Fuerwierk fir WRX Kombi

Discussions about suspension systems / kits (public)
Discussions à propos des systèmes de suspension (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Fuerwierk fir WRX Kombi

Post by CedricZ-89 » 03/10/2013 22:54:05

Salut,

Am moment hun ech jo een Eibach Pro Street an mengem 04er WRX. Wei et ausgeseit muss den Amortisseur viir lenks, lues awer secher ausgetosch gin. Bon een Problem as, dass een neirens eenzel Amortisseuren kritt, also muss wuel oder iwwel een komplett Fuerwierk hier. Lo sin ech mer am iwwerleen ob ech mer soll een neit vun Eibach kaafen oder een aanert. Wat as nach sou brauchbares um Maart, hun am daitschen Forum vun vill Problemer mat Bilstein gelies... Oder eventuell een STi-Fuerwierk op den WRX? As dat machbar? Wann ech dann schon alles auserneen rappen, wollt ech een ALK abauen, Stabi'en viir an hannen, woubei hannen verstellbar, an eben dann dei passend Bechsen an Halter och änneren.

Merci fir aer hellef
Cedric

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 07/10/2013 15:20:09

Also ech hun um GT en AST Fuerwierk, daat ass vum fuerereschen hier excellent, awer dei hun oft Problemer mam Simmerrank uewen, an dann "klaacken" se well se klemmen.

Ech fueren nët all Dag domat, an wann ech wees, daß ech en huelen, botzen ech mer den owend viirdurn dei 4 mat Bremsenreiniger an machen mer Teflonspray drop, daat ass dann ca. fiir 1-2 Deeg ok, awer wanns de den Auto all Dag brauch, keng Leisung.

Dobei ass AST och nët grad bëlleg.

STi Fuerwierk ? Villeicht wann ët eent vun engem 04'er ass, ab 05 hun se mei grouss Radlager an sinn demno aanescht.

Ansonsten, gudd Fro ...

ALK and Stabien sinn eng excellent Idee, daat mescht e riesen Ënnerscheed !! ;)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Post by CedricZ-89 » 10/10/2013 23:43:45

Merci fir deng Äntwert JP :wink:

Jo AST, haat ech mer och well iwwerluecht, mee déi sin eben deier. Haat och schon Fuerwierker vun Thein fonnt, mee och deier an weess net wei et do mam SNCT ausgeseit... BC Racing as relativ belleg am Verglach zu aaneren, souguer mat verstellbaren Domlager etc, mee och do as d'Fro mam SNCT an eben d'Qualiteit... Dann bleiwen nach dei üblech Gesellen H&R, KW, Bilstein an Co, mee déi schengen no enger Zeitchen alleguer Problemer mat den Amortisseuren ze kréien :roll: Haat gehofft et kéint mer een nach deen een oder aaneren Geheimtipp gin.
Waat d'STI Fuerwierk ugeet, daat as soueng Idee, unsech as daat jo vun Wierk aus gudd, mat ALK an Stabi souguer richteg gudd, an well WRX an STI jo och net sou weit auserneen leien, wier et sech mol ze iwwerleen. Dat eenzegt wat ech net weess as, wat den SNCT dovun hält an wat sou een STI Fuerwierk dann komplett kascht...

Iwwregens, ech mengen deen Problem mam Simmerrank an deem "klaacken" hun ech och. Mee ech hun och een liicht Spill am Amortisseur wann ech um Pneu rappen an zéihen.

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 04/12/2013 10:59:03

K Sport Fuerwierk!
Es kommt zusammen was zusammen gehört!!
Mike-Subaru!

CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Post by CedricZ-89 » 04/12/2013 21:26:53

Merci Mike, hun mer daat mol ugekuckt. Schengt eng brauchbar alternative ze sin, an se sin souguer an den Domen verstellbar. Wei as hier qualiteit dann sou? Mee hun jo nach bessen Zeit fir ze sichen :wink:

Post Reply