:28:02

ok ca va :) merci awa mol jongen fier infoen ;) ahjo, waert och lo demnäscht nach en topic dransetzen, an zwar den 26 september ass rem en treffen zu zolwer an da industriezone beim Autodesign, daat ganzt gett rem vun Oversize organiseiert, organisatioun ass an plaanung ;) daat ganzt ass rem en ofschlosstreffen vun da saison sou ze soen :) mais genaueres kennt nach ;)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/08/2009 20:26:07

majo do sin mer derbei!!!

steinke

Post by steinke » 15/08/2009 13:01:27

uppipe ass lo drop, mais waaaat en gedeesems :) no villem gedeesems an dono enger uelegfuite um turbo, leeft awa lo rem alles, allerdings hun ech misten vum temperatursensor en widderstand ansetzen, well an der turboxs pipe keen gewenn fiergesin wuar fier dei dranzesetzen.... kann awa lo normalerweis sou fueren , ausser wann ech iergendwann well den Ecutek dropman, dann muss ech deen fühler rem ansetzen...

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 15/08/2009 13:31:23

an den auto leeft normal??

steinke

Post by steinke » 15/08/2009 14:15:00

iop, leeft normal, sin da meenung dat d'unspriechverhaalen vum turbo en tick besser ass. Engine check luut ass zwar un, mais daat dauert seng zeit bis dei aus ass, well ech reicht den zidderstand drangema hun, an krut gesoot dat geint awa schon mol eng zeitchen dauren bis se rem ausgeet. zaert alt sin wei beim iwwerdrock vum turbo, wann een deen rof hellt, setz den fuel cut io an, luut geet un, dono schlauch rem drop an dann dauert et och eng gudd zeitchen an eng reih vun km bis dei rem aus ass...

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 15/08/2009 14:51:36

nee normalerweis 5 mol kontackt maan ouni ze demarreiern dann misst luccht aus goen ass dat net den fall sin ech mer secher dass du dann rem irgendwann fuel-cut kriss well deng ofgass resp. temperatur werter net stemmen!!!!

steinke

Post by steinke » 15/08/2009 15:17:41

ah ok, dann probeiren ech daat mol henno, wann net dann muss ech eben an dei nei en lach bueren an eng mudder drop verschweessen fier den sensor rem dran ze man.

den proplem zuar deen dat ech den auto am ufank demareiert haat ouni den kabel unzeschleissen an ouni sensor der neier uppipe eben. dodrop hin hun ech den auto raus gesaat an reicht dun festgestalt dat den auto eng uelegfuite haat ( an zwar do wou den ueleg vum turbo aus nees fort geet ), haat den auto dun am turbotimer laafe, an dodrops hin natierlech direkt aus gema an den an garage zereck gedreckt, dozeinst kann et vleit sin dat en dei fehlermeldung krut deen moment wou naischt ob den schalter vum temperaturmesser ungeschloss wuar? reicht dono haat ech den fehler vum uelegcicruit behuewen an en 22 ohm widderstand an den schalter gesaat, an reicht dono huet en eben fehlermeldung beim kontakt ungin....

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 15/08/2009 18:47:50

Bleed Valve = Erklärung.....ass gut virwaat ?

Fir um Drock ze spillen kann een dach den Apexi huelen....oder net ?
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

steinke

Post by steinke » 15/08/2009 21:44:32

dat ass secher dei eng alternativ, dei aaner ass an deem fall eng bleed valve, also dei manuelle versioun vun apexi an blitz ;) eng art krunn souzesoen, fier eben den drock mei heig ze dreinen. do zou bltiz an co awa zimlech vill geld kaschten , kritt een d'bleed valve schon fier zimlech bellegt gelt, mengen em sou 80 euro kritt een schon eng

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 16/08/2009 9:48:15

ah ok verstinn. Merci
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

steinke

Post by steinke » 20/08/2009 20:46:54

haat folgendes nogelies an engem daitschen forum, wat ech och vun puer leit gesoot krut:

Vue que dat deen temperatursensor lo aus der uppipe raus ass (turboXS) , gouf eifnach den kabel rausgezunn aus dem stecker an ferdeg. problem ass eben lo motosluut wou un ass, krut do eben gesoot ( an och an forumen nogelies ) dat et just 2 meiglechkeeten gin, entweder lach an dei nei uppipe + mudder drop an originalen sensor rem drop, oda den stecker mat engem 22 ohm widderstand iwwerbrecken... beides geif goen an och CheckEngine luut rem ausman... deen fall ass nie angetraff mam widderstand :? ... also muss warhscheinlech uppipe rem rof fier den sensor anzebauen :)
lo ergett sech folgenden problem ;) bei heigen tueren , klemmt den drock lo rob bis praktesch 1 bar, an enn tueren , sou 5500, fällt den drock rem rof bis zirka 0,6 bar... hun an d'blow off eng mei stark fierder dran gema, problem ass net behuewen... wou ech ma lo d'fro stellen, kann daat dodrun leien dat ech keng nei dichtungen verbaut hun wou ech d'uppipe gewiesselt hun? ( Turbo XS schreiwt dat sou fier...)

wat mengt daer dozou? :)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 20/08/2009 20:59:43

nee et leit net um blow off an och net un der dichtung et leit just dodrun dat deen sensor net mei do ass an d steiergeraet net wees wou et drun ass!!!am beschten rof huelen lach dranbuhren an dann hoffen dat et fontioneiert....

steinke

Post by steinke » 20/08/2009 21:04:38

ok merci ben, man daat dann lo mol eng keier :) hoffen dass daat dono klappt ;) mierkt een awa schon lo eng verännerung par-rapport zu der oringinaler :)

Post Reply