Also ech haat an mengem GT en K&N dran, ass tip top gangen, wärend ca. 70'000km. An dun huet den Auto gehaackelt wanns de eng konstant Vistesse gefuer bass
Den Loftmengenmiesser war dun nämlech "fetteg" ginn, well en esou laang eben Loft gemiess huet, dei duerch den fettegen Filter gangen ass. Do gin microscopesch kleng Drëppsen mat, an dei bleiwen zum Deel op deem Fuedem vum Loftmengenmiesser hänken
Fazit : Den ECU (Steiergerät) kritt falsch Donnéen, an dann stëmmt d'Gemësch nët mei. Wanns de Pesch hues, kann ët bis zum Motorschued kommen !!!
Ech fueren seitdem just nach original Subaru Papeierloftfilter. Souvill brengt daat souweisou nët, daat ass mer den Risiko nët wert. An mat ECUTeK geif ech guer neischt mei esou änneren, zumindest nët ouni eng Upassung vum ECUTeK ze machen, well den Tuning ass un d'Ansaugung ugepasst vum Zeitpunkt vum Tuning !
Zu den Admission directe'n ass ze soen, dass dei am Subby mei kriddeleg ass, wei bei aaneren (nët Turbo) Autoen. Den Problem ass, dass ët just dann OK ass, wann den Filter nët am Motorraum leit, daat geet :
1) mat Kit'en wou den Filter an der Radkëscht leit
2) mat engem speziellen Geheis am Motorraum, daat den Loftfilter vum Motor trennt
De Trick ass, den Motor soll "frësch" Loft kreien, an ënner dem Capot ass leider just warm bis extrem warm Loft.
Fazit :
1) Leeschtungsverloscht ! Well dei warm Loft gët zwar vum Intercooler nees e bessen gekillt, as awer ëmmer mei warm wei mat normaler Ansaugung. An Leeschtung kënnt mat kaaler Loft, well do pro Liter mei Sauerstoff dran ass ! D'Ziel soll sinn, esou kaal Loft ze kreien wei meigelech.
2) Potentiell Motorschued, well den Motor mat ze warmer Loft gefiddert gët, an ëmmer mei warm gët. Ass awer eischter theorie, hun nach neischt esou heieren...
Dobei kënnt, dass d'Filteren vun Admissions directe'n och oft fetteg sinn, also mat Ueleg agesprëzt mussen ginn, also hues de den Problem mam Loftmengenmiesser potentiell do och.
Do muss natierlech jiddereen fiir sech entscheeden wei en wëll, ech bleiwen bei original Filter an Ansaugung, an beschtenfalls gët den Resonator aus der Radkëscht gebaut (ass bei mengem GT den Fall, no 116000km nach ëmmer keen Problem).
JP.