Page 1 of 1

Geometrie - Wou kann een daat eigentlech sérieux machen...

Posted: 19/06/2008 10:29:43
by Jean-PierreR-71
Salut,

Den Mako huet mech eppes an Bezug op Geometrie gefroot, an ech fannen, daat ass en Thema am Forum wert ;-)

Hei seng Fro an och meng Äntwert...
Salut,
mako wrote:majo war jo an d geometrie, sot se sollten fir den maximum negatif man deen get.
se kruten just -0,15° mei geing net goen soen se.
scannen den d blatt dann schecken ech der et mol muer.
-0.15° ?? Ähm, daat ass jo total Brach, -1° geet serienmässeg !! An daat dierft sech nët mat dengem Fuerwierkt geännert hun.

Wëssen dei eigentlech dass du eng Excenterschrauw hues, oder besser, waat daat iwerhaapt ass ???

Daat mecht mech sou rosen, dass ët einfach nëmmen nach Peifen-Betrieber hei zuland gët, dei neischt vun hierer Aarbescht verstinn :evil:

Scan mer mol daat Blaat, dann kucken ech mer daat un ;-)

Ech haat en Held dei 1. Keier (beim Collé zu Nidderkuer), deen haat wuel am Lycée nët bei der Mathé opgepasst. Ech wollt -1.5°, an do huet hen mer ët prompt op -1° 50' gesaat, an daat sinn dann -1.83°. OK, an sech war daat jo am Nachhinein ganz OK esou, awer en huet nët daat gemach, waat ech en ugestallt haat. Esou eppes geheiert zum Beruf vun engem, deen Spueren astellt, deen muss esou eppes wessen an verstaan hun !! :? An wann nët, soll en besser just Vidangen un Autoen machen :evil: Ah jo, awer 200€ hun se mer fiir dei ganz Astellerei gefroot, dann kënnen se anscheinend rechnen :!:

Ech foren mech ganz eierlech, wou een daat nach serieux astellen loossen kann...

Bis dann, JP.

PS: Ët wier eigentlech schon baal derwert heifiir en Thread am Forum opzemachen. Ech machen daat dann emol nach ;-)
Ech muss soen, dass ech no deser 1. Erfahrung keng besser Erfahrungen an deem Bereich gemach hun, den GT (nom Abbau vum AST Fuerwierk) an den STi (beim Abbau vun den Whiteline Stuerzschrauwen) goufen jeweils nach 1x agestallt, all Keier en riesen Gedeesems, baal 1/2 Dag drop gemach, deiert Geld gefroot, an nach fraglech ob ët dann wierklech richteg agestallt war... Ech war dei Keieren dobei an hun matgekuckt, d'Astellungen missten klappen. Dei beid leschten Keieren waren senger Zeit beim NCM...

Den greissten Problem ass, dass keen vun deenen Betrieber ageriicht ass, fiir den hënneschten Stuerz anzestellen, well se an hieren Hebebühnen just viir Plateaux'en hun, hannen awer nët. Domat gët den Auto gehuewen, den Stuerz agestall an den Auto nees niddergeloos. Dann ass dei hënnescht Axe agespaant, an den Stuerz deen daan gemoos gët ass total falsch !

An dobei kënnt, dass hier Mataarbeschter daat esou selten machen, dass se nët mol sech richteg unzeleen wëssen, einfach traureg, well den Preis gët op d'Stonn bezuelt, dann ass ët jo och egal, wann se dann 3-4 Stonnen brauchen, waat eigentlech keint an 1 Stonn gemach sinn... Den (dommen) Client bezillt jo souweisou, an den Aarbeschter ass jo soulaang mol beschäftegt an brengt Geld eran !

OK, hannen den Stuerz verstellen geet baal bei kengem Auto, ass awer keng Excuse. Zumindest sollten se engem daat dann am Viiraus soen, dann kann een weinstens nach aanerwerts nofroen, ob dei daat kënnen ! Well ech hun ëmmer ganz kloer gesoot, ët geet drëms d'Spuer an den Stuerz, beides viir an hannen, anzestellen.

Weieng Erfahrungen hun dei aaner dann gemach ?

Ween mecht esou eppes sérieux, deen een keint recommandeieren ?

JP.

Posted: 19/06/2008 23:25:09
by Jean-PierreR-71
Hei ass dem Mako sein Rapport :
Image
Waat mer do opfällt, deen gudden Jong huet probeiet d'Werter ass brav an den grengen Bereich ze kreien, mä daat war :

1) nët waat gefroot war
2) opgrond vum flaschen Auto (Hun ët rout markeiert, Impreza 1994-2000, daat ass den GT, nët den 2006'er STi !)

Ech verstinn daat nët !

JP.

Posted: 19/06/2008 23:40:11
by Jean-PierreR-71
Nach en klengen Verglach am Bereich Resultat an Tarif :

1) Collé (GT mat just Stuerzverstellschrauwem vun Whiteline)
  • Viir : -1.83° (-1° 50', och wann -1.5° gefroot war)
    Hannen : -1.1°
    Preis : 214.99€
    Zeit : 4 1/4 Stonnen
2) NCM (STi mat just Stuerzverstellschrauwem vun Whiteline)
  • Viir : -0.95° (mat den originalen Schrauwen war souguer liicht mei dran ?!)
    Hannen : -1.05° (wier mei gangen, wollt awer den Equiliber nët futti machen)
    Preis : 245.81€
    Zeit : 4 1/2 Stonnen (ech hun mat gehollef well ët nët viirun gangen ass !)
3) NCM (GT mat AST Fuerwierk an Domlager)
  • Viir : -1.85°
    Hannen : -1.5°
    Preis : 200-250€ (geschätzt, war am Preis vum Fuerwierk dran)
    Zeit : 3-4 Stonnen
Zefridden war ech eigentlech bei kengem, ëmmer komplizeiert, nach en dubiost Resultat, well den Auto gehuewen gouf an nees niddergesaat, ouni en ze rëckelen, dann ass den Stuerz souweisou verfälscht :?

Beim STi sinn ech zimmlech sëcher, dass viir mei geet, mä bon, hun keng Loscht nees 200€ an den Sand ze setzen, hun es sou lues genuch ze bezuelen fiir KEEN Resultat ze hun :evil:

JP.

PS: Den Mako huet zumindest "just" 103€ bezuelt, fiir awer guer nët daat gefroten Resultat ze kreien :?

Posted: 20/06/2008 12:41:46
by BenD-86
also ech hun meng fiederen bei mir am garage a bauen geloss..an obwuel mir en neien geo-pont demols kruten war deen neien suabru impreza 06-07 model na net am programm den mechaniens huet mir et dun laut sti model 05 agestallt !!
dat ganzt mat dem sturz astellen an sou dat hun ech dono reicht vum jp gewour gin.
awa ech fannen dat soss d spuer vun mengem auto top ass en firt neemlech par rapport zu anneren 4x4 richt zb mei r32 deen zit ganz licht no riets...mee bon en 4x4 ass ni 100%...
wei gsot war na net mam subi an engen anneren garage wei bei mir!!!
w

Posted: 20/06/2008 16:56:52
by Jean-PierreR-71
Salut,
ben wrote:also ech hun meng fiederen bei mir am garage a bauen geloss..an obwuel mir en neien geo-pont demols kruten war deen neien suabru impreza 06-07 model na net am programm den mechaniens huet mir et dun laut sti model 05 agestallt !!
Ass nët sou wëll, d'Fuerwiekrt ass seit 2005 identesch bis 2007. Awer en classic Impreza an en new age ass wuel eppes aanescht. An en plus, wanns de eppes aanescht freets, sollten se daat schon machen, oder soen, mer machen daat nët.

D'Madame beim Collé war awer esou eierlech, wou ech hier gesoot hun, wei ech den Auto agestallt gären hätt, soot sie mer, ech sollt erangoen an direkt mam Jong schwätzen, daat wier mei sëcher ;-)
ben wrote:dat ganzt mat dem sturz astellen an sou dat hun ech dono reicht vum jp gewour gin.
awa ech fannen dat soss d spuer vun mengem auto top ass en firt neemlech par rapport zu anneren 4x4 richt zb mei r32 deen zit ganz licht no riets...mee bon en 4x4 ass ni 100%...
wei gsot war na net mam subi an engen anneren garage wei bei mir!!!
w
Wees du dann, ob sie den Stuerz, besoneg hannen, richteg astellen kënnen, also och hannen Plateaux'en hun ? An hun se fiir esou Saachen nët eventuell en Forfait Preis ? Well bei deenen aaneren e puer 100€ berappen fannen ech nawell hefteg :-( An fiir nët mol daat ze kreien, waats du gären häss :?

Wier echt cool, wann sech eng serieux Firma geif fannen, dei engem daat och wei ët sech geheiert astellt, och wann ët eben deier kascht (nët dass daat awer elo deier sinn muss 8)).

JP.

Posted: 20/06/2008 17:24:28
by BenD-86
also hun nogefrot dat geet fir hannen anzestellen wahrscheinlech hun ech awer och d gleck bei mir hei 2 mecanicien schaffen ze hun dei (evo-freak an deen anner subi) sech schon domat beschefftegt hun an si soen dat waer null probleem!

dat eenzegt wat ass bei eis net gudd ass kaascht eng stonn aarbecht 65euro htva....

Posted: 20/06/2008 17:30:08
by Jean-PierreR-71
Jo daat ass den standard Preis hei am Land. Wei laang brauchen se dann am Prinzipp ?

JP.

Posted: 20/06/2008 18:31:26
by BenD-86
wees ech net froen den denschten wees just wou ech meng fidderen monteiert kruet haat en 3 stonnen gebraucht dat heescht alles demonteiert alles remonteiert ,probefahrt op den spur-pont an spuer agestallt an dono na eng probefahrt :!: an dat war et :!:

Posted: 20/06/2008 19:32:18
by Jean-PierreR-71
Dann misst jo d'Spuer / Stuerz machen kaum mei wei 1 bis 1/2 Stonn daueren ;-)

Posted: 20/06/2008 21:17:06
by BenD-86
wei gesot ech froen se en meinden an kucken mol wat dat geng kommen?

Posted: 21/06/2008 0:11:57
by Jean-PierreR-71
Super, merci ;-)

Wier villeicht awer nët iwel, wann ech den STi nei keint astellen, vu dass hannen d'Fiederbeen jo aus an nees agebaut gin ass, färten ech, dass hannen riets nët mei richteg ass...

Posted: 22/06/2008 10:03:21
by BenD-86
soen dir en denschten bescheed...

Posted: 17/07/2008 18:56:39
by mako
an wei gesait et aus Ben?