Schruppen an der Radkëscht mat neiem Fuerwierk

Discussions about suspension systems / kits (public)
Discussions à propos des systèmes de suspension (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 13/03/2008 21:33:01

gesait gudd aus?mee wann et schruppt ass dat net sou flott?dann muss du en hannen e bessi mei heich maan!!

mako

Post by mako » 13/03/2008 22:01:40

@ Ben
vun dengen fotoen hier geing ech soen dass ech glaich deiw hannen ass wei dein,
an bei dir schruppt naicht?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 13/03/2008 22:06:43

nee mol net mat den 18 zoll!!

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 13/03/2008 23:02:49

Jo dann misst de mol vlait kucken wei en ET deng Felgen hun, oder hudd dir dei selwecht drop?? et kennen och d pneuen sin dei an der Wand mol aanescht geschaft sin wei aanerer (MEI RONN ODER MEI RIICHT), do get et villes ze kucken!! Deng Felgen vlait ze breet, an du mirks et lo reicht well en mei deif ass! Ech hun 19 Zoll drop an et schruppt naicht, well et genau dei Richteg moos ass!! 8x19 ET 45 ( STI 2003 )

Alles checken :!: :!:

mako

Post by mako » 13/03/2008 23:36:41

jo muss dat mol alles nokucken.
Ma dei Wanterfelgen an d Wanterpneuen dei lo drop sin sollten
genau dei selwecht greisst/moosen hun wei d original Felgen an Pneuen.
Hat mol dei selwecht moosen bestallt.

Wat get et dann soss nach als meiglechkeet?

Mei eropschrauwen hannen.
Federwegbegrenzer?
Bördeln?

Momentan ass dess Felge drop:
Rondell Typ 44 Z 8x17"
LK5/114 ET 40 silber lackiert
Art Nr. KBA 45992

An des pneuen:
Pirelli W 210 Sottozero 225/45 R17 91H M0

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 14/03/2008 13:39:13

Salut,

Also do ginn ët sëcherlech e puer Saachen ze soen an ze machen ;-)

Wei den S.T.I. schon geschriwen huet, ass ët MEGA wichteg, dass dei richteg Felge (an der Breed an an der Apressdeift, also am ET) drop ass. Wie hien och richteg schreiwt kann den Pneu do och en Ënnerscheed machen, haat ech um GT, den Dunlop SP9000 am 215/40-17 huet nët geschlaff, den Birdgestone Potenza S03 och am 215/40-17 huet geschlaff !!

Waat den ET mei kleng gët, waat d'Felge mei eraussteet, an waat se och automatesch eischter Schruppt ! Daat selvescht ass, wann d'Felge mei breed ass, statt elo 8" z.B. 8.5" ass, dann kënnt se genau ëm 0.25" mei no un den Bord. Opgepasst, daat selvescht gëllt awer och no bannen, do kann den Pneu och beemol widert d'Fiederbeen kommen !

D'Greisst vun der Felge, also 17", 18", 19" ... ass total onwichteg, well duerch den Duerchmiesser vun der Felge därf sech just d'Heicht vun Pneu änneren, soss neischt. Kloer, wann een vun enger 8x17ET48 op eng 9x19ET40 geet, ass alles geännert, awer wei gesoot, den Problem ass deen selveschten, wei wann een op eng 9x17ET40 gangen wier. D'Rad kënnt genau 8mm + 0.5" mei no un den Bord (plus den Faktor Pneuen-Modell).

Waat awer elo machen wann ët schruppt ... ?! Nët einfach...

- Mei heich schrauwen : Eigentlech keng Leisung, den Problem gët just verlagert, wann den Auto mei gelueden ass, och mei "haard gefuer gët", schleift ët ëmmer nach.

- Mei haard astellen : Wann d'Fuerwierk härtenverstellbar ass. Ass och keng Leisung, dann geet d'Stroosenlag drop, an en gudd Fuerwierk mecht een jo awer dach eigentlech drop, fiir eng besser Stroossenlag zu hun, oder ?! ;-)

- Fiederweebegrenzer : Nët ideal, well wann en schruppt, geif en logescherweis och op den Begrenzer schloen, daat geet duer, fiir am Eechtfall dein Auto ewegzegeheien, well wann en opsetzt, ass deng Stroossenlag nët mei ideal.

- Bördeln an/oder erauszeihen : dei besser Saach, well dann einfach Plaatz ass, an d'Ophängkung kann normal schaffen. Bei den STi'en ab 2005 awer nët einfach, Bördeln geet, erauszeihen nët mei sou einfach, well jo sou en Plastik iwert der Radkëscht ass. An daat muss awer gudd gemach ginn, soss ass ët e gudden Ufank fiir Rascht ! (Ech hun daat perseinlech z.B. guer nët gären)

- Stuerz verstellen : Kann en Trick sinn, fiir den Problem ze ëmgoen, mei negativen Stuerz schaaft Plaatz bei der Radkëscht. Awer opgepasst, d'Verhaalen vum Auto verännert sech, an original kann een den Stuerz hannen nët verstellen. Dofiir brauch een entweder exzentresch Verstellschrauwen oder Domlager (oder beides).

Du kanns der daat mol um Wheel calculator ukucken, do kanns de mat den Parameter spillen, dann geseis de och kloer waat se bewierken.

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 14/03/2008 18:13:06

Wei ech aus dengem Post gesin hues du Distanzschweiwen op dengem Auto. Daat an Kombi mat enger ET40 kann effektiv knapp gin.

Mussen dei Distanzschweiwen monteiert sin? Oder kennnt do eppes widder?

ET40 as relativ knapp. Ech hun 44 an daat as absoluten Maximum fir main MY03 STI. Ab 2005 huet daat zwar geännert an et as bessi mei Platz an den Radkeschten, mee ech färten, dass ET40 plus Distanzscheiwen keint zevill des gudden sin.

Correct me if I'm wrong :wink:

Serge
Form follows function

mako

Post by mako » 14/03/2008 21:22:36

Ma d Distanzscheiwen sin momentan net monteiert, well et net meiglech ass se mat mengen Wanterfelgen ze monteieren.
Man muer fotoen fir dat mei verständlech ze man.

Hun mol mat deem "Wheel calculator" http://www.impreza-club.lu/forum/viewtopic.php?t=77

Hei den owstand deen en mer seet "Abstand=0.71 cm", also misst et awer duergoen mat der platz.

Ech monteieren muer mol d Summerpneuen.

Edit:
Souguer am Tüv Gutachten vum Fuerwierk steht:

Aufgeführte Rad-/Reifenkombination zulässig:
- vuh: 215/45 R 17 (Sti: 225/45 R 17) auf Rad 8x17 ET +38

An ech hun jo als Wanterpneu/ Felge folgendes:

Momentan ass dess Felge drop:
Rondell Typ 44 Z 8x17"
LK5/114 ET 40 silber lackiert
Art Nr. KBA 45992

An des pneuen:
Pirelli W 210 Sottozero 225/45 R17 91H M0


Misst jo awer dann alles opgoen an dierft net schruppen???

Post Reply