Den Mako huet mech eppes an Bezug op Geometrie gefroot, an ech fannen, daat ass en Thema am Forum wert
Hei seng Fro an och meng Äntwert...
Ech muss soen, dass ech no deser 1. Erfahrung keng besser Erfahrungen an deem Bereich gemach hun, den GT (nom Abbau vum AST Fuerwierk) an den STi (beim Abbau vun den Whiteline Stuerzschrauwen) goufen jeweils nach 1x agestallt, all Keier en riesen Gedeesems, baal 1/2 Dag drop gemach, deiert Geld gefroot, an nach fraglech ob ët dann wierklech richteg agestallt war... Ech war dei Keieren dobei an hun matgekuckt, d'Astellungen missten klappen. Dei beid leschten Keieren waren senger Zeit beim NCM...Salut,-0.15° ?? Ähm, daat ass jo total Brach, -1° geet serienmässeg !! An daat dierft sech nët mat dengem Fuerwierkt geännert hun.mako wrote:majo war jo an d geometrie, sot se sollten fir den maximum negatif man deen get.
se kruten just -0,15° mei geing net goen soen se.
scannen den d blatt dann schecken ech der et mol muer.
Wëssen dei eigentlech dass du eng Excenterschrauw hues, oder besser, waat daat iwerhaapt ass ???
Daat mecht mech sou rosen, dass ët einfach nëmmen nach Peifen-Betrieber hei zuland gët, dei neischt vun hierer Aarbescht verstinn
Scan mer mol daat Blaat, dann kucken ech mer daat un
Ech haat en Held dei 1. Keier (beim Collé zu Nidderkuer), deen haat wuel am Lycée nët bei der Mathé opgepasst. Ech wollt -1.5°, an do huet hen mer ët prompt op -1° 50' gesaat, an daat sinn dann -1.83°. OK, an sech war daat jo am Nachhinein ganz OK esou, awer en huet nët daat gemach, waat ech en ugestallt haat. Esou eppes geheiert zum Beruf vun engem, deen Spueren astellt, deen muss esou eppes wessen an verstaan hun !! An wann nët, soll en besser just Vidangen un Autoen machen Ah jo, awer 200€ hun se mer fiir dei ganz Astellerei gefroot, dann kënnen se anscheinend rechnen
Ech foren mech ganz eierlech, wou een daat nach serieux astellen loossen kann...
Bis dann, JP.
PS: Ët wier eigentlech schon baal derwert heifiir en Thread am Forum opzemachen. Ech machen daat dann emol nach
Den greissten Problem ass, dass keen vun deenen Betrieber ageriicht ass, fiir den hënneschten Stuerz anzestellen, well se an hieren Hebebühnen just viir Plateaux'en hun, hannen awer nët. Domat gët den Auto gehuewen, den Stuerz agestall an den Auto nees niddergeloos. Dann ass dei hënnescht Axe agespaant, an den Stuerz deen daan gemoos gët ass total falsch !
An dobei kënnt, dass hier Mataarbeschter daat esou selten machen, dass se nët mol sech richteg unzeleen wëssen, einfach traureg, well den Preis gët op d'Stonn bezuelt, dann ass ët jo och egal, wann se dann 3-4 Stonnen brauchen, waat eigentlech keint an 1 Stonn gemach sinn... Den (dommen) Client bezillt jo souweisou, an den Aarbeschter ass jo soulaang mol beschäftegt an brengt Geld eran !
OK, hannen den Stuerz verstellen geet baal bei kengem Auto, ass awer keng Excuse. Zumindest sollten se engem daat dann am Viiraus soen, dann kann een weinstens nach aanerwerts nofroen, ob dei daat kënnen ! Well ech hun ëmmer ganz kloer gesoot, ët geet drëms d'Spuer an den Stuerz, beides viir an hannen, anzestellen.
Weieng Erfahrungen hun dei aaner dann gemach ?
Ween mecht esou eppes sérieux, deen een keint recommandeieren ?
JP.