Gewindefuerwierk am STI MY06

Discussions about suspension systems / kits (public)
Discussions à propos des systèmes de suspension (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
mako

Gewindefuerwierk am STI MY06

Post by mako » 21/02/2008 13:34:24

Salut,
wollt mol froen wei dat leeft wann ech mein Gewindefuerwierk well anbauen lossen,
muss ech deenen soen wei deiw ech en well,
well heechen dass ech muss mam Lineal mossen an hinnen dat soen oder wei leeft soueppes?

Un dei die en Fuerwierk drop hun, weivill mm hut dir en vir deiwgeluegt an weivill hannen?

Erfahrungen, tips oder sou...?

Merci
Marc

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 21/02/2008 16:56:24

Salut,

Hmm ... also ech hun eigentlech nët direkt gekuckt, weivill en eroof gangen ass, eischter esou dass en gudd war ;-)

Mengen bei mir misst daat sou ca. -3cm sinn, geif soen fiir -3.5 an hannen -3. Ech haat do awer nach nodreiglech selver Hand ugeluecht, well en war mer "nët gudd, oder präzis genuch" agestallt 8)

Ech hun awer och nach den Stuerz astellen geloos, -1.85° fiir, -1.5° hannen, muss awer kucken, ob daat bei dengem Fuerwierk iwerthaapt geet (hun Domlager drop). An deen Setup ass nët sënnvoll fiir all Dag domat ze fueren, soss laafen deng Pneuen bannen zevill off.

D'Spuer (also den Paralelisme) hun ech fiir op 0 an hannen ganz liicht op. Domat gët den Auto e bessen mei iwersteiernd. Ech wollt daat sou, well ech daat leiwer hun, mä do muss jiddereen no eegemem Gefill daat machen.

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

mako

Post by mako » 21/02/2008 17:33:55

cool merci fir deng aentwerten.
Op dengen fotoen war en awer nach net deiw nee?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 21/02/2008 18:20:23

mako wrote:Op dengen fotoen war en awer nach net deiw nee?
Ähm, den GT dach ;-) Mein STi ass nach Fuerwierkstechnesch original ;-)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 21/02/2008 19:04:21

Salut Mako,

Ech gin mol dovun aus dass TüV op dengem Fuerwierk as, oder?

Wanns du et gär androen wells dann muss du dech natirlech un daat haalen waat op den Pabeieren steht. Meeschtens as daat sou 30-60mm, je nodeem wei een Fuerwierk.

Ech hun op mengem GT een Fuerwierk vun H&R (och mat Pabeieren). Domat leit den Auto mengem ech 40mm mei deif. Ech hun et och androen geloss an sin zenter hier net mei drun freckelen gaangen.

Bisi

mako

Post by mako » 21/02/2008 19:04:58

@ Yank: Ah ok, hun lo geduegt du häs vum STI geschwaat.

@ Bisi: Jop ass mat Tüv.
Ma hat och sou geduegt fir en vir em dei 30 oder 35 mm, an hannen bessen manner dass dat optesch mol gud ausgesait. Ech well en hannen net an der Radkescht hänken hun.

mako

Post by mako » 10/04/2008 21:54:15

Ech fannen dass den STI och mat gewindefuerwierk awer nach zimlech "mell" an den keieren ass.
Wat kann een do nach änneren, erfahrungen, viirschlei....?
Antiliftkit oder sou?

Marc

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 10/04/2008 23:11:46

Also daat ass an sech schon OK, dass d'Fuerwierk nët knëppel ass, well just en Rad waat den Buedem bereiert ass en Rad daat Grip huet !

Wanns de den Auto an der Keier mei "flaach" haalen wëlls, dann muss de aaner Stabien drop machen.

Den engleschen Numm, Anti-Roll-Bar, seet genau aus, woufier dei sinn, nämlech fiir den Body-Roll ze vermeiden, also d'Neigung vum Chassis.

En Anti-Lift-Kit ass fiir ze vermeiden, dass den Auto beim Beschleunegen viir aus der Radkëscht geet, resp. beim Bremsen an d'Radkëscht geet.

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

mako

Post by mako » 03/06/2008 19:48:20

Ech hun d Gewindefuerwierk lo mol bessen eropgedreint.
Dei eicht pour tier geet dat jo ganz gud,
mee dann get et emmer mei schweier ze dreien.

Hun dun mol mat drockloft steps an kleng steng usw eweggemach mee et ass absolut keen plaiseier mei fir do ze verstellen.

Hun och lo pour verschiden heichten well do absolut naicht mei gang ass.
Mee bon, et ass jo net fir lang, dann get en erem erowgesaat an nie mei drun gespillt.

Kann een do naicht dropschmieren dass een dat besser gedreit kritt?
Ausserdem waren pour ankerbungen vun deen dreitelleren (nennen dat mol sou) schon sou gemuerkst dass den Schlessel guernetmei dranpasst.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 03/06/2008 21:06:16

Hmm ... also meint ass sou zimmlech einfach gangen, OK, ët war och knapps e puer Deeg drop.

Proper machen wier sëcher nët verkeiert, an fiir dass ët e bessen besser anzestellen ass, kanns de jo WD40 drop sprëtzen. Wann alles agestallt ass kanns de jo den WD40 mat Bremsenreiniger nees wegmachen...

Mä zum Thema dass den Schlëssel nët mei dran passt, daat ass awer nët normal :? Wou haas du ët schon mei monteieren geloss ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/06/2008 7:50:42

souweit ech wees mengen ech kriss du souguer vun hr mengen en extra gwindereiniger!muss mech mol na emol do schlau maan!
ech hun dat op mengen 206 och mat wd-40 gema dat klappt einwandfrei!!

mako

Post by mako » 05/06/2008 12:09:35

War mer den Spray mol sichen.
wann et den metten net reent dann dreien ech en erem row.
Mol kucken.

mako

Post by mako » 17/07/2008 19:03:35

Sou sin seit langer zait och nees online,
mein Laptop war futti.

Also hat och en gehierlost klappern hannen um Auto, hat op den amortisseur getippt,
mee den Jemp hat recht, et war den endlink vum Stabilisator wou d schrauwen lass waren,
wei bei him och, war beides am selwechten Garage monteiert gin, nee Jemp?
Misst een dem guden Mann mol soen dass dei net richteg ungezunn waren?

Ma wei den Auto am Garage war fir ze kucken wat et keint sin ass eng aner erschreckend noricht komm.
Den amortisseur ass verrascht !!!!!!!!!!!
an dat no knapps 4 meint wou en drop ass.
Hei d foto:

Image

Direkt bei Aerys wou ech kaaf hat nogefrot an reklameiert, dei hun hun Eibach kontakteiert usw.

Hei e-mail:
Hallo Marc,

hier die Antwort von Chefentwickler von Eibach.

Teile mir bitte mit wie wir weiter verfahren wollen/sollen.

Ich werde morgen noch mal bei Eibach anrufen & bescheid geben das die Federbeine (welche genau?) Geräusche machen!

Werde dir dann morgen Abend bescheid geben was dabei rausgekommen ist.




Hallo Alex,

es sieht danach aus, als sei der Gelenkzapfen mit einer chemischen Flüssigkeit in Kontakt gekommen.

Um dies genauer festzustellen muss das Federbein zunächst zu uns eingeschickt werden, wir leiten ihn

dann an KW weiter. Für die Zeit der Überprüfung könnten wir ein neues Federbein gegen Berechnung liefern,

was dann im Anschluss, sofern die Reklamation berechtigt ist bzw. von KW anerkannt wird, gut geschrieben

werden kann. Erfahrungsgemäß kann dieser Prozess schon einige Wochen dauern, von daher stellt sich mir

die Frage, ob man das machen sollte, da die Funktion des Fahrwerks in keinster Weise beeinträchtigt ist.

Für den Fall, dass der Kunde es reklamieren möchte, wende Dich bitte an Herrn Markovic unter

pmarkovic@eibach.de er wird Euch dann einen Retourenschein zukommen lassen und alles Weitere

veranlassen.





Mit freundlichen Grüßen / Best regards



Dirk Maiworm

Product Manager Suspension Technology

and Motorsports




Mit freundlichen Grüßen



Alexander Kelber

Vertriebsleiter
Lo froen ech aerch mol em rod wat dir machen geiwt?
Dei doten ausbauen lossen an se anschecken, hun dei original jo nach, dann geing ech alt eng zait mat deenen fueren,
oder et einfach sou laafen lossen?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 18/07/2008 1:15:05

Ass nach blöd, mä wanns de se aschecks, geif ech effektiv mam originalen Furewierk fueren, soss kann ët jo extra deier gin.

Erstaunlech fannen ech daat awer allemol, mein AST huet deen Problem allemol absolutt nët.

An Eibach benotzt Stoussdäpfer vun KW, daat wusst ech och nach nët ...

Wann awer d'Fuerwierkt einwandfrei funktioneiert, an den Rascht just op deier Seit ass (also uewen, nët um Piston selver), kanns de ët och drop ukommen loossen. Wann se och dann zu engem speideren Zeitpunkt nët lassgin, en Domteller (hun ech jo gewiesselt) kascht ca. 70€ htva, d.h. an schlëmmsten Fall wanns de en aanert Fuerwierk abauen wëlls, kascht dech daat dann 4 deier Telleren mei, dei sinn dann ëmmerhin nei.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply