blitz nur spec r catback

Discussions about exhaust systems (public)
Discussions à propos des systèmes d'échappements (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
joep-86
Forum-User
Posts: 17
Joined: 04/08/2011 10:00:23
Location: Vianden

blitz nur spec r catback

Post by joep-86 » 23/08/2011 13:10:43

Salut,

ech hun eng fro dei betemmt schon x mol gestallt gin as, an zwar wollt ech mer fier op mäin 2.0L Sti (2004) eng blitz nur spec r catback anlach drop man.
kann mier viläit een verroden ob ech dei androen kann respektiv op do pabeiren dobäi sen?

merci fier wieder infoen

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 23/08/2011 17:16:17

salut

majo am prinzip sin do keng papeiern derbei... agedro kriss de se am prinzip net well se ze haart ass... anscheind ass deen een oder anner tüv-preifer zu bitburg oder zu treier awer bereed der se anzedroen wanns du ant d end-deppen genuch watt dran mes an natirlech een silencer! wei gesot an dann nach ass d chance eischter grous dat et net klappt!

geet et dir just em den klang oder och leeschtung?

bis dann

ben

joep-86
Forum-User
Posts: 17
Joined: 04/08/2011 10:00:23
Location: Vianden

Post by joep-86 » 23/08/2011 17:47:34

ma ech soen mol villomols merci. et geet eischters em den klang, leeschtung as natierlech emmer gud. d aerys as mer einfach ze deier. Hun na eventuell un d Hks Hipower geduescht. sos wees ech o net waat ech keint kafen. ech soen fier all typ merci;-)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 23/08/2011 19:45:16

wannn et mol em klang geet ass de blitz secher tip top! et ass eben just den problem mam androen...mee wei gesot den auspuff ansech ass och seier gewieselt fir sandweiler...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 23/08/2011 23:48:28

Salut,

Also zum Thema Blitz, kann ech just soen, daß ët top Wuer ass !!!

Um GT kruut ech den Blitz Spec-S (also just Enddëppen) agedroen, JUST AWER MAT SILENCER !!! An ech verstin haut nach nët richteg wei daat konnt klappen...

Um STi haat ech also och en Blitz Spec-S drop gemach, deen souguer mei lues war, well den STi nach en Mëttel-Schalldämpfer huet, deen den GT nët huet, an deen ass nët mol mat Silencer duerchgangen :-(

Deemno geif ech mol dovun ausgoen, daß daat zimmlech sëcher nët (mei) anzedroen ass.

Duerch en Mëssel (Betons Block) hum ech en aaneren Auspuff gebrauch, an hun elo eng AERYS um STi, an sinn begeeschtert !!

Fiir Sandweiler ass den Auspudf seier gewiesselt, just well gët een och ugehaalen vun der Police ... :-(

Schwiereg Entscheedung deis du do viirun der hues...

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 24/08/2011 9:39:15

Kann dem Jhemp just Recht gin (leider). Vum Klang hier as eng Blitz-Anlag (souguer wann ët just d'Enddëppen as) absolut Top, souwuel wat d'Qualitéit ubelangt (hu meng well schon bal 7 Joër, an do as ëmmer nach keng Grëtz Rascht ze gesin, och bei de Schweesnéit as näischt), als wéi och de Klang.
Domm as just datt déi um CT de Blitz nët androën :x

*Off Topic ON*
An eis Rennleitung as am Moment e bessi bennzëg (mengt ee grad déi géifen d'Fréihjoër spieren) fir dëch unzehalen wann sie och nëmmen mengen däin Auto wier nët conform... Trauen mech scho bal nët méi mat mengem Bloën ze fueren aus Angscht ugehal ze gin an dann den Auto nees mussen op Sandweiler pràsentéieren ze goën (gouf dës Saison schon 4 mol mat mengem Moto ugehal, eng rotzoriginal Suzuki GSX-F, an dat just fir 1. d'Pobeieren ze kontrolléieren an 2. ze kucken ob ech keng nët zoulässëg Ëmbauten gemach hun).

Näischt fir ongutt, mais ët sténkt mier ganz gewaltëg datt mier alleguerten mat eisen Autoën d'Office kriminaliséiert gin...
*Off Topic OFF*

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 24/08/2011 14:26:59

Yank555 wrote: Fiir Sandweiler ass den Auspudf seier gewiesselt, just well gët een och ugehaalen vun der Police ... :-(
dat mat der police därft beim joe net sou schlemm sin wann ech richteg informeiert sin schaft heen och do...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 24/08/2011 14:48:41

ben wrote:dat mat der police därft beim joe net sou schlemm sin wann ech richteg informeiert sin schaft heen och do...
Ah, ma dann ass daat jo an deemfall nët sou weider schlëmm ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

joep-86
Forum-User
Posts: 17
Joined: 04/08/2011 10:00:23
Location: Vianden

Post by joep-86 » 25/08/2011 8:48:36

jo mais grad dofier well ech ierjent een auspuff hun deen ech awer androen kann, hien muss awer gudd klengen.
Mengen den Hks Hipower as do na deen enzegen deen an fro kennt. As schon scheisse wann een bedenkt wei verschiden autoen (Lambo, Ferrari an co) vum wierk äus klengen an datt do keen hunn dono kreint. Mais fier dann zB een blitz unzemellen oder domat ze fueren get nemmen misere...

joep-86
Forum-User
Posts: 17
Joined: 04/08/2011 10:00:23
Location: Vianden

Post by joep-86 » 25/08/2011 8:52:22

et sen der awer o vill bei eis am club dei net mei wei benzeg drop sen een vun eis ze kreien...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 25/08/2011 9:15:57

Den Problem ass, wann se klengen soll, kriss de se warscheinlech nët agedroen :-(

Och eng AERYS klengt nët, wann se legal ass (Silencer)... also ech wëll soen, GUER NËT gell, wei original !!! :-(
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

joep-86
Forum-User
Posts: 17
Joined: 04/08/2011 10:00:23
Location: Vianden

Post by joep-86 » 25/08/2011 9:23:09

dann muss ech mol kucken, wann ech eppes fonnt hun, soen ech bescheed.

merci mol

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 25/08/2011 9:47:40

Courage ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply